Wéi ech dem JD Vance seng Interventioun op der Sécherheets-Konferenz zu München nogelauschtert hunn, hunn ech gemengt, ech wär am falsche Film. Kee Wuert iwwert d’Ukrain an de Friddensplang (sic) vum Putin an dem Trump iwwert d’Käpp vun den Ukrainer … keng NATO a keng Chance fir op déi territorial Grenze virun 2014 zeréckzekommen. Bei Grönland, Kanada a Panama gëllt dat alles nitt. Als Taiwanees géif ech mer seriö Froe stellen.
Et huet mech gewonnert, datt heen nitt och eng Memberschaft an der EU ausgeschloss huet.
Säi Constat, d’Gefor géif nitt vu bausse kommen, mee vu bannen, well mir Brandmauere géint Populiste géifen opriichten, déi nëmme Guddes wëllen, beweist, datt een d’Lektiounen aus der Vergaangenheet vergiess huet. Nëmme puer Stonnen, nodeem en Dachau besichtegt hat, zwou Wochen no den Ausschwitz-Gedenk-Feierlechkeeten, déi däitsch Parteien opzefuerderen, Gespréicher mat enger zum Dëll rechtsextremer a völkescher AfD opzehuelen (Hitler und die Nazis sind nur ein Vogelschiss der Geschichte) ass och eng Frechheet fir déi vill GIs, déi hiert Liewen am WWII verluer hunn. Ech froen mech iwwregens, wat Judde vun esou Rotschléi halen. Nom Kolleeg Musk eng direkt Amëschung an d’Wale vum 23 Februar 2025.
Well a Rumänien d’Wal vum Verfassungsgeriicht annuléiert gouf, nodeems am éischten Tour ee rechtsextreme Kandidat vir louch, kann een kritiséieren. Mee datt ausgerechent een Trump-Akolyth Lektioune gëtt, wat de Respekt vun demokratesche Walen ugeet, ass den absolutten Hummer (On January 2, 2021, during an hour-long conference call, then-US president Donald Trump pressured Georgia secretary of state Brad Raffensperger to „find 11,780 votes“ and overturn the state’s election results from the 2020 presidential election). Huet den Här Vance de Sturm vum 6. Januar 2021 op d’Wäisst Haus schonns vergees? All Autokraten hunn sech deemools d’Panz voll gelaacht. Wa mer eppes vun Trump & Co nitt brauchen, da sinn et Lektiounen, wat d’Akzeptanz vum Resultat vun demokratesche Walen ugeet.
Bekanntlech wollt den Här Trump d’Wale vun 2020 nitt unerkennen. Ee gewëssen Här Vance huet, gefrot, wat seng Meenung zu dem Trump sengem Narrativ vu geklaute Walen ass, an engem Interview an der New York Times am Juni 2024 gemengt: „Vance said there should have been an effort to provide alternate slates of electors ,to force us to have that debate.‘ He also said that ,challenging elections and questioning the legitimacy of elections‘ is part of the democratic process.“
Walen an Amerika ufechten, am beschte virum onofhängegen (sic) Supreme Court, ass also just an Amerika legitim, mee leider nitt a Rumänien.
Firwat huet Europa Flüchtlingen aus dem Irak, Afghanistan, Syrien etc. missten ophuelen. Wenn huet de Stellvertriederkrich a Syrien zougelooss, esou datt dem Trump säi Copain ongestéiert zivil Bevëlkerung bombardéiere konnt? Ween huet Kricher an Afghanistan an dem Irak ugefaang, mat zum Deel vun de Republikaner erfonnten Ursaachen (According to US-based investigative journalist organization , eight senior-level officials in the Bush administration issued at least 935 false statements in the two years leading up to the war) an huet sech dunn aus dem Stëbs gemaach an déi ärem Leit hirem Schicksal iwwerlooss, déi sech dann op de Wee no Europa maachen?
Heen huet d’englesch Justiz kritiséiert, well een Ofdreiwungsgéigner am Sécherheetsperimeter vun enger Ofdreiwungsklinik gebiet huet. Nitt gesot huet en, datt an Amerika a verschiddene republikanesche Staaten Ofdreiwung ee penalen Delikt ass (och bei Viol, Inzest a Missbildunge vum Fötus) an datt an anere Staate Géigner Klinicke blockéieren a Fraen dorun hënneren, an dës ze kommen.
Gewonnert huet mech, datt dem Trump seng genial Iddi, Palästinenser aus Gaza ze deplacéieren, nitt mat der Recommandatioun verbonn wor, en attente vun der Transformatioun vum Gaza-Strand an eng Riviera, dach op déi franséisch oder italiéinesch Riviera ze schwammen.
Meng fréier Bewonnerung vun Amerika koum och vum Michel Sardou sengem Lidd „Les Ricains“: „Si les Ricains n’étaient pas là – Vous seriez tous en Germanie – A parler de je ne sais quoi – A saluer je ne sais qui – Un gars venu de Géorgie – Qui se foutait pas mal de toi – Est venu mourir en Normandie – Un matin où tu n’y étais pas.
Leider fäerten ech, datt Politiker wei den Här Vance de Schluss vum Lidd, „A l’amicale du fusillé – On dit qu’ils sont tombés pour rien“, Realitéit gi loossen.
De Maart
@ Grober / Dofir gin ech net bezuelt. Mee a ménger Äntwert u Luxmann trotzdem schon eng Conclusioun geschriwen. E schéine Weekend.
@ ARM / An, wat fir Conclusiounen hu Dir aus Ären Studien gezunn?
@ Grober / Ech si mat ärem Statement nët ganz d'accord. Op deenen 2 vun iech genannte Platzen a villen âneren war ech och. A mengem lange Liewen hun ech alles wât eng Roll am II Weltkrich gespillt huet besicht (och op âneren Kontinenter) gelies a studéiert.
"dit qu’ils sont tombés pour rien“, Realitéit gi loossen."
Hoffen nët, dat wier den Doud vun der Demokratie. Missten Vance an Co. all fir ze iwernuechten op Dachau schécken an nët an den Bayrischer Hof!
@ Arm an Luxmann. / Wann déi Ricains nët komm wieren, wär dir wahrscheinlech nët op dëser Welt an bestëmmt vill aner och.
Wann dir duerno nach do wärt misst der ganz stramm den rietsen Arm hiewen!
Fuert emol op Dachau oder Ausschwitz, do léiert een villes!
La réalité dépasse toujours la fiction: die USA haben keinen Lust mehr die freie Welt zu verteidigen...weil sie sich keinen Gewinn daraus versprechen Moral hin oder her, das Trampeltier Trump denkt nur MAGA....
@ Luxmann / 100% richteg, mee et gët nëmme vun deenen gudden a léiwen GI's beriicht déi ons befreit hu just wéinst eise schéine Gesichter.
@fraulein smilla :
Was klagen ausgerechnet SIE über mangelnde Meinugsfreiheit? Ihre rechte Propaganda wird tagtäglich im Tageblatt veröffentlicht, das eher dem linken Spektrum zugerechnet wird...
Ihre Propaganda ist, wie für rechtsaußen Propagandisten so üblich, auch von Verdrehungen und Falschinformationen durchsetzt : der "Rentner, der eine Meme wo Habeck als Schwachkopf betitelt wurde teilte", hat nämlich auch ..."auf X eine Bilddatei mit Bezug zur Nazi-Zeit hochgeladen haben, die möglicherweise den Straftatbestand der Volksverhetzung erfüllen könnte" (ZDF heute). Der Brief des Ingenieurs an die SPD-Politikerin wurde vom Gericht insgesamt als "herabwürdigend" und "beleidigend" eingestuft, nicht nur wegen des Begriffs "Märchenerzählerin" - die Haftstrafe ist die Konsequenz der Weigerung, die Geldstrafe zu zahlen. Was hat das mit "Majestätsbeleidigung" zu tun?
Ich habe noch eine Frage an fraulein smilla : zahlen Sie tatsächlich ein Abo beim 't', nur um ihre rechte Ideen hier zu verbreiten?
Was die Meinungsfreiheit in Europa ,besonders in Deutschland angeht liegt Vance ja nicht so falsch . Ein Rentner , der eine Meme wo Habeck als Schwachkopf betitelt wurde teilte , wurde morgens von der Polizei aus dem Bett geklingelt und ein Ingenieur der in einer Mail die Ministerpresidentin von Mecklenburg Vorpommern , Manuela Schwesig eine Maerchenerzaehlerin nannte , musste 30 Tage ins Gefaengnis weil er sich weigerte einen Strafbefehl zu bezahlen .Dank SPD Gruenen ,und einer willfaehrigen Justiz gibt es in Deutschland wieder den Strafbestand der Majestaetsbeleidigung
Die ricains von 1944 wurden auch nur von ihrer regierung verheizt,weil diese sich wirtschaftliche vorteile in europa und ostasien sichern wollte.
Was brachte es dem jungen aus dem midwest dass er mit 20 fiel und nun in hamm oder okinawa auf einem friedhof liegt?
Les Ricains, fäerten déi vun haut wëssen nët méi wat hir Pappen an Bopen hei iwer geleescht hun. E gudden Deel vun hinnen muss vun engem Virus befall sinn, wéi ass dat soss méiglech?