Hien huet mär erzielt, datt hien, erëm zeréck doheem, zesumme mat der Famill déi gehaassten Uniform am Uewen zu Kielen verbrannt huet. Den Aimé, deen an de sechzeger Joeren eise Sportsproff am LGE war, huet sech séi Liewe laang dem Albert Ungeheuer zu Dank verpflicht gefillt, well ouni seng Hëllef hätt hien, grad ewéi ganz vill anerer, et schwéier gehat, heel durchzekommen. En huet sech sengem „Bienfaiteur“ ëmsou méi an der Schold gefillt, wann ee weess, datt den Albert Ungeheuer grad ewéi de Loutrenger Marcel Meyer hiert couragéiert Engagement zugonschte vun de Refraktäre mat hirem Liewen hu bezuele missen, wéi se den 19. Mee 1944 um Struthof erschoss goufen.
Aus deem Grond huet den Aimé sech geschwuer an als seng Pflicht empfonnt, d’Erënnerung un den Albert Ungeheuer a säi Wierk fir déi kommend Generatiounen oprechtzerhalen, andeems hien zesumme mat e puer Gläichgesënnter d’„Amicale Albert Ungeheuer“ gegrënnt huet. D’Amicale, déi säit sengem altersbedéngte Récktrëtt am Ralenti dréint, huet an all deene Joeren op deem Gebitt gutt Aarbecht geleescht, woubäi den Aimé ëmmer erëm beharrlech drop bestanen huet, fir souwuel an de Sitzunge respektiv bei öffentlechen Optrëtter genau wéi an senge Bicher drop hinzeweisen, datt d’Méiglechkeet bestanen huet – wann och net fir jiddereen an a jidder Situatioun –, fir sech der Rekrutéierung an der Wehrmacht ze entzéien, andeems een sech verstoppt huet oder an den aktive Widderstand gaang ass. Mat déier Ausso, déi an a fir sech absolut stëmmt, mais dem fuerchtbaren Dilemma, mat deem d’Jonge konfrontéiert waren, net genuch Rechnung dréit, ass hien net iwwerall, virun allem bei deenen „Enrôlés de force“, déi sech näischt zescholde komme gelooss haten, gutt ukomm.
Och verschidden, ënnertenaner zerstridde Resistenzbeweegungen hunn him net alles guttgehal, a jidderee wollt zu Recht oder Onrecht méi „vaillant“ gewiescht sinn wéi déi aner …
Iwwert d’Sträng geschloen
Et stëmmt schonn, datt den Aimé mat Momenter iwwert d’Sträng geschloen huet, an een hien hautesdaags als politesch onkorrekte „Preisefrësser“ huet misse bremsen, wann hien net midd gouf, géint déi progressiv Verdäitschung vu Sprooch a Land ze wiederen. Déck sauer war hien doriwwer, datt säi Virschlag, dem Albert Ungeheuer ee Bréifkapp ze widmen, op daf Ouere gestouss ass. Ma och wann hie munchmol ze virulent a ganz a guer net diplomatesch virgaang ass, wat senger „juste cause“ net ëmmer entgéintkoum, huet den Aimé fir säin onermiddlechen Asaz an senger Roll als „passeur de mémoire“ ee groussen, mir géife bal gär soen en ongeheier grousse Meritt op deem Plang an dofir eisen déifste Respekt verdingt.
Ze vill Divergenzen
Wéi dee neie „Comité pour la mémoire de la deuxième guerre mondiale“ vun uewen erof improviséiert ginn ass, war de Kneppesch Aimé scho leider ganz vill al a physesch wéi och geeschteg liicht diminuéiert, hie gouf iwwerdubbert a mär hunn him ofgesinn, datt hien net onbedingt dofir war, fir mat senge Refraktären an deem „melting pot“ ze figuréieren an sech do unzeschléissen. Am Virfeld sot hie mär eng Kéier, datt et ëmmer nach ze vill Divergenzen an Ressentimenter géife ginn, fir datt esou eng forcéiert, onnuancéiert an zesummegewierfelt Associatioun kéint funktionéieren an doduerch wuel e fromme Wonsch bleiwen dierft …
Den Aimé war et, deen all Joer, elo Enn Januar, zesumme mat senge Comitésleit d’Initiativ ergraff hat, fir all Kéiers an engem anere Lycée an enger ergräifender Zeremonie, zesumme mat deene sensibiliséierte Schüler vun den ieweschte Klassen, un de Massaker vu Sonnenburg ze erënneren (Slonsk), wou d’Preisen den 30. Januar 1945 an der Nuecht, kuerz virun hirer Flucht, am Eilverfahren 819 Krichsgefaangener vun allen Nationalitéiten, dorënner 91 Lëtzebuerger Refraktären a Resistenzler, erschoss hunn. Den Zäitzeien Aimé Knepper huet bei dëser Geleeënheet an och soss ni vergiess ze rappeléieren, datt et d’Russe waren, déi dagsdrop de Massaker opgedeckt hunn, an datt et och déi Rout Arméi war, déi de 27. Januar 1945 de K.Z. Auschwitz befreie konnt.
Eng Wourecht, déi nawell gären iwwerhéiert gëtt; an doriwwer eraus hat den Aimé eng allgemeng Sympathie fir déi Rout, déi hien och nach laang net an alle Kreesser beléift gemaach huet. D’Wanderexpo „Les réfractaires se souviennent“ an d’„Revue des Anciens des Ancizes“ hat hie mat senge Comitésleit zesummen op d’Bee gestallt.
Eee grousse Frënd
An da wier do nach un de schéine franco-lëtzebuergeschen Hommage un de Loutrenger Marcel Meyer all Joer am September erënnert, dee mam Albert Ungeheuer souwuel senge Landsleit wéi och de Lëtzebuerger zu Clermont weidergehollef hat an deen dofir, grad ewéi den Albert, erschoss gouf.
Eise Präsident, den Aimé, huet dann all Kéiers eng Ried um Graf gehalen a Präsenz vu héije franséischen Dignitäre wéi z.B. de Staatssekretär Jean-Marc Todeschini, déi léider verstuerwen Anne Grommerch, deemoleg Buergermeeschterin vun Thionville, dem François Grosdidier, Senateur an haut neie Maire de Metz. Si hunn de Monsieur Knepper héich geschat, dat huet een un hirer ongespillter Häerzlechkeet gemierkt, mat där si hien empfaang hunn. Si hunn an him ee grousse Frënd vu Frankräich erkannt, en inoffiziellen Ambassadeur, deen d’Ofwiesenheet vun de Lëtzebuerger Honoratioren an de lëschte Joeren zum Deel vergiesse gedoen huet.
Dem Aimé seng Treiheet zu Frankräich ass esou wäit gaang, datt hien – dat war schonn echt – fir d’Amicale nëmme Schreifmaterial vun der Mark „Bic“ bestallt an op „die gute Schneider-Mine“ verzicht huet … Aus deene selwechte Grënn ass hien nëmme Citroën a Renault gefuer. Teutonesch Limousinne vun der Famill Quandt aus Bayern z.B., déi honnerte vu Krichsgefaangenen ausgebeut an drangsaléiert huet, koume fir hien aus Prinzip ni a nimmer a Fro!
Alles anescht wéi „easy“
Hie war alles anescht wéi „easy“, mais konnt nodroend, stur a verbasse sinn. Ausdauernd, konsequent, motivéierend-dynamesch, clever, verschloen an awer séier charismatesch, dat si fir mech Adjektiven, déi voll op den Aimé, eise fréiere Sportsproff aus dem LGE zoutreffen an hie charakteriséieren.
Hie war an senger Jugend een talentéierte Liichtathlet an eleganten „gentleman sportsman“, kee Kampfsportler, ma een zéie Kämpfer mat Ecken a Kanten. Hien elo anescht duerstellen ze wëllen wär him gebléimelt. Vum Sport gepräägt, ass den Aimé och no senger Karriär am weidere Liewen ee munchmol explosive Sprinter bliwwen, deen dat Zil, wat en sech gesat hat, déi Missioun, déi hie pfichtbewosst ze erfëllen hat, an zwar de Nokrichsgeneratiounen dee beispillhaften Engagement vum Albert Ungeheuer ze vermëttelen, bis an den héijen Alter ni aus den Ae verluer huet!
De Maart
Grad säi Kampfgeescht a seng Geruedlinegkeet , keng falsch Kompromisser anzegoen, hunn de Sportler, de Professer, de Patriot a Mënsch Aimé Knepper ausgemat. Ech wärt hien a beschter Erënnerung behalen. Hien ass e Virbild fir d'Jugend spéziell déi vun haut.