ForumDe Paradox vum Kox: D’Logementspolitik wierft nach ëmmer zevill Froen op

Forum / De Paradox vum Kox: D’Logementspolitik wierft nach ëmmer zevill Froen op
Ouni eng Upassung gëtt de Pacte logement 2.0 ee supplementäre Präisdreiwer, dee fir de Gros vun de Leit d’Wunnen alt erëm eng Kéier méi deier mécht Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Präisser um Lëtzebuerger Immobiliemarché sinn op ee Joer gekuckt ëm 13,6 Prozent explodéiert! Konkret bedeiten dës plakeg Zuelen: Ënnerhuele mir elo näischt, da kascht eng Wunneng, déi haut, am Joer 2021, schonn 1 Millioun Euro kascht, an zéng Joer 2,6 Milliounen Euro! Bei esou Montante géif dann och de Prêt vun der bekannter Lëtzebuerger Bank „Père et Mère“ net méi duergoen, an eis Gesellschaft géif virun enger sozialer Zerräissprouf stoen.

Besonnesch beonrouegend ass, datt d’Wunnengskris eis zanter Joerzéngte begleet an se sech dobäi ëmmer méi zouspëtzt. Vun enger Präishausse vun ëm déi +4 Prozent am Joer 2012 si mir aktuell bei +13,6 Prozent pro Joer. Dëst verlaangt nei Iddien, nei Impulser a virun allem musse mir eis all zesummen, als Gesellschaft, dësem Challenge stellen. Déi aktuell Politik setzt awer op eng Verlängerung vun ale Gesetzer, déi versot hunn an déi elo, opgepäppelt duerch eng legislativ Botoxtherapie, d’Wunnengspräisser abordabel sollen halen – iergendwéi ass et, ewéi wann ee mat zwou eidele Waasserpistoule géif probéieren, ee Bëschbrand ze läschen.

1. Pacte logement 2.0

De Pacte logement gouf 2008 lancéiert. De Staat ass mat verschidde Gemengen ee Kontrakt agaangen, an deem de Staat der Gemeng finanziell Ënnerstëtzung zougeséchert huet, wann der Gemeng hir Awunnerzuel ëm ee gewësse Prozentsaz an d’Luucht geet. Vun den 380 Milliounen Euro, déi de Staat esou un d’Gemengen ausbezuelt huet, si ganzer 2,2 Prozent an d’Baue vu Wunnenge gefloss, de Rescht ass an Infrastrukturaarbechten an de Gemengen investéiert ginn.

D’Zil vum Pacte logement war, d’Offer u Wunnengen an d’Luucht ze setzen an d’Präisser fir d’Bauterrainen ze drécken. Dëst ass net gelongen. Eleng tëschent 2010 an 2019 sinn d’Präisser fir Bauterrainen ëm 83,3 Prozent geklommen. Speziell an de Gemenge ronderëm d’Stad mat de beschten Infrastrukturen, déi de Staat, also mir alleguer, deelweis iwwer de Pacte logement matfinanzéiert huet, sinn d’Terrainspräisser explodéiert, an nëmmen nach ganz wéineg Léit kënnen et sech nach leeschten, an deene Gemengen ze wunnen. De Ministère du Logement schreift selwer: „Force est de constater que le Pacte logement 1.0 a failli“ – an domat huet e Recht.

Am Oktober 2020 huet de Logementsministère elo de sougenannte „Pacte logement 2.0“ op de Wee bruecht, dëst mam Zil: „de réorienter les moyens financiers afin de mieux soutenir le développement de logements abordables, de préférence locatifs et en main publique“. D’Sue ginn elo net méi blannemännerches un d’Gemengen ausbezuelt, mee sinn ofhängeg vun den nei gebaute „logements abordables“ an der Gemeng – aus engem „Pacte d’infrastructure“ gëtt elo also endlech am zweeten Ulaf ee „Pacte logement“.

Niewent dësem Reajustement vun de Finanzstréim ass déi gréissten Ännerung, datt ab dem 1. Januar 2022 bei neie Bauprojete mat iwwer 25 Logementer mindestens 30 Prozent musse „logements abordables“ sinn. Dëst bedeit, datt wann aus enger Kouwiss Bauland gëtt an iwwer 25 Logementer dorop gebaut ginn, de Bauhär 30 Prozent als „logements abordables“ un d’ëffentlech Hand muss ofginn. D’ëffentlech Hand keeft dem Bauhär dës Logementer awer net zum normale Präis of, mee zum Baupräis. Sënn an Zweck ass et heibäi, den Immobiliebesëtz vun der ëffentlecher Hand auszebauen an dobäi d’Käschte fir d’ëffentlech Hand kleng ze halen.

Grondsätzlech ass déi 30 Prozent Ofgab un d’ëffentlech Hand eng gutt Approche! Aktuell hu Staat a Gemengen nëmmen 11 Prozent vum Bauland. Domat sinn si keen Acteur, mee ee klenge Spectateur um Wunnengsmaart. Fir d’Wunnengskris unzegoen, brauche mir awer ëffentlech Acteuren, déi um Wunnengsmaart den Interêt vun der Allgemengheet virun de private Profitinterêt setzen an esou sécherstellen, datt de Wunnengsmaart fir all Bewunner vun dësem Land, an déi, wou et wëlle ginn, accessibel bleift.

De Problem ass, datt déi Ofgab hei agefouert gëtt, ouni sécherzestellen, datt dës net de Wunnengspräis fir d’Allgemengheet weider an d’Luucht dreift. Et brauch een e Mechanismus, dee festleet, datt Profitter, déi net op dëse Logementer kënne realiséiert ginn, op déi aner Wunnengen drop gerechent ginn. Wann de Staat oder d’Gemenge wëlle méi bëlleg u Bauland kommen, da kënne roueg geziilt e puer Kouwisen a Bauland ëmgewandelt ginn an dorop kënnen dann nohalteg, innovativ a sozial duerchmëscht Quartieren entstoen. Datt dëst keng Utopie sinn, beweist d’Stad Wien zanter Joerzéngten. Bei der aktueller Präisentwécklung Ofgaben anzeféieren, ouni sécherzestellen, wat d’Auswierkunge sinn, ass allerdéngs onverantwortlech.

Ouni eng deementspriechend Upassung gëtt de Pacte logement 2.0 ee supplementäre Präisdreiwer, dee fir 30 Prozent vun de Leit, déi d’Chance op e „logement abordable“ hunn, d’Wunne méi bëlleg ka maachen, mee fir déi aner 70 Prozent d’Wunnen alt erëm eng Kéier méi deier mécht. Doriwwer eraus hunn déi 30 Prozent zwar ee „logement abordable“, vun deem si awer ni Besëtzer kënne ginn. Wann d’Familljesituatioun ännert an de Wunnbesoin zou- respektiv ofhëlt, muss een hoffen, datt de Staat oder d’Gemeng eng nei Wunneng fir een huet, ewell fir erëm eng Kéier den Uschloss um private Wunnengsmaart ze kréien, ass extrem schwéier. De Risiko besteet, datt duerch esou Mesuren d’Lëtzebuerger Bevëlkerung definitiv op Generatiounen a Proprietären a Locatairë gespléckt gëtt.

Huet déi nei Versioun vum Pacte logement nach e puer onduerchduecht, mee gutt Usätz, gesäit et bei der Reform vum Mietgesetz ganz anescht aus.

2. Mietgesetz

Den 29. Juli 2020 huet de Logementsminister eng „Refonte“ vum Mietgesetz presentéiert. De maximale Loyer, deen de Proprietär fir ee Logement froen dierf, gëtt bei 5 Prozent vum „Capital investi“, am Reegelfall dem Kafpräis, festgeluecht. Dësen Taux vu 5 Prozent gouf folgendermoosse festgehalen: „opgrond vun Ënnerlagen vun deene veschiddene Finanzinstituter, vu Fachleit ewéi Notairen, Architekten, Proprietairen asw. (…) gouf d’Fro mat deem allergréissten Eescht studéiert. An deenen Ënnerlagen si verschidde Meenungen zum Ausdrock komm. Et waren der, déi gemengt hunn, de Prozentsaz misst 6,5 Prozent sinn, anerer hu gemengt, 6-6,25 Prozent géife genügen (…) D’Zentralsektioun ass schliisslech zum Schluss komm, dass 5 Prozent als Maximum missten ugesi ginn“, esou erkläert et den Deputéierte a Rapporter vum Gesetz Pierre Gansen – am Joer 1955!

Bal 70 Joer méi spéit gëtt dëse Prozentsaz einfach, mir näischt dir näischt, an dat neit Mietgesetz iwwerholl. Als eenzeg Erklärung steet am Projet de loi: „Il est utile de maintenir la règle du plafond du loyer annuel fixé à 5% du capital investi.“ Firwat dat utile soll sinn, bleift dobäi komplett schleierhaft.

1955 gouf de Prozentsaz opgrond vun den Zënssätz op Lëtzebuerger Staatsobligatioune festgeluecht. Deemools waren déi Zënssätz bei 4 bis 5 Prozent, haut sinn se bei -0,045 Prozent. Ausserdeem war een deemools der Meenung, datt dat „Geld, dat an Haiserbauten investéiert ass, dach méi oder wéineger e feste bestännege Wäert duerstellt“. Haut, bei +13,6 Prozent Wäertsteigerung op Immobilie pro Joer, kann ee wuel kaum nach vun engem „bestännege Wäert“ schwätzen.

De Wunnengsmaart an d’Ekonomie am Joer 2021 sinn net méi mat där vun 1955 ze vergläichen. Déi réckstänneg an aktuell onjustifizéiert 5 Prozent Barrière kann duerfir haut net méi als Orientatioun fir de maximale Loyer dengen. An enger anstänneger Analyse muss dës nei festgeluecht ginn; alles aneschters ass keng „Refonte“, mee legislativ Kaffissazlieserei!

3. Néi Iddien

D’Häre Giorgetti, Hentgen a Frieden hunn am „RTL Background“ gesot, datt den Haaptproblem vun eiser Wunnengskris zu Lëtzebuerg déi laang Prozedure sinn.

An Holland gëlt bei Bauanträg Folgendes: Et informéiert een d’Autoritéiten, datt ee wëll op sengem Bauland bauen, wann een no sechs Wochen näischt vun den Autoritéiten héieren huet, da gëtt gebaut! Domat gëtt gesot, datt op engem Bauterrain grondsätzlech gebaut ka ginn, ausser et besti justifizéiert Awänn. Zu Lëtzebuerg ass de Grondsaz een aneren: Grondsätzlech däerf op engem Bauterrain net gebaut ginn, ausser de Bauhär kritt all d’Autorisatiounen zesummen. Dat waarden op d’Autorisatioune kascht Geld an Zäit, Käschten, déi alt erëm op déi schlussendlech Bewunner ofgewälzt ginn. Beim aktuell grousse Baubedarf däerf keng Zäit méi verluer goen. Duerch esou een Ëmdenke beim Autorisatiounsprozess kann ee relativ schnell an ouni grouss Käschten d’Prozedur acceleréieren. Domat bestinn dann och keng prozedural Excusen méi, fir op engem Bauterrain näischt ze bauen.

Parallel muss d’Spekuléiere mam Bauland iwwert d’Grondsteier endlech onattraktiv gemaach ginn. Selbstverständlech soll et ee Fräibetrag ginn, fir Terrainen, déi ee fir Familljememberen en Reserve hält. Mee déi Leit, déi hire Bauterrain einfach brooch léie loossen, musse besteiert ginn! De Steiersaz muss dem Wäertzouwuess vum Terrain pro Joer entspriechen, an dëse louch bei +7 Prozent, wann een d’Plus-value um Bauland an de Joren 2010-2019 am Kapp huet.

Selbstverständlech soll een iwwer innovativ Approchen diskutéieren an net mordikus besteieren, fir ze besteieren. Et kéint een deene betraffene Leit zum Beispill de Choix loossen tëschent: iwwert d’Grondsteier 7 Prozent pro Joer vum Wäert vum Bauterrain un d’Allgemengheet ofginn oder der Allgemengheet, also dem Staat, de Gemengen oder aneren Acteuren, autoriséieren, eng mobile Konstruktioun um Terrain opzeriichten, an där Leit kënnen zu engem faire Präis wunnen, esou wéi dat vun der Architektin Nora Hammelmann am Paperjam ugeduecht ginn ass!

Mir mussen och endlech dofir suergen, datt Leit, déi op der Sich no engem Doheem sinn, um Lëtzebuerger Wunnengsmaart Virfaart hunn! D’Demande besteet aus Leit, déi op der Sich no enger Wunneng fir hir Famill sinn, an aus Leit, déi op der Sich no enger Investitiounsméiglechkeet sinn, fir aus 5 Millioune Verméigen 6 Millioune Verméigen ze maachen. Wa mir deenen Investisseuren dëst erlaben, et fir Familljen awer ëmmer méi schwéier gëtt, hei zu Lëtzebuerg eng ugepasste Wunneng ze fannen, jo dann hu mer ee fundamentale Problem.

Déi international Demande musse mir bremsen, fir eis Immobiliepräisser kënnen ze stabiliséieren. Eng Piste kéint heibäi eng Lëtzebuerger Lex Koller sinn, déi sécherstelle géif, datt d’Wunnenge keng reng Spekulatiounsobjete sinn. Ewéi an der Schwäiz géif dëst Gesetz den Ukaf vun Immobilien a Bauterrainen duerch auslännesch (net europäesch) Investisseuren just ënner ganz limitéierte Konditiounen zouloossen an domat deen internationalen Drock op eisen Immobiliemarché bremsen.

Grondleeënd muss och endlech méi Collaboratioun tëschent der ëffentlecher Hand, dem Staat, de Gemengen, hire jeeweilege Logementsgesellschaften „Fonds du logement“, SNHBM etc., an dem Privatsecteur entstoen. D’ëffentlech Hand kann d’Wunnengskris net eleng léisen, a fir den Ekonomiestanduert Lëtzebuerg ginn d’Wunnkäschten ëmmer méi ee Wettbewerbsnodeel, duerfir ass et un der Zäit, zesummen dës Wunnengskris unzegoen!

D’Argument, datt zu London a Paräis d’Wunnengspräisser och héich sinn, kann een net duerchgoe loossen, well, wéi sot de Premierminister Jean-Claude Juncker 2006: „Datt d’Bauen an d’Wunnen zu Lëtzebuerg méi deier ass wéi zu Paräis a wéi zu London weist, datt mer se net méi alleguer hunn“ – op esou kloer Aussoen a puncto Wunnengskris waart een nach ëmmer vum Här Juncker sengem Nofollger.

D’Entwécklung vun den Immobiliepräisser ass keng Naturgewalt, géint déi een näischt ka maachen. Mir kënnen all eppes ënnerhuelen. E gudden Ufank ass, muer um 15.00 Auer op d’Stater Gare ze kommen a gemeinsam fir ee Recht op Wunnen ze demonstréieren.

D’Fro, déi sech muer vill Demonstrante wäerten a puncto Logementspolitik stellen, huet ee gewëssenen Deputéierten Henri Kox schonn 2006 opgeworf:

„À quand l’action?“

M. Kox?

* De Max Leners ass Afekot, Aktivist a Member am „Comité directeur“ vun der LSAP

Grondleeënd muss méi Collaboratioun tëschent der ëffentlecher Hand, dem Staat, de Gemengen, hire jeeweilege Logementsgesellschaften, an dem Privatsecteur entstoen 
Grondleeënd muss méi Collaboratioun tëschent der ëffentlecher Hand, dem Staat, de Gemengen, hire jeeweilege Logementsgesellschaften, an dem Privatsecteur entstoen  Foto: Editpress/Hervé Montaigu
Pierre Wollscheid
29. März 2021 - 10.11

Ma LSAP ass schon 40 Joer an der Regierung ann et ass nescht geschitt esou de Bokassa huet versott wollt dat Jo selwer an Hand huelen An huet no 1 Joer dem Journaliste geäntwert hin hät an der Wouningsfro versott

Cornichon
29. März 2021 - 0.29

De Problem ass dass a ganz Europa d'Wunnengen an der Hand vun puer Prozent vun der Bevölkerung sinn, wat eng total Frechheet ass. An 500 Joer hu mer 5 % Propriétairen an 95 % Locatairen déi denen 5 % hier Akommes secheren. An dat bescht ass, virun denen Propriétairen (och hautdesdags) brauch een guer keen Respekt ze hunn, well se schafen guer keng Plus-Value fir d'Land. Se sollen Entreprisen grennen amplaz a Wunnengen ze investéieren. Wéi wär et eigentlech mat der Idee dass jiddereen deen hei am Land eppes keeft mol mist e Sproochentest am Letzebuergeschen ofschléissen? Géif dat net déi auslännesch Spekulatioun stoppen?

Emile
28. März 2021 - 20.29

Jemp. Dir hut recht, mee passt mol op wann dann och nach en Gielen Milan mol laanscht geflunn ass oder eng Flantermaus. Ech kann iech nëmmen soen, et get héich Zéit datt d'LSAP mol an d'Regierung kënt.

Jemp
26. März 2021 - 10.01

17% TVA um Bau vun enger Wunneng an 8% Aktsteier, da wesse mer genau wien vun den héigen Wunnengspräisser profitéiert: Nämlech genau dee Staat, dee behapt, sech all méiglech Méi ze ginn, fir dWunnpräisser ze drécken an de Wunnéngsbau ze förderen. A wanns de net gees!

Stiwi
26. März 2021 - 7.14

Der Ausbau in die Höhe und erschwingliche Miet- und schnell auch Kaufpreise sind Programm. Um die Finanzierung vollständig zu kontrollieren kauft die Singapurer Regierung systematisch Land auf. Auch der Bau bleibt unter staatlicher Aufsicht.