Dass een, dee säi Liewe laang selwer, souwuel am soziale wéi am kulturelle Beräich oft extrem haart an oft och ganz berechtegt kritiséiert huet, esou iwwert e Kolleeg hirfällt, huet mer d’Loft verschloen. Ob een elo mam Serge Tonnar d’accord ass oder net, hie war an ass (genee wéi de Guy Rewenig) eng wäertvoll kritesch Stëmm. An de Jeff Schinker ass ee vun de rare Kritiker an der Lëtzebuerger Kulturzeen, déi de Courage hunn, eng Meenung auszedrécken a se och ëmmer motivéieren.
Ass et just Zoufall, oder hunn dem Serge Tonnar seng Attacke villäicht dem jonke „Realisateur“ Joé Freilinger de Courage ginn, fir op eng nach méi aggressiv Manéier de Filmkritiker Jean-Pierre Thilges ze attackéieren an ze menacéieren, wéinst deem senger kuerzer Rezensioun vu „Vermësst“, eppes, wat ee kaum als Film bezeechne kann an dat de Kinepolis mat wochelaangen Traileren an enger Blockbuster-änlecher Programmatioun an hire Kinoe promovéiert huet?
Attack vum „Realisateur“ Joé Freilinger

An engem eelelaange Bréif werft de Joé Freilinger dem Jemp Thilges an der Haaptsaach vir, säi Kommentar wier e béisaartegen a perséinleche Verrëss, ouni Argumenter, a virun allem wier et respektlos vis-à-vis vu motivéierte Jugendlecher. Zum éischte Punkt kann ech leider nëmmen dem Jhemp Thilges seng Ausso bestätegen, dass „dem Film e Minimum vu Savoir-faire, Kenntnis vum Medium Film an elementar Schauspillerei feelt“, an dass dat nach dat Feinst ass, wat ee ka soen.
An der Emissioun „Grousse Kino“ vum 2. August um Radio 100,7 haten se, wéi de Joé Freilinger et freet, e bësse méi argumentéiert a Beispiller ginn, wat dann zu Conclusioune geféiert huet wéi: „Katastroph“, „null Kredibilitéit“, „grotteschlecht Schauspillerei“, „keng Spuer vu Kreativitéit“. Allez … positivéiere mer trotzdeem!! Beim Laura Pereira (Denise) hunn ech mat Momenter e Schimmer vun engem Minimum vu schauspillereschem Talent gemengt ze entdecken, dat déi jonk Fra villäicht mat Coursë perfektionéiere kéint.
D’Akkusatioun vu Respektlosegkeet géint engagéiert Jugendlecher ass natierlech besonnesch perfid. Niewelaanscht wëll ech bemierken, dass den „Zenario“ vum Joé Feilinger senger net esou ganz jonker Bomi geschriwwe gouf, an och soss quasi nëmmen Erwuessener am Film „spillen“.
Net einfach sou Respekt afuerderen
Jo, Jugendlecher/Kanner soll een encouragéieren!! Se z.B. fir d’éischt schwamme léieren an en net erlaben, an dat déift Waasser ze sprangen, wou se direkt ersaufen. An e Jugendleche soll sech sengersäits och Respekt verschafen an dofir schaffen, an en net einfach esou afuerderen.
E Film, an a fortiori e Long Métrage, ass eppes immens Komplexes, wat Kenntnisser a villen techneschen, artisteschen a literareschen Disciplinne viraussetzt. Dofir ginn et Coursen, Concoursen, Stagen, Programmer a Schoulen oder Organisatioune wéi de „Service national de la jeunesse“ a schliisslech de BTS. Dat ass en oft schwéiere Wee, dee vill Jugendlecher ginn, wa se wëllen eppes erreechen a seriö geholl ginn. Mee wann een da mengt, et wéisst een et besser, et hätt ee mat 17 Joer alles am Grëff an et geet een, wéi di Grouss, direkt mat engem Long Métrage an de Kino, da muss een och acceptéieren, dass ee wéi déi Grouss behandelt gëtt. „Dee mat de groussen Hënn wëllt pisse goen, muss d’Been héich hiewen“, seet e Lëtzebuerger Spréchwuert.
Et kann een dem Jemp Thilges sécher munneches virwerfen, awer net, dass e vu Kino näischt géif verstoen! Fir meng Begrëffer war en an der Vergaangenheet éischter vill ze vill oft iwwerdriwwe generéis mat „jonken Talenter“ (wéi de Joé Freilinger sech selwer bezeechent). Natierlech kann een enttäuscht si vun enger negativer Kritik, mee absolut inakzeptabel ass et dann, ënnert explizite Menacen, ze fuerderen, datt déi Kritik vum Internet geholl gëtt! A wann e siwwenzéngjärege Spunt dat mat Nodrock esou verlaangt, jo, do feelt mir da wierklech all Respekt. An ech froe mech, ob den SNJ, deen dem Joé Freilinger no säi Film ënnerstëtzt an „ausdrécklech bewonnert huet“, och seng Zensur-Demarchen esou gutt fënnt?
D’Kritik vum Jemp Thilges an d’Äntwert vum Joé Freilinger sinn ënnert dem Titel „O vreck!“ op Hataripublishing.blog ze fannen.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können