Dienstag4. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumDéif enttäuscht, traureg an entsat …

Leserforum / Déif enttäuscht, traureg an entsat …
 Foto: ijeab/Freepik

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Ech sinn déif enttäuscht, traureg an entsat …

Knapps eng Woch no der Attack vun Israel op den Iran hunn ech, mat Ausnam vu Stëmme wéi de Jean Asselborn oder de Xavier Bettel, wéineg bis guer näischt vun eise gewielte Vertrieder héieren. Dës politesch Silence ass wéi e Schnëtt mat engem schaarfe Messer an eisem demokratesche Versteesdemech.

Ech sinn déif enttäuscht, traureg an entsat …

… dass d’internationaalt Recht, d’Strukture vun der UNO an eis moralesch Wäerter quasi explodéiert sinn. Déi universell Gültegkeet vun de Mënscherechter gëtt ëmmer méi zu enger Fro vun Opportunismus an net vu Prinzippien – besonnesch wann et ëm eis Alliéierte geet.

Awer bleift meng Haltung: D’Mënscherechter sinn net verhandelbar, och net fir eis Frënn. Wa mir dëse Fundamenter net méi trei bleiwen, da verléiere se hir Legitimitéit an Autoritéit. A Reegele si just esou staark wéi de Wëllen, se gläichméisseg an ouni Duebelstandarden unzewenden.

Ech sinn déif enttäuscht, traureg an entsat …

… dass dës Bombardementer als Chance verkaaft ginn – als Sprangbriet fir d’Iraner, sech vum islamesche Regime ze befreien.

Ech froen: Wou war dës Empathie bei der „grénger Revolt“ vun 2009? Wou war se bei der „#womenlifefreedom“-Beweegung vun 2022, wou jonk Fraen a Männer hiert Liewen am Kampf fir d’Fräiheet gelooss hunn?

Et war keen do. Just eidel Parolen. An och dës Kéier wäert keen do sinn!

Ech sinn déif enttäuscht, traureg an entsat …

… dass elo OCH zivil Infrastrukture viséiert ginn. Elementar Liewensgrondlage ginn zerstéiert. A gläichzäiteg gëtt vun den Iraner gefuerdert, op d’Strooss ze goen, grad elo wou d’Bommen iwwert hir Käpp fléien. Grad elo, well dat eis an d’Kaarte spillt, wou déi aner eis „Drecksaarbecht“ zu Enn bréngen.

A jo – d’Iraner wëlle Fräiheet. Iraner wëlle keng Mullahs, mee si wëllen och keng vu baussen imposéiert Despoten – kee Kinnek, keen Imam, dee vun anere Muechten an hirem Numm agesat gëtt. Si wëlle Fräiheet, mee keng instrumentaliséiert Fräiheet.

Mir dierfen net dësen „Deux poids, deux mesures“ weider toleréieren: Wien d’Mënscherechter just da verdeedegt, wann et politesch passt, mécht sech matschëlleg. An eiser Wäertegrondlag feelt et net u Komplexitéit, mee u Courage.

Grober J-P.
21. Juni 2025 - 12.27

"D’Mënscherechter sinn net verhandelbar." Si, an den Mullahën a soss Kinnéken an Narzissten, religiéis Fanatiker ass dat nawell egal. Wat solle mer dann ënnerhuelen?
Géif gären mat op Tel Aviv, Moskau, Teheran, Washington, Péking demonstréieren goen.
Wollt ..........awer .....