Jidderengem seng Verantwortung!

Jidderengem seng Verantwortung!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Vum Marco Goelhausen, Bierger aus der Gemeng Suessem a Mobi-Schäffen

Ech schreiwe meng Positioun zu deem Dossier als Lieserbréif an der Hoffnung op eng integral Verëffentlechung an ech wëll och präziséieren, dass dës Zeile just mech ganz eleng als Persoun engagéieren.

Wat dee vill diskutéierte Contournement vu Käerjeng ubelaangt, ass d’Kaz elo aus dem Sak, well d’Regierung hirem Projet no ronn 35 Joer deels heftegen Diskussioune gréng Lut ginn huet.

Déi lescht Joeren huet een öfters d’Meenung héieren, dass virun allem Leit aus der Gemeng Suessem, also der Nopeschgemeng vu Käerjeng, einfach stur op hirer Positioun géint dee Contournement géife bleiwen.

Perséinlech setzen ech mech vill mat Verkéiersproblematiken auserneen, dat net nëmmen an der Gemeng Suessem, wou ech mech als Ressort-Schäffen ëm d’Mobilitéit këmmeren, mä ech versichen dat och regional an doriwwer eraus ze gesinn.

Dofir besichen ech säit Joere verschiddentlech Seminairen zu deem Thema am Ausland an ech sinn och regelméisseg hei zu Lëtzebuerg bei Konferenzen iwwer d’Mobilitéit present. Ech begéine bei esou Veranstaltungen iwwregens generell ganz wéineg politesch verantwortlech Kollegen a stelle fest, dass meeschtens den zoustännege Minister just kënnt, fir eng Ried ze halen a sech dono entschëllegt, well hee fort muss …

Ech fueren och munchmol mam Vëlo op der Strooss an am Bësch a relativ vill mam Bus, virun allem am Süde vum Land, mä och am Bus begéinen ech quasi kee vu menge „Kollegen“, emol net déi, déi mat mär zesummen am TICE-Syndikat de regionale Persounentransport als Politiker organiséieren. Ech muss soen, dass all déi theoretesch a praktesch Erfahrungen, déi ech déi lescht Joere konnt sammelen, ganz hëllefräich sinn, fir d’Verkéiersproblematik als Politiker mat aneren Aen ze gesinn grad esou wéi och d’Sich no Léisungen. An esou zielen ech mech zu deenen, déi sech säit Joeren intensiv mat der Problematik vum héije Verkéiersopkommes, och zu Käerjeng, mä net nëmmen do, auserneesetzen.

Wat Käerjeng ubelaangt, hunn ech virun allem zréckbehal, dass d’Regierungsvertrieder sech an enger Rei ëffentleche Versammlungen drop baséiert hunn, dass am Joer 2012 Miessunge vun der Loft an der route de Luxembourg zu Käerjeng Wäerter erginn hunn, déi iwwer dem erlaabte Grenzwäert loungen an dofir absoluten Handlungsbedarf bestéi. An dat liicht natierlech och an!

Do déngt et zwar net méi vill, op déi Bausënnen am Anzugsgebitt vun der Haaptstrooss hinzeweisen, déi déi lescht Joere monter weidergaange sinn an och elo nach weiderginn. All déi Bauten, déi do stinn an dofir suergen, dass punktuell nach méi Verkéier ugezu gëtt respektiv de Loftaustausch an déier Strooss op eenzelne Plaze schwiereg ass, gi jo wuel kaum erëm ofgerappt.

Duerch déi iwwerhéijte Moossunge vun 2012 ass de Projet vun engem Contournement erëm als „eenzeg“ wierksam Alternativ aus dem Tirang gezu ginn.
Alternativen

Eng Rei Leit hu sech ganz vill Aarbecht gemaach, fir Alternativen zu enger Ëmgehungsstrooss an d’Diskussioun ze bréngen, dëst well si der Meenung sinn, dass et aner Weeër gëtt, fir de Problem vum Verkéier generell zu Lëtzebuerg an domat och zu Käerjeng an de Grëff ze kréien a fir net onnéideg nach Naturgebidder ze zerstéieren. U sech ënnerstëtzen déi Leit eigentlech alles dat, wat d’Regierung a Saache Mobilitéit landeswäit propagéiert, … ausser zu Käerjeng.

Dass d’Regierung sech am Kontext vu Käerjeng méi schwéier gedoen huet hisiichtlech enger Léisung opgrond vun den erhéijte Miessunge vun 2012 an der route de Luxembourg, kann ech jo nach novollzéien.

Alternativ Virschléi weider ëmsetzen, wier méi gescheit!

Nodeem dass awer zanter 2012 generell schonn eng Evolutioun stattfonnt huet um Niveau vun den Emissounswäerter vun de Gefierer an och schonn eng Rei Moossnamen a Punkto Mobilitéit groussflächesch an eisem Land an an der Grenzregioun an d’Weeër geleet goufen, gesäit et duerno aus, ewéi wann dat de richtege Wee kinnt sinn, obschonn zu Käerjeng selwer nach net allze vill innovativ Ëmännerungen, fir net ze soe keng, gemaach gi sinn an deem Zäitraum. Mä komescherweis weisen déi rezent Miessunge vum ganze Joer 2017, déi um Site vum Ëmweltministère konsultéiert kënne ginn, dass déi Wäerter, déi 2012 nach ze héich waren, elo ënnert dem Grënzwäert sinn!

Also hu mär elo eng aner Situatioun zu Käerjeng ewéi nach virun e puer Joer, wat d’Argument vun den erhéijten Emissiounswäerter ubelaangt. Dass domat all Problemer geléist wären, well ech net behaapten. Ech sinn der Meenung, dass eng ganz Rei Moossname lokal zu Käerjeng, an doriwwer eraus an der Groussregioun an an der Grenzregioun weider virugedriwwe musse ginn. Ech wëll déi Virschléi vu
Moossnamen elo net all hei opzielen, well déi kann een nosichen an enger Brochure, déi d’Gemeng Suessem 2017 erstallt huet.

Ech loossen net gëllen, dass déi Leit, deenen hir Iwwerleeungen an d’Richtung ginn, fir sënnvoll Alternativen zu engem Contournement virzeschloen, stur wären! Fir kënnen ze behaapten, dat giff alles näischt bréngen, misst een emol d’Realisatioun vun deene ville méigleche Moossnamen ofwaarden (z.B. zwee nei Quaien op der Stater Gare asw.) an dono de Constat maachen. Ech hu festgestallt, dass déi Leit, déi als eenzeg Alternativ un engem Contournement festhalen, emol net nolauschteren, wann een Alternativen uschwätzt. Dat nennen ech éischter „stur“!

Wann eng Regierung engem Projet gréng Lut gëtt opgrond vun Emissiounswäerter, déi 2012 nach ze héich waren an 2017 awer net méi, da kann ech dat wierklech net novollzéien!

130 Milliounen Euro

Ech kann also opgrond vun deene vir genanntene Moossungen net verstoen, wéisou ee Projet justifizéiert soll sinn, dee mëttlerwéilen op 130 Milliounen Euro (!) chiffréiert gëtt, fir eng Strooss ze bauen just laanscht eng (1) Uertschaft, deen eng Natura-2000-Zon futti mécht, dee wahrscheinlech nach méi Individualverkéier unzéie wäert, Verkéier, dee sengersäits schonn am Stau stoe wäert, éier en iwwerhaapt an der nächster Uertschaft, Dippech, ukënnt (?). Een Nonsens!

Ofgesinn dovun ass et aus Suessemer Siicht och nach ëmmer esou, dass, och wann dee méi laangen Deel vum Contournement op Käerjenger Säit läit, mat der Variant 2 d’Opfaart awer extrem no bei de Suessemer Haiser vun der Cité Tornaco läit!
Een décke Batz Geld, fir am Endeffekt kee positiivt Resultat ze hunn!

Ech sinn och an deem Sënn der Meenung, dass wann esou een Ouvrage, ënnert deene gegebenen Ëmstänn, déi nach laang net jidderee gerechtfäerdegt fënnt, 130 Milliounen Euro un ëffentleche Gelder verschléngt, d’Bierger aus dësem Land sech dozou äusseren däerfen! Nodeem elo fir mech kloer ass, dass d’Emissiounen de Contournement net méi justifiéieren, bleift dann nach d’Fro, wisou d’Regierung déi Décisioun awer geholl huet, déi och, „oh, wen wundert’s?“, wäert eng relativ breet Ënnerstëtzung vun der Oppositioun an der Chamber kréien! Wann een de gesonde Mënscheverstand walte léisst, geet et also net méi virrangeg ëm d’Gesondheet vun de Käerjenger Awunner aus der route de Luxembourg, mä nach just entweder ëm eng net grad bëlleg Ubannung un d’Industriezon oder ggf. un d’Tanklager (?).

A mengen Aen gëtt hei een héije Präis bezuelt fir e verkéierstechnescht „Unding“, wat der Mobilitéit wahrscheinlech net vill bréngt, éischter am Contraire, wat vill Natur zerstéiert a wou d’Kompensatiounsmoossname just en Alibi sinn, well et Jorzéngte wäert daueren, bis déi efficace kënne gräifen. Eleng dat ass onverantwortlech par rapport zu der Gesondheet vun den Awunner am Kordall!

An an enger Rei Joere stellt sech dann nach eemol genee déiselwecht Situatioun mat engem héijen Invest a Kompensatiounsmoossnamen, déi erëm Joerzingten hannendrun hänke wäerten, wat de Notzen ubelaangt, fir ee Contournement fir Dippech ze bauen!
Fazit: Eng Regierung mat enger Oppositioun zesumme setzt sech zwar elo duerch an dësem Dossier, mä all eenzelne vun deenen Décideuren do muss dat alles awer och „en bonne âme et conscience“ mat sech selwer ausmaachen a perséinlech veräntwerten! Well wann et bis vollzunn ass, ass de Schued dono net méi gutt ze maachen!
Ech perséinlech si jiddefalls frou, net dozou bäizedroen!

Giggi
29. März 2018 - 19.38

Bravo super geschriwen an gut geschwaat!

Giggi
29. März 2018 - 19.37

Bravo