CholeraZur Erënnerung un d’Epidemie vun 1866

Cholera / Zur Erënnerung un d’Epidemie vun 1866
Keng Alterskategorie, kee Geschlecht an kee Stand ass vun der Krankheet verschount bliwwen Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Elo, wou ee besser huet, et geet a fiert een net ze vill oft eraus, a wou och déi zu Stuben- an Terrassenhocker ginn, déi soss ëmmer ënnerwee sinn, huet een Zäit, sech mol erëm Wierker aus senge Bicherregaler erauszekropen, mat deenen ee sech scho laang net méi befaasst huet a bei deenen een och deemools net alles duerchgebliedert hat.

Am Kontext vun der Corona-Kris, déi eis all beschäftegt a vill ze denke gëtt, konnt ech mech drun erënneren, datt de Joseph Flies a sengem héich interessante Buch mam Titel „Das andere Esch“ der Cholera-Epidemie e ganzt Kapitel consacréiert hat. E Buch, dat 1979 erauskoum an all al a méi jonk Escher – a firwat net och vill anerer – interesséiere kéint. D’Buch, dat ganzer 2.000 Frang kascht huet, ass längst vergraff an héchstens mat e bësse Chance nach an engem Antiquaire ze fannen. An der Escher Stadbibliothéik huet een awer ëmmer d’Méiglechkeet, et sech auszeléinen oder et zumindest „sur place“ ze konsultéieren. An deem ganzer 1.300 Säiten ëmfaassenden an héchst interessante Buch, eng bewonnerenswäert Fläissaarbecht vum Här Flies, erzielt hien, wéi Cholera-Epidemie deemools, an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert, am Joer 1866, ausgebrach ass – déi uerg Krankheet ass also net, wéi mer iertemlecherweis kierzlech gemengt a geschriwwen haten, schonn dräi Joer méi fréi zu Esch ausgebrach – „mea culpa“ deemno, Abbé Flies!

Zur Persoun vum Joseph Flies sief gesot, datt hien 1910 zu Hënchereng gebuer gouf an 1998 zu Esch verscheet ass. Hien huet Soziologie a Geschicht studéiert a dës mat engem Doktorat zu Louvain ofgeschloss. Am Lycée Hubert Clément huet hie bis 1971 enseignéiert, ass do am Escher Meedercherslycée mat alle Kolleeginnen a Kolleegen – vun egal wat fir engem politesche resp. weltuschauleche Bord – als jovialen, intellektuellen an tolerante Mënsch, deen hien nu mol war, ganz gutt auskomm a war dofir vun allen héich ugesi ginn! A sengem décken Noschlowierk bleift hien absolut objektiv, an obschonns hien – wéi kéint et och anescht sinn – den Escher Kiercheparen etlech Säite consacréiert, vergësst hien ni, a senger ausféierlecher lokaler Geschichts-Chronik d’Meritter vu politesch anescht gesënnten Escher Perséinlechkeeten a Leit, déi mat der Relioun wéineg um Hutt hunn, ervirzehiewen an unerkennend dorop anzegoen. Op déi Manéier kennt och esouguer mäi Papp als fréiere Stadarchitekt, Sozialist, iwwerzeegte Republikaner an Net-Kierchegänger gläich e puermol am Buch zu Éieren … Esou vill zum Joseph Flies, dee mir nach perséinlech kannt a wéinst senger Weltoppenheet a sengem onermiddleche Schaffen a Recherchéieren héich geschat hunn.

D’Cholera-Epidemie huet deemools also net nëmmen am Miseler Hannerland a ronderëm Dikrech d’Leit iwwerfall a doseweis mat an den Dout gerappt, mee och, an dat op mannst grad esou schlëmm, zu Esch un der Uelzecht geroost.

D’Cholera-Epidemie zu Esch huet vum 29. Juni 1866 bis zum 20. Oktober gedauert
D’Cholera-Epidemie zu Esch huet vum 29. Juni 1866 bis zum 20. Oktober gedauert  Foto: Editpress-Archiv

Frappant Parallelle mat haut

Als Escher Jong an am Kontext vun der aktueller Corona-Pandemie, déi eis all elo am fraschtege Mäerz/Abrëll kal erwëscht huet, hunn ech et mir erlaabt, iech dem Abbé Flies säi Bäitrag zum Thema Cholera-Epidemie vun 1866 heimadden an Erënnerung ze ruffen an e kuerz ze resuméieren.

D’Cholera-Epidemie zu Esch huet, wéi mer nogelies hunn, vum 29. Juni 1866 bis zum 20. Oktober gedauert. Änlech wéi beim Coronavirus gouf schonn am August 1865 vun uewen erof offiziell virun der Cholera, déi schonn a verschiddenen Nopeschlänner opgedaucht war, gewarnt an de Gemengerot gouf derzou opgefuerdert, eng extra Kommissioun anzeberuffen, déi der Krankheet sollt versichen Halt ze gebidden, andeems op d’Propretéit an Hygiène an der Uertschaft sollt besser opgepasst ginn. Déi Escher – Schëffleng huet deemools nach derzougehéiert – hunn zwar gemaach, wat se konnten, mee d’Krankheet sollt trotzdeem e puer Méint méi spéit, Enn Juni, ausbriechen. Vun deene knapp 1.800 Awunner, déi dat opstriewend Duerf zu der Zäit gezielt huet, huet déi schlëmm Krankheet der gläich 800 no an no erwëscht an et sinn der an deenen zwee an en hallwe Méint net manner wéi 116 dru gestuerwen! Si goufen op deem just virdrun néi ageriichten Kierfecht, dem haitege Jousefskierfecht, am Akkord bäigesat. Als alleréischten ass de 57 Joer ale Johann Noel den 29. Juni der Krankheet zum Opfer gefall. Hie war mat dem Heemaachen beschäftegt, wéi hien op eng Kéier fuerchtbar Bauchkrämp kritt huet. Nëmmen e puer Stonne méi spéit war hien dout. De leschte Cholera-Kranken ass den 20. Oktober gestuerwen.

Keng Alterskategorie, kee Geschlecht a kee Stand ass vun der Krankheet verschount bliwwen, och wann déi meescht verstuerwe Leit (49) tëscht 25 a 45 Joer al waren. Vu Mëtt Juli bis zum 1. August sinn 142 Escher Bierger krankgefall, mee zum Gléck nëmme sechs dovunner verscheet. De Joseph Flies berifft sech a sengem Bäitrag op Temoignage vun „Escher Leit“, déi d’Cholera iwwerlieft haten an him vu sengem Beruffs- a Glawenskolleeg Henri Kayser resp. vum J.P. Theisen iwwerdroe goufen. Esou gi mir och gewuer, datt, wéi et schéngt, keen eenzegen Dokter zu Esch selwer gewunnt huet, an datt den Dr. Théodore de Wacquant, deem spéiderhin eng Strooss zu Esch dediéiert gouf, vu Féiz mam Päerd oder mat der Kutsch op Esch geridden a gerannt koum, fir de Kranken ze hëllefen! De Jakob Hippert, de Franz Haal an de Jakob Kayser hunn esouwuel als Séilsuerger wéi och als eng Aart „infirmier avant la lettre“ den Doudkranken net nëmmen de leschte Seege ginn, mee hinne virdrun, ënnert eegener Liewensgefor, mat Rot, Dot a vill Mutt reell gehollef a bäigestanen. De Paschtouer Jakob Kayser huet dann och den 22. August säin Asaz misse mat sengem Liewe berappen. Zu deenen 116 Affer huet och de Franz-Anton Buchholtz gezielt, de Begrënner vun de spéideren ets. Quincaillerie Buchholtz aus der Lëtzebuergerstrooss. Nach laang Joren no dëser schrecklecher Tragedie hu sech Leit zu Esch an am wäiten Ëmkrees drun erënnert a sech geschuddert. 1892 sollt dann nach eng weider uerg Pouken-Epidemie nokommen. Parallellen drop an derwidder …!

Bei all deem Misär vu virun elo knapp 160 Joer sinn eis eng ganz Rei u signifikative Parallelle mat a „par rapport“ zu eiser haiteger Pandemie an „toutes proportions gardées“ opgefall. Een Ënnerscheed huet gläich virop doranner bestanen, datt d’Mënsche sech ëm 1866 bewosst waren, datt esou eng Epidemie a „Gäissel vun der Mënschheet“ all Moment iwwert se erabrieche kéint, am Géigesaz zu eis aner, wou mir dach fälschlecherweis gemengt hunn, esou eppes kéint eis 2020 hei am Land, bei esou enger evoluéierter Medezin a virun allem esou dichtege Generalisten a Spezialisten, dach net méi widderfueren … Grad wéi 1865 déi Escher virun der Cholera waren och mir am Virfeld virum Corona gewarnt ginn, ouni datt dat de Virus ophale konnt.

Mee do gëtt et nach aner frappant Ähnlechkeete mat haut, déi engem ze denke ginn. Esou gi mir gewuer, datt déi Mënschen, déi u Cholera verstuerwe waren, direkt hu misse begruewe ginn – an dat an der allerstriktester Intimitéit, grad ewéi dat elo och de Fall ass. Des Weideren hu „croque-morts“ sech domat Mutt gemaach a protegéiert, andeems se sech een ugesoff hunn, wärend déi geeschtlech Hären ongeféier änlech weltlech dierfte gehandelt hunn a sech zousätzlech, wéi den Dr. Joseph Flies ze erziele weess, „bei der Beerdigung und dem Einsenken der Särge in die Gruft ein Desinfizierungsmittel in den Mund steckten“ (s. Säit 338). Mat improviséierte Maske vun all Zort hu se sech och scho bestëmmt virun annerhallwem Joerhonnert op eng änlech naiv a bedauernswäert Aart a Weis ze schütze versicht. Wa se soen, dat d’Moud iergendwann schonn eng Kéier do gewiescht wier, dann hu se leider och an dësem Fall recht …! Par contre ass d’Spréchwuert „on n’arrête pas le progrès“ spéitstens vun elo u mat Virsiicht ze genéissen!

Eng lescht, héchst interessant Parallel nach, an da soll kee méi domadder kommen, et soll ee keng Cholera mam Covid-19 vergläichen: No der Cholera-Kris kruten déi puer geeschtlech an weltlech Persounen, déi zwee an en hallwe Méint laang hire kranke Matbierger altruistesch zur Säit gestanen haten, vum Gemengerot eng eemoleg Primm vun 1.100 Frang zougestanen. Ob dat dankbaart Vollek deemools och schonn owes haart Bravo virun hiren Häipe geklappt huet, ass net am Buch vermierkt, grad esou wéineg, wéi dat duerno alles besser soll gi sinn an ob déi Leit, déi sech ëm anerer gutt gekëmmert hunn, weiderhi konsequent geéiert, materiell ofgeséchert goufen a finanziell ënnert d’Äerm gegraff kritt hunn.