frEsch geet schlussendlech juristesch géint Richtung22 vir. Domat stitt dir, d’Directrice vum Escher Theater, d’Directrice vum Escher Kulturservice an den Direkter vun der Kufa, eis geschwënn an engem Geriichtsprozess géigeniwwer. Als Membere vum Verwaltungsrot vu frEsch wëllt dir e Konschtkollektiv op d’Strooss setzen, ouni Alternativ. Wat dat fir ee Bild an Zäite vun autoritärer Repressioun géint d’Zivilgesellschaft ass, brauche mir iech net z’erklären.
Iech ass bewosst, dass d’Virgoe géint eise Grupp politesch motivéiert ass. Zanter dräi Joer kritiséiert Richtung22 oppen d’Politik vum Escher Schäffe a frEsch-President Pim Knaff. Heiansdo maache mir dat méi subtil, z.B. mam Film „Gosstown“, iwwer de Versuch, Esch zu enger zweeter, glatpoléierter Luxembourg-City ze entwéckelen. Heiansdo si mir manner subtil, wéi mam Banner „Ceci n’est pas une pub électorale, Pim“ um Bâtiment 4. Eis Kritik wor ëmmer fundéiert an ni perséinlech. Diskussiounen, Widdersproch a kritescht Hannerfroen bréngen eng Stad weider, oder? D’Entscheedung, eis rauszegeheien, gouf am Verwaltungsrot awer ouni Diskussioun getraff. D’Grënn, fir eis rauszegeheien, déi iech de frEsch-Direkter Loïc Clairet virgeluecht huet, goufe weder iwwerpréift nach goufen se eis matgedeelt, fir dass mir drop hätten reagéiere kënnen. Innerhalb vu frEsch gouf sech awer iwwer den „Toun“ an de „Stil“ vu Richtung22 opgereegt, eis Bréiwer wiere frech. An da gouf am Verwaltungsrot och nach iwwer déi onfair Press lamentéiert, déi frEsch kritiséiere géif.
Kloer, verschidde Leit kënne besser mat Kritik ëmgoe wéi anerer. 2022 huet eis den deemolege Buergermeeschter Georges Mischo e rosene Bréif geschéckt: D’Affichë vun eisem Theaterstéck „Esch ass dout“ géifen ee schlecht Image vun Esch vermëttelen. Dowéinst misst hien eis wéinst Degradatioun op d’Geriicht huelen. Verhënnert huet dat d’Directrice vun Esch2022, d’Nancy Braun. An dat, obwuel mir bei all Geleeënheet de Geck mat hirer Kulturhaaptstad gemaach an eng Schauspillerin mat enger Nancy-Braun-Parréck duerch d’Stad geschéckt hunn, fir Sponsoren ze sichen. Wat d’Nancy Braun gesinn huet: Och Richtung22 ass en Deel vun Esch2022. Op eis eegen Aart a Weis engagéiere mir eis fir Esch, an dat mat Succès. Mir hunn ee Projet nom aneren ëmgesat, d’Blécker op Esch gezunn, vill jonk Leit iwwerzeegt, heihinner ze kommen, an zesumme mat anere Kollektiver Energie fräigesat. Mir hunn un Esch als „terre d’accueil pour les créatif∙ve∙s“ gegleeft, wéi se mam vill zitéierten, awer seele geliesenen Escher Kulturplang erreecht gi sollt.
CELL, Bunker an Noc.turn erausgeschmass
2022 wor de Bâtiment 4 voller Liewen. Net wéinst frEsch, mee grad well frEsch zum Gléck dee Moment keng Zäit hat. Hei virum Bâtiment 4 huet CELL ee Gemeinschaftsgaart an eng Open-Air-Bün opgebaut. D’Projete Bunker an Noc.turn hunn d’Studéierender vun der uni.lu an de Bâtiment 4 gezunn an d’Subkultur vun Esch mat där vun anere Stied verknäppt. E Kollektiv vun Associatiounen huet d’Gebai renovéiert, miwweléiert a geréiert. Mee schonns Enn 2022 huet de Pim Knaff decidéiert, dass vun Esch2022 am Fong just de Festival Francofolies an d’Konschthal iwwregbleiwe sollen. Am Februar 2023 huet frEsch d’Autogestioun vum Bâtiment 4 beend. Am Mee sinn CELL, Bunker an Noc.turn erausgeschmass ginn. Anerer si vum selwe gaangen, well hier Projeten net méi finanzéiert goufen. Et huet just e puer Méint gedauert, du wor de Projet Bâtiment 4 gescheitert a stoung gréisstendeels eidel. Bis haut.
Carole a René, dir souzt wärenddeems am Verwaltungsrot – a krut näischt mat? Ausser dass een Ugestallte vu frEsch sech bei iech fir d’Verbrenne vum Banner vu Richtung22 entschëllegt huet. Josée, du souz am Kulturministère a wors beonrouegt iwwert e Video, an deem d’Virgoe vu frEsch géint d’Leit vun Noc.turn dokumentéiert gouf. A mir, Richtung22, hunn zu Esch protestéiert. Erausgeheit huet de Pim Knaff eis dee Moment net, aus Angscht virum Backlash virun de Gemengewalen. Mee d’Grënn, déi frEsch haut fir eis Expulsioun nennt, ginn op de Mee 2023 zeréck. Richtung22 hätt deemools géint d’Hausreegele vum Bâtiment 4 verstouss. Josée, du als eemoleg kriteschst Stëmm vun der Lëtzebuerger Press, bass du mol op d’Iddi komm, no deenen Hausreegelen ze froen? An deen onofhängege Rapport iwwer d’Tiers-Lieuxen, deen am Abrëll 2023 hätt erschénge sollen, mee deen däi Virgänger am Tirang verschwanne gelooss huet, hues du do mol dragekuckt? Carole, mat dir hu mir méi wéi eng Kéier telefonéiert. Dir ass absolut bewosst, dass d’Grënn, déi géint eis virgeluecht goufen, zumindest fragwürdeg sinn. Wat hues du ënnerholl, fir hei opzeklären, fir ze vermëttelen? A René, du hues bei deene meeschte wichtege Reunioune vum frEsch-Verwaltungsrot gefeelt, wéi stees du am Fong zu där Entscheedung, ënnert där elo och däin Numm steet?
Mir mengen, dass dir dräi eis Situatioun relativ gutt aschätze kënnt. Versetzt iech mol an eis Lag. Wat bedeit et, ee Konscht-Grupp mat 40 aktive Memberen, dovunner 4 Ugestallter an 10 Freelancer, aus dräi Aarbechtsräim voller Bünendeeler, Kostümer, Theaterluuchten, Bicher, Faarf an techneschem Geschier ouni Alternativ op d’Strooss ze setzen? Et bedeit, dass Projeten zerstéiert ginn, et bedeit Drock, Stress, Ängscht. Et bedeit, dass dir Richtung22 an eng existenziell Kris geheit, dir eis mam Réck un d’Wand stellt. Mir gi fest dovunner aus, dass dir iech net bewosst un engem Triage bedeelege wéilt, fir ze entscheeden, wéi eng Konscht zu Esch liewe gelooss gëtt a wéi eng net. Mee et ass genee dat, wat grad och an ärem Numm geschitt.
Mir sinn enttäuscht, well dir d’Aen zoumaacht. Mir sinn enttäuscht, well dir iech verkraucht an hofft, dass mir iergendwann einfach verschwonne sinn. Mir sinn enttäuscht, well dir an engem Gremium matspillt, an deem et eben net ëm Kulturpolitik geet, mee ëm déi bescht Aart a Weis, Suen a Verantwortung un de Loïc Clairet ofzeginn. Wou sinn är Prinzippien, wou äre Courage, wou är Solidaritéit? Dir gehéiert zu deenen aflossräichste Leit an der Escher Kulturwelt. René, du bass den Direkter vun der Kufa, engem Gebai, dat sech seng Geschicht als eemolege Squat op de Fändel schreift. Carole, du stees fir engagéierten Theater, du hues d’Aspro matgegrënnt, fir d’Interesse vu Kënschtlerinnen a Kënschtler ze verdeedegen. Josée, du hues dech an dengen Artikelen ëmmer géint déi Mächteg opgeleent, ze hannerfroe wor däi Beruff. Wat ass lass mat iech?
Lo soll de Verwaltungsrot vu frEsch reforméiert ginn. Fir d’Politik virun zevill schlechter Press ze schützen, wéi de Loïc Clairet bei der Presentatioun sot, ginn d’Parteien an een anert Gremium geréckelt. De Verwaltungsrot soll an Zukunft just nach aus Gemengenugestallten a Leit aus der Escher Kulturwelt bestoen. D’Gemeng behält d’Majoritéit an de Schäffen Pim Knaff sou d’Kontroll. Mee an der Praxis heescht dat, dass d’Politikerinnen a Politiker, déi Richtung22 bekämpfen, hiert Gesiicht net weise mussen, wa frEsch géint eis op d’Geriicht geet. Mee dir.
Dat gëtt iech awer och, souguer nach méi wéi virdrunner, d’Méiglechkeet, d’Eskalatioun ze beenden. Also sot eis: Gesi mir eis, fir ze schwätzen? Oder gesi mir eis um Geriicht?
*Richtung22 ass e Konschtkollektiv a säit 2021 am Bâtiment 4 zu Esch
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können