Vru laangen, laangen Zäiten,
et si wuel honnert Jor,
du gouf et mol e Männchen,
deen an der Chamber wor.
Dee Männche wor sou dichteg,
sou brav a sou gescheit,
an ower wor hien ëmmer
beléift bei alle Leit.
Hien huet seng Meenung däitlech
an ouni Falsch gesot,
doraus gesäit ee sécher,
hie wor keen Affekot.
Fir d’Land, fir d’Vollek schaffen,
dat wor säin Ideal,
vum Geld a vum Bestiechen,
huet hien net vill gehal.
Mat deene klenge Leiden
huet hien et gutt gemengt
an all seng Chamberspesen
dem Roude Kräiz geschenkt.
Wor d’Vollek onzefridden,
huet hie sech bal verraut,
an ass hien net gestuerwen,
da lieft och nach haut.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können