Mittwoch5. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumWou nach Idealismus, wou nach Leit aus der aler Schoul?

Leserforum / Wou nach Idealismus, wou nach Leit aus der aler Schoul?
Symbolfoto Foto: ijeab/Freepik

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Am Moment liest een, héiert een et nëmmen: Oprüsten, oprüsten, mee wou ass do mol eng „Géigestëmm“ ze héieren? Mee elo mol zum Punkt. Als e Grénge vun der aler Schoul hätt ech mir am „Nachhinein“ gewënscht, datt de Fr. Bausch an der Qualitéit als Verdeedegungsminister ab engem bestëmmten Datum, wou d’NATO decidéiert hat, en anere Gang anzeleeën, gesot hätt: Ech demissionéieren als Verdeedegungsminister, well ech dat, wat elo kënnt a wat d’Zukunft betrëfft, net mat mengem Gewësse ka vereinbaren.

Domat hätt hie Charakter, Haltung gewisen. Vill Luef hätt hien sécherlech an der breeder Ëffentlechkeet kritt, a grad bei der Jugend. En hätt en Zeeche gesat, fir wat déi Gréng stinn oder mol fréier stoungen, astoungen! Dogéint haut zwee un der Spëtzt stinn, déi sech „Oprüstung“ op d’Stir geschriwwen hunn.

Mee et ass, wéi et eeben ass. Muecht, Geld verféiert an als Minister all Mount 10.000 Euro manner am Portmonni ze hunn, ass jo och net wéineg. Muss ee jo och un seng Zukunft denken, vläit a Südfrankräich säi Liewensowend genéissen oder op enger Finka a Spuenien.

Niewenbäi gesot – hunn och ni verstanen, wéi dat zesummegepasst huet: e grénge Minister als Verdeedegungsminister.