Sonntag9. November 2025

Demaart De Maart

L’envers du décor„Da ka jo elo jidderee Kënschtler ginn!“ – den zweeten Deel vun der neier Série vum Serge Tonnar

L’envers du décor / „Da ka jo elo jidderee Kënschtler ginn!“ – den zweeten Deel vun der neier Série vum Serge Tonnar
 Illustratioun: Tageblatt/Kim Kieffer

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Jänni (23 Joer, Musikerin):

Moien, mäin Numm ass Jänni an ech wëll Kënschtlerin ginn. Sou richteg, mat ugemellt a Statut an esou. Also, bis elo war et méi en Hobby, mee ech wëll et gär eescht maachen. Ech si bereet, op de klassesche Wee an der Aarbechtswelt ze verzichten, fir mengem Häerzblutt nozegoen. Wat muss ech do maachen?

Kultur mat groussem K:

Moien, léift Jänni. Elo mol schéi lues!

Wéi seet de Poutty Stein dach sou richteg:

Plangs d’och nach ’sou vill an denger Nout,

een nom an’ren, d’ass Beamtemoud.

Fir d’éischt muss Du wëssen, dass ënnert all de Mënschen, déi vun der Kultur liewen, déi, déi d’Kultur maachen, och déi sinn, déi am schlechtsten dovu liewen. D’Kënschtler stinn um ënneschte Sprass vun der Leeder, a mir maachen alles, fir dass dat sou bleift: keng fest Kontrakter, ënnerbezuelten Opträg, d’Soziallaaschten um eegene Bockel an e Statut, dee guer keen ass.

An der Konscht ass et jo esou, dass een ëmmer Perioden huet, wou een eppes verdéngt (wann ee Concerte spille geet), an anerer, wou näischt an d’Keess kënnt (wann een un neie Lidder schafft). Dësen Op an Of gehéiert zum Beruff, an eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir Dech wäert et sinn, déi Dréchenten z’iwwerbrécken. Dofir misst Du Dir eng Mouk op d’Säit leeën, ma Du wäerts esou wéineg verdéngen, dass et dofir net duergeet. Fir do eng Hand unzepaken hu mir, an eiser Gnod, Enn vun den Nonzegerjoren de Statut vum artiste indépendant professionnel an dee vum intermittent du spectacle agefouert, mat der Méiglechkeet, eng finanziell Hëllef ze kréien. Dat éischt ass de Kënschtler, dee ganz op sech schafft a kee Patron huet, wéi e Moler. Dat zweet ass de Konschtschaffert, deen op Opträg schafft an de Patron stänneg wiesselt, wéi e Schauspiller. Och hie kann elo Hëllefen ufroen, fir déi Zäiten, wou keen Optrag do ass.

Et koumen awer ganz séier Reaktioune vu Mësstrauen an Ongonscht aus dem Vollek. „Da ka jo elo jidderee Kënschtler ginn!“ Dat war de Credo an d’Politik, déi jo d’Heemecht vun de Fäerteesch ass, huet misste berouegen a mir hunn eng ganz Partie Schikanen agebaut, fir dass net Jänni a Männi sech vun haut op muer Artist nenne kann.

Jänni:

Wéi wann d’Lëtzebuerger vun haut op muer hire gutt bezuelten Job beim Staat géifen opginn, fir Kënschtler ze ginn! Kënschtler gëtt een dach net, fir eng roueg Klatz ze drécken. Et „gëtt“ een et a Wierklechkeet iwwerhaapt net, et ass een et oder et ass een et net, dat ass net wierklech e Choix, ob mat oder ouni Statut.

Kultur mat groussem K:

Dat ka sinn, ma well et an de Ministèren net Usus ass, fir eppes a Fro ze stellen, wat etabléiert ass, wenne mir déi „Statuten“ haut nach un, mam Basisprinzip vum Mësstraue géintiwwer de Betraffenen. Et fënnt een déi Approche a praktesch allen Demarchen erëm, déi s Du ënnerhuele muss, fir unerkannt ze ginn, fir un e puer Su ze kommen oder fir iwwerhaapt däerfen ze schaffen. Mir wëllen déi ugoend Kënschtler éischter decouragéieren, well si jo och keng wirtschaftlech Plus-value fir eist Land sinn.

Jänni:

Mir sou laang wéi breet! Wéi kann ech trotzdeem de Statut als Kënschtler unerkannt kréien?

Kultur mat groussem K:

Wann s Du Dech artiste indépendant wëlls nennen, muss Du mol beweisen, dass Du schonn zwee Joer als Independant geschafft hues an ugemellt bass, iers Du iwwerhaapt an de Genoss vun enger Hëllef kanns kommen. Ausser Du bass diploméiert, da kann déi Period iwwerspronge ginn. Da muss Du en Dossier am Ministère erareechen, an eng Kommissioun vu Beamten a Kulturschafenden entscheet, ob s Du wierdeg bass, an de Genoss vum Statut ze kommen.

Jänni:

Dat heescht, ier et iwwerhaapt lassgeet, kritt ee schonn e Koup Steng an de Wee geheit! Éierlech, wann een zwee Joer als Independant mat senger Konscht iwwerlieft huet, wou een d’Selwecht taxéiert gëtt wéi en Dokter oder en Affekot, da bréicht ee scho bal keng Hëllef vum Staat méi! Grad déi éischt Jore sinn dach déi schwéierst. A fir an der Konscht en Ënnerscheed tëscht Diploméiert an Autodidakt ze maachen, ass Onsënn, Talent kann net net no engem Diplom beurteelt ginn, an et privilegiéiert een sou niewebäi déi, déi scho privilegiéiert sinn. A firwat kritt een direkt eng ganz Kommissioun vu Virgesetzten dohigesat, déi den Daum erop- oder erofhalen, wann een dach grad fräi an onofhängeg wëll ginn?

Kultur mat groussem K:

Et ass wéi et ass, Jänni. A vergiess net, dass een all zwee Joer nees muss ugekroch kommen a beweisen, dass een och schéi brav geschafft huet, fir de Statut verlängert ze kréien. Et kann een zu all Ament nees degradéiert ginn!

Jänni:

Gëtt et eng aner Beruffsspart, wou een sou eng erniddregend Demarche muss maachen? Net denkbar beim Bäcker, beim Bankdirekter oder beim Fonctionnaire, deen sech dat ausgeduecht huet! A wéi ass et beim intermittent du spectacle?

Kultur mat groussem K:

Do hu mer déi scho bal genial Schikan vum carnet d’intermittence agefouert. Dat ass tatsächlech e richtege Carnet, mat Fuschpabeier tëscht de Säiten, mat deem de Kënschtler bei all seng Employeure lafe muss, déi dann ënnerschreiwen, dass hien och wierklech geschafft huet. Wann eng gewëssen Unzuel vu Stonnen net erreecht gëtt, ass et finito.

Jänni:

Och hei gëtt een also krass op d’Plaz gesat: Du bass dat leschte Riedchen an der Maschinn a kriss dat fir all geschaffte Stonn ze spieren. U sech misst et dach de Patron sinn, dee selwer jo meeschtens e feste Job mat enger fester Pai huet, deen sou Prozeduren a Formalitéiten ze reegelen hätt. Muss dee sech u guer keng Reegelen halen?

Kultur mat groussem K:

A nee, net an der Konscht! Et gëtt och keng richteg Kontrakter, de Kënschtler muss, nieft dem Anhale vu Prozeduren, déi beweisen, dass en och wierklech schafft, all seng Soziallaaschten a Steiere selwer bezuelen, als „Onofhängegen“.

Jänni:

Trotzdeem gëtt verlaangt, dass hien zu bestëmmte Stonnen op bestëmmte Plaze schaffe geet, et ass also eng falsch Indépendance an et misst een u sech e gereegelten Aarbechtskontrakt hunn.

Kultur mat groussem K:

Sorry Jänni, ma déi Ausbeutung ass d’Norm, mam Seege vum Ministère a senge Kommissiounen. Geséchert Plaze gëtt et vill an der Kultur, just net fir déi, déi d’Kultur maachen. Et gëtt iwwerhaapt keng Méiglechkeet, als Kënschtler e feste Kontrakt ze hunn, a well dee Fall och a kengem Text virgesinn ass, wäert et och sou bleiwen. An et schéngt, dass jidderee sech domat offonnt huet. Et gëtt wuel hei an do emol gepléischtert, ma weder mir nach déi Betraffe selwer stellen de System u sech a Fro.

Jänni:

Abee, ech stellen en a Fro! Ech wëll net déi Gesellschaft, déi sou mann wéi méiglech Kënschtler a senger Mëtt wëllt hunn. An de leschten 20 Joer sinn immens vill jonk Talenter opgedaucht, ma grad si gi mat deem System ganz séier decouragéiert a geheien no e puer Joer d’Béngele bei d’Tromm. Dobäi sinn si et, déi spannend Inhalter fir eis Kultur schafe kéinten, an dee Verloscht ass e groussen Defizit fir eis Kultur, an domat fir eis Identitéit. Vill Stëmme verschwanne kuerz nodeems een se eréischt wouergeholl hat. Iwwerdeems déi Leit, déi dofir verantwortlech sinn, bis zu hirer Pensioun op hirem Poste bleiwen a sech mol net bewosst sinn, dass et hir Aarbecht wär, déi Stëmmen um Liewen ze halen.

Misst et net esou sinn, dass d’Grondastellung eng vum Vertraue wär? Dass ee mat engem Vertrauenskapital ufänkt, an da weise kann, dass een dat och verdéngt huet? Sou kéint een déi verschidde Statute vu vir eran all Demandeur accordéieren, ouni Conditiounen, an och direkt sozial Hëllefe ginn, besonnesch an den Ufanksjoren. No enger Zäit kéint een e Bilan maachen, nodeems een d’Chance krut, sech ze beweisen. Hätte mer dann net méi e gerechte System an eng Kultur, déi de grousse K och verdéngt hätt?

Kultur mat groussem K:

Hätten an haten sinn zwee aarmer Staaten, Jänni. Bonne Chance awer, a vill Courage, gedu!

Fräns
4. Juni 2025 - 10.54

Jo, jidderee ka Kënschtler gin. Z.B. et hëllt een en Zeecheblât a pëcht eng Banane mat Isoléierband dorop fest. A schon ass et geschitt.

Fraigeescht
4. Juni 2025 - 8.08

Ech bezweifelen absolut nët, dat d'Unerkennung als fraischaffendE KënschtlerIn e parcours du combattant ass. Et sen awer nët eleng KënschtlerInnen, déi vun der Prekaritéit betraff sen, mä och fraischaffend Intellektueller, zu denen, niewt SozialwëssenschaftlerInnen och SchrëftstellerInnen Freelance JournalistInne gehéiren, fir déi vru ville Joren mol de Statut vum travailleur intellectuel indépendant agefouert gouf, deen awer just eng gesetzlech Grondlaag fir hier Aktivitéit geschaaf huet, ouni iergendwelch Usprëch, z.B., am Fall vu Chômage, vun enger Pensioun guer nët ze schwätzen. Obwuel dës Leit, mat hierer Aarbescht, grad wéi KënschtlerInnen e wichtege Baitraag zum gesellschaftleche Liewen leeschten, gët de Wärt vun hierer Aarbescht nët unerkannt. D'Réflexion em de Stauts vun sougenannten Kunstschaffenden misst also méi wait goen an och dës Leit eng Liewensgrondlaag gin.

Hottua Robert
4. Juni 2025 - 2.49

>(…) Et gëtt wuel hei an do emol gepléischtert, ma weder mir nach déi Betraffe selwer stellen de System u sech a Fro (…)
Das vom unfehlbaren päpstlichen "LuxemburgerWort" ab 1848 geforderte und geförderte ehrwürdige, traditionelle, patriotische Mindset (Einstellung) unterliegt der Transgenerationalität, d.h. der dumpf vor sich hinköchelnden, stagnierenden oder allenfalls geringfügige Entwicklung und Veränderung zulassenden Mentalität über Generationen hinweg.
MfG, Robert Hottua

C Schneider
3. Juni 2025 - 20.05

D‘Fro ass, ass d‘Kultur kultivéiert? … oder besteet se just aus Beton, Verwaltungsréit, Direkteren a Sous-Direkteren? Wéi de Poutty Stein hätt kënne soen, Kultur ass dat wat bleift.