Et kann ee vu villem schwätzen, wann et ëm geléinte Wierder am Lëtzebuergesche geet: vun urale Saachen, vu Saachen, déi ee kaum nach erkennt, vu Saachen, déi engem markant modern erschéngen ‒ mee wéi ass et, wann ee sech e bestëmmte Beräich ukuckt? Lëtzebuergesch huet am Ausland eng gewësse Connotatioun, wann et ëm d’Bankewiese geet, mee wéi ass et, wann ee sech mol e puer Wierder ukuckt, déi mat der Bankenindustrie ze dinn hunn?
Vum Dësch vum Geldwiessler
Geléinte Wierder
An dëser Rubrik wëll den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Iech episodesch virstellen, wat d’Lëtzebuergescht alles fir geléinte Wierder huet, wou se hierkommen, wisou mer se hunn a wéi mer se kritt hunn. Dobäi gëtt virun allem d’Originn als déi Sprooch, wou e Wuert hierkënnt, thematiséiert, mee heiansdo awer och déi Sproochen, déi de Moyen fir d’Iwwermëttlung kënne sinn, an heiansdo, well et awer emol passt, ginn d’Wierder och no Bedeitungsfelder virgestallt.

Mam Wuert Bank ass et sou eng Saach. Dëst huet sech relativ séier iwwerall duerchgesat an dofir ass d’Wuert och an den europäesche Sprooche quasi iwwerall datselwecht. Et ass lo sou, datt déi ursprénglech Originn vum Wuert eng germanesch ass: D’Wuert huet primär e Miwwelstéck bezeechent, entweder fir ze sëtzen, sou wéi mir et nach haut kennen, oder en einfachen Dësch. Insgesamt en einfacht Miwwelstéck aus Holz. Et ass awer nu mol sou, datt mam Opkomme vum moderne Bankewiesen och dëst Wuert eng gewësse Popularitéit fonnt huet. An zwar ass d’Wuert an d’Italieenescht geléint ginn, wou et speziell den Dësch vun de Geldwiessler bezeechent huet. Dono ass d’Bedeitung och ausgeweit ginn op Leit, déi Geld léinen an domadden och Institutiounen, déi genee dat maachen.
Zerschloen Dëscher
Beim Bankrott gesäit et anescht aus. D’Wuert, sou wéi mir et kennen, kënnt aus dem Italieeneschen. Et kënnt aus der Renaissance an aus der Entwécklung vum moderne Bankesystem. An zwar war deemools alles nach e bësse méi rau, wéi mir et haut gewinnt sinn. Wann een, dee Geld gewiesselt huet, net méi flësseg war, dann ass him den Dësch duerchgeschloe ginn, also: banco rotto. D’Bänk respektiv den Dësch war de Moyen fir d’Aarbecht an doduerch, datt en zerstéiert ginn ass, war och d’Aarbecht fäerdeg.
Et ginn nach eng Hellewull vu Wierder, déi op iergendeng Manéier eppes mam Bankewiesen ze dinn hunn. Mee hei sollen der just nach e puer erkläert ginn.
Kapital an der Keess
Eent dervunner ass d’Kapital, dat och aus dem fréie Bankewiese kënnt. Ursprénglech kënnt d’Wuert vum laténgesche caput, also Kapp, mee huet an der mëttellaténgescher Form capitalis déi Saache bezeechent, déi wichteg ware fir déi eenzel Persoun, also d’biens movibles. Och d’Wuert Keess kënnt aus dem Italieeneschen, hei vum Wuert cassa, dat iwwert d’franséischt Wuert caisse op eis duerkomm ass. Dëst huet ursprénglech eng Këscht bezeechent, an zwar eng, an där ee Geldstécker konnt aspären, an d’Wuert ass och Famill mat de Wierder Kapsel a Kassett.
Och d’Begrëffer brutto an netto kommen aus dem fréien italieenesche Bankesystem; brutto huet een net renge Wäert bezeechent an huet eppes mam franséische Wuert brute ze dinn, woubäi netto dat Proppert, ouni Verpackung, ouni Käschte bezeechent huet.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können