Vun eiser Korrespondentin Delia Pifarotti
Note vun der Redaktioun: Dësen Interview huet eis Korrespondentin virun e puer Wochen no enger anerer Show gemaach. En ass onofhängeg vun der Analys, déi der och an eisem Premium-Angebot fannt, entstanen.
Tageblatt: Wësst Dir, wat d’Leit sech erwaarden, wa se bei Iech kommen?
Marc Schmit: Also wann ech enzwousch higinn, dann ameséieren ech mech gär, ech laachen och gär. Ech huelen also un, dass d’Leit sech erwaarden, Spaass ze hunn, sech goen ze loossen, ob dat eleng ass oder mat Frënn a Famill. A wann et dat ass, wat d’Leit wëllen, da ginn ech hinnen dat och gären. Dat mécht mir Freed. Awer opgepasst, den Théid ass jo och do an hie seet déi Saachen, déi de Schmit net däerf! Ech sinn dat also net!
Kënnt de Public haptsächlech, fir den Hoppen Théid ze gesinn?
Di éischt Joren war dat wahrscheinlech de Fall, effektiv. Mëttlerweil ass et awer di 6. Editioun an de Leit hir Preferenze sinn equilibréiert, och wann deen een oder deen aneren vläicht léiwer de Jang vu Stengefort, de Grand-Duc, den Théid oder ganz einfach de Marc Schmit huet.
Hutt Dir selwer Preferenzen, wann der Personnagë spillt?
Nee, well ech just déi spillen, di ech selwer flott fannen a wou ech mech „à l’aise“ spieren. Wann een als Ekipp op der Bühn steet, do geet dat net, do muss ee sech der Grupp upassen, mä wann een eleng ass, dann ergëtt di Fro sech guer net. Ech kann also maachen, wéi ech wëll. Am beschte spillt een natierlech déi Charakteren, déi Charisma hunn – de Vullegast z.B. Do ass eng Upak, wéi ee seet, di hunn eng Präsenz, an dat spieren d’Leit.
Hutt Dir Auteuren, déi mat Iech un den Texter schaffen?
Jo. Dat sinn de Guy Wagner an de Frank Kuffer. Mir kucken ëmmer, wat sou am Ländche leeft, mir loossen eis vun den Evenementer inspiréieren.
Satir a Parodie si gesellschaftskritesch. Wéi wichteg ass et Iech, eppes ze bewierken?
Ech si kee Weltverbesserer, ech wëll Spaass vermëttelen, awer och Problemer uschwätzen, net méi an net manner. Den Théid ass grad doduerch entstanen, well ech ëmmer geduet hunn, et muss dach ee ginn, dee seet, wat d’Leit denken! Ech war och frou an iwwerrascht, ze gesinn, datt meng Iddi bei RTL esou gutt ukomm ass. Mëttlerweil sinn et schonn 8 Joer, dass mäin Alter Ego sou munches, wat am Land net geet, op d’Schëpp hëlt a Problemer op eng witzeg Manéier uschwätzt, fir dass mer driwwer laachen, anstatt ze kräischen.
Wéi ass de Personnage Hoppen Théid entstanen?
Mer waren zu e puer Leit beim Metty Krings fir säi Gebuertsdag. Mir hunn driwwer geschwat, dass et vill Kachsendungen am Fernseh gëtt. Vu dass ech net gutt kache kéint, géingen se mech net uspriechen. Eng Sendung mat sou engem Kregéiler, een, dee vun der Long op d’Zong géing schwätzen, déi géing mer nawell gefalen. Dat war d’Grondiddi. A kuerz dono war den Hoppen Théid virun der Kamera. an d’Irma, seng Fra, koum och derbäi.
Kréie mer d’Irmchen dann eng Kéier ze gesinn?
Ech mengen net, well jiddwereen jo eng aner, eege Virstellung vun hir huet an esou soll se och bleiwen.
Et weess ee jo, dass hannert engem dichtege Mann jo ëmmer eng dichteg Frau ass, gell?
… ah jo, an eng déck!
Wouranner besteet „ScHmIT HAPPENS“?
Fir mech ass et virun allem eng Show. Also kee renge Cabaret oder Theater. De Showcharakter ass wesentlech fir mech, an enker Zesummenaarbecht mat den Toun- a Luuchtentechniker. D’Ambiance ass wichteg a fir déi net futti ze maachen, gëtt et och keng Paus, mä annerhallef Stonn Spaass pur. Temps morts hunn ech net gär, d.h. ech doe mech aneschters un, wa grad e Video leeft, deen zum Sketch passt.
Wäert et den 9. Juni och esou an der Rockhal sinn?
Jo, ech halen drop, dass d’Leit iwwerall dat selwecht gebuede kréien. Ob dat zu Mamer, Wolz, Iechternach oder der Rockhal ass an natierlech och do mat sozial gerechtem Entréespräis. Et wäert vläicht méi spektakulär ausgesinn, schonn eleng duerch d’Gréisst vun der Bühn an di Dausende vun Zuschauer. Et wärten och e puer zousätzlech Special Effects derbäi sinn an ech wäert och méi opgereegt sinn, mä d’Show u sech wäert net änneren.
De Maart
Humor op allerdéiwsten Niveau, éischter fir ze kräischen wéi fir ze laachen!
Schwaachsënn!
Eng längst fälleg an exzellent Analys. Bravo. Alt rem eng Ursach fir weiderhin d'tageblatt abonnéiert zë hun.
Vortreffliche Rezension ! Gratulation an die jungen Autoren !
Die grenzdebilen Zoten des Hoppen Théid missfielen mir und meiner Familie schon immer; wir reihten sie ein auf das Niveau von Mario Barth resp. der RTL Deckkäpp. Nicht unser Geschmack, aber damit kann man Wirtshäuser in Luxembourg und sogar das Olympiastadion in Berlin füllen. Leider.
Hinzu kommt bei Schmit Happens aber eine zunehmend rechtslastige Polemik mit latent frauenfeindlichem, homophobem und rassistischem Hintergrund wie zum Beispiel die dämlichen Aussagen über den treudoofen Nachbar Manuel.
Und diese Texte werden zum grossen Teil von einem , gottlob bisher erfolglosen , CSV- Möchtegernpolitiker geschrieben der indirekt von Steuergeldern lebt.
Und ebenfalls mit Steuergeldern gepusht via RTL Werbung. Noch heute morgen im Radio.