Wunnen ass e Grondrecht – a mat Grondrechter spekuléiert een net

Wunnen ass e Grondrecht – a mat Grondrechter spekuléiert een net
 Foto: Editpress/Isabella Finzi

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

An der Stad hu sech d’Immobiliepräisser an zéng Joer bal verduebelt. Huet eng bestoend Wunneng 2008 nach 4.258 Euro/m2 kascht, sinn et 2018 schonn 8.099 Euro/m2. Landeswäit ass d’Hausse net grad esou extrem, mee mat +58% och immens alarmant. Dësen Trend aggravéiert sech 2019 nach emol, mat enger Präissteigerung vun 11,4% op den Immobiliepräisser par rapport zum selwechten Trimester vum leschte Joer*.

Claude Roeltgen, Historiker, a Max Leners, Jurist

Dëst sinn alles plakeg Zuelen, mee si bezifferen eng Realitéit, e soziale Mëssstand hei ze Lëtzebuerg, deen ëmmer méi zu engem gëftege Sozialcocktail mutéiert: D’Wunnengspräisser explodéieren an d’Wunne gëtt domat fir ëmmer méi Leit, ob al oder jonk, en onerschwéngleche Luxus.

Oft héiert een, datt Politiker behaapten: „D’Demande ass ze grouss, mir mussen d’Offer an d’Luucht setzen.“ Mee bei där Mëllechmeedcherechnung gëtt ee Faktor gäre bewosst vergiess: déi massiv Spekulatioun, déi mat eise Wunnengen an de Bauterrainen hei zu Lëtzebuerg bedriwwe gëtt an d’Steigerung vun den Immobiliepräisser zousätzlech befeiert.

Spekulatioun mat de Wunnengen

Ganz Appartementsbléck gi mëttlerweil vu kapitalkräftege Fongen aus der ganzer Welt opkaf. Wat dat fir d’Bewunner vun deenen Immobilie bedeit, si mir deslescht vun engem Betraffene gewuer ginn. 2016 ass e ganzt Appartementshaus an der Stad, bestoend aus fënnef Wunnengen, vun engem Fong opkaf ginn. Dräi Locatairë kruten direkt hire Kontrakt gekënnegt. De Rez-de-chaussée, den éischten an den zweete Stack sinn ëmklasséiert, a Bureausraimlechkeeten ëmgewandelt an nei verlount ginn. Zwee Locatairë si bliwwen, déi nach deen ale Loyer bezuelt hunn an net wollte plënneren. Déi sollt et elo knëppelhaart treffen: Eng Loyerserhéijung vun 1.500 Euro ass an d’Haus geflattert, opgedeelt op dräi Tranchë vun allkéiers 500 Euro.

De Comble ass, datt dës Erhéijunge vum Loyer komplett legal sinn. D’Gesetz iwwer d’Mietrecht vun 2006 ass am Artikel 3 (4) leider ganz kloer: „Le prix d’acquisition indiqué dans l’acte authentique translatif de propriété, et les frais de l’acte, sont présumés correspondre au jour de la signature de l’acte au capital investi, réévalué et décoté.“

Keen Eenzelfall

De Kafpräis, deen de Fong op den Dësch geluecht huet, ass entscheedend beim Festleeë vum maximale Loyer, deen de Fong als neie Proprietär däerf froen. Dësen ass op 5% vum Kafpräis pro Joer limitéiert. Ouni déi geréngst substantiell Verbesserung vun der Liewensqualitéit fir de Locataire, duerch de simpele Fait, datt de Proprietär gewiesselt huet, kann de Fong esou eng Erhéijung vum Loyer also duerchzéien.

D’Rechnung ass bei der aktueller Gesetzeslag schnell gemaach: entweder 1.500 Euro méi Loyer bezuelen oder plënneren … Och déi zwee verbleiwend Locatairë wäerten hir Wunnenge wuel op laang Siicht verléieren, fir datt de Fong säin Investment ka rentabiliséieren.

Dës traureg Geschicht ass leider keen Eenzelfall an ass d’Konsequenz vun engem geckegen Immobiliemarché, wou Berodungsfirmen duerch d’Welt pilgeren a kräfteg d’Werbetrommel schwéngen, fir datt international Fongen an de Lëtzebuerger Immobiliemarché investéieren. Och ëmmer méi Fonge baussent der Europäescher Unioun, déi zum Beispill Oligarchen aus Kasachstan oder Aserbaidschan gehéieren, investéieren an de Lëtzebuerger Marché.

An Zäite vun extrem déiwen Zënsen, an enger vun Handelskricher gezeechenter Weltekonomie, schéngt een Investment an de Lëtzebuerger Steen mat enger phänomenaler Profitaussiicht vun iwwer 10% wéi ee Sechser am Lotto. D’Récksäit vun dësem Investisseur-Eldorado sinn d’Awunner vun der Stad, déi puer, déi et nach gëtt, deenen hir Loyeren explodéieren an déi reegelrecht aus der Stad verdriwwe ginn. D’Stad gehéiert elo de Fongen, d’Stater Politik kuckt weider no, an déi betraffe Stater mussen an d’Peripherie wunne goen a moies am Stau stoen …

D’Beispill vun der Schwäiz

Dësem Phänomen kann een elo weider nokucken – oder de politesche Courage hunn a ferm a schnell entgéintsteieren. An der Schwäiz hate se eng ähnlech Problematik an de 60er Joren. Déi Superräich aus der ganzer Welt wollten all eng grouss Hüttli an der Alperepublik, an d’Präisser sinn deementspriechend geklomm. D’Awunner, virun allem déi aus den Touristeregiounen, si verdrängt ginn. Mee d’Schwäizer hunn net nogekuckt. Nee, si hunn agéiert. E Gesetz ass geschriwwe ginn, „Lex Koller“. Dëst Gesetz enthält Restriktioune fir d’Kafe vu Wunnengen. Just ënnert ganz limitéierte Konditioune kënne Persounen, déi baussent der Europäescher Unioun wunnen, Wunnraum an der Schwäiz kafen.

D’Lëtzebuerger brauchen déiselwecht Protektioun, an eng deementspriechend Gesetzgebung muss schnellstens zesumme mat enger Reform vum Mietrecht ausgeschafft a gestëmmt ginn, fir d’Spekulatioun mat eise Wunnengen alt sou wäit et geet anzedämmen!

E weidere grousse Problem zu Lëtzebuerg ass, datt d’ëffentlech Hand, also d’Gemengen an de Staat, nëmmen e ganz klengen Deel vum fräien ausgewisene Bauland besëtzt. Laut där rezenter Etüd zur Verdeelung vum Bauland hei am Land waren am Joer 2016 insgesamt 2.959 Hektar Bauland disponibel – mat engem Gesamtwäert vun 20,7 Milliarden Euro**.

Spekulatioun mam Bauland

Déi 100 gréisst privat Baulandproprietären zu Lëtzebuerg hate Bauterrainen am Wäert vun 2,84 Milliarden Euro. Dat heescht engersäits, datt jiddwer vun deenen 100 Privatpersounen am Duerchschnëtt Terrainen am Wäert vun 28,4 Millioune besëtzt. Anerersäits, an dat ass mindestens genausou erschreckend, besëtzen 0,017% vun der Gesamtbevëlkerung vum Land 13,7% vum Wäert vum gesamte fräie Bauland am Grand-Duché. Zum gläichen Zäitpunkt haten de Staat, d’Gemengen an all d’Gemengesyndikater zesumme just en Undeel vun 11,2%.

Et ass awer net esou, datt déi Groussgrondbesëtzer dës Terraine bei Ufro verkafen. Ganz am Géijendeel, si weigere sech partout, déi Terrainen zu engem faire Präis ofzeginn – vill léiwer behale si se ongenotzt iwwer Joerzéngten, fir op d’Steigerung vun de Präisser ze spekuléieren, a verkafen ëmmer nëmmen eng kleng Parzell, wa se eng Kéier Liquiditéite brauchen. Doduerch blockéiere bzw. diktéiere si de Wuesstem an d’Entwécklung vum Land. Vu dass de Präis vum Grondstéck e groussen Undeel um Endpräis vun engem Bauprojet ausmécht, dreiwen déi puer Privatpersoune mat hirer onethescher Praxis d’Immobiliepräisser weider no uewen a belaaschten doduerch récksiichtslos all déi aner Awunner vum Land.

D’Regierung muss d’Bekämpfung vun dëser Baulandspekulatioun zu enger vu hire sozialpolitesche Prioritéite maachen an däerf sech net vun där quasi sakraler Stellung vum Immobilieneegentum an eiser Gesellschaft ofschrecke loossen, déi toxesch Konsequenze fir d’sozial Gerechtegkeet hei am Land provozéiert.

En erhéichte Steiersaz fir ongenotzt Bauland

Et ass evident, datt grouss ongenotzt Grondstécker, déi als Bauland ausgewise sinn, ab engem gewëssene Wäert mussen op nationalem Niveau däitlech méi staark besteiert ginn. Eng jäerlech Stéier, déi prozentual zum Gesamtwäert vun den ongenotzte Bauterraine vun enger Privatpersoun berechent gëtt an déi eventuell mat der Dauer vum Broochleie progressiv klëmmt, wier hei eng Piste, déi ee kéint envisagéieren.

Mee och d’Reform vun der Grondsteier kéint dëse soziale Mëssstand ugoen. Ee staark erhéichte Steiersaz fir ongenotzt Bauland misst agefouert ginn, fir d’Groussgrondbesëtzer dozou ze „encouragéieren“, hir Terraine fräizeginn. Duerfir misst d’Grondsteier progressiv wierken, dat heescht, datt d’Steiersäz eropginn, je méi Terraine bzw. Wunnengen eng Privatpersoun oder eng Societéit besëtzt. Eng reforméiert Grondsteier, déi weiderhin déi 30. Wunneng oder Bauterrain vun engem Immobiliespekulant sou besteiert ewéi déi eenzeg Wunneng vun enger Famill, wär aus sozialpolitescher Siicht net vertrietbar.

D’Regierung dierf net méi zouloossen, datt e puer Privatpersoune sech op Käschte vum Recht vun der Gesellschaft beräicheren a muss eppes géint déi gravéierend sozial Kris um Wunnengsmaart ënnerhuelen. Eng Regierung vertrëtt net d’Interesse vun deenen 100 privilegéierte Multimillionären, mee eenzeg an eleng déi vun der Allgemengheet, dëst am Interêt vum Gesamtwuel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

Elo ass d’Zäit, dat ze beweisen.

Claude Roeltgen, Historiker, und Max Leners, Jurist
Esch/Alzette, Dudelange

* Le Logement en chiffres (octobre 2019)
** L’Observatoire de l’habitat, „Le degré de concentration de la détention du potentiel foncier destiné à l’habitat en 2016“ (Luxembourg, 2019)

luss
8. November 2019 - 17.26

pensionsfonds aus Westeuropa kaufen in Osteuropa Ackerland auf. zb werden 5000ha fuer einen preis von 5000€ den ha und der pensionsfond kassiert ueber einen Strohmann als Besitzer landwirtschaftliche Praemien der EUAgrarpolitik. Auf diesen Feldern werden keine Nahrungsmittel produziert, die felder werden zweimal pro jahr abgemaeht. Die pensionsfonds investieren in Boden weil auf dem normalen Geldmarkt wegen Niedrig zinsen kei zuwachs erzielt wird, im Gegenteil das Geld wird durch die Inflation weniger wert. das ist eine andere Art der Bodenspekulation

Peter
8. November 2019 - 9.02

Der Artikel übersieht leider eine sehr wichtige Grundvoraussetzung für jegliche Art von Veränderungen. Es müssen mehr Wahlberechtigte von einer Veränderung profitieren als verlieren. Der weitaus größere Teil der Wahlberechtigten besitzt eine bis mehrere Immobilien und ist somit unmittelbarer Profiteur dieser Mangelwirtschaft. Erst wenn es unter der wahlberechtigten Bevölkerung mehr Mieter als Eigentümer gibt, wird sich daran etwas ändern. So kurzsichtig kann eine Demokratie sein..., leider.

Nomi
7. November 2019 - 15.52

Bei engem nei ze bauenden Appart vun 450 000 € inkl Garage huet den Terrain een Undeel vun 170 000€ . Wann mer also ob deem Site duebel so'u vill Appartementer an der Heicht bau'en dann gett daat Appart 80 000€ mei' belleg fir di selwescht Qualitei't . Ech sinn och net dofir datt dann lauter heich Heiser eent um aaneren stinn, mee dat kann jo proper geplangt ginn ! Dofir get et jo studei'ert Architekten !

Chris
7. November 2019 - 14.48

Beispiel Eisterreich, Wien - d'Staad hellt Spekulanten dovun of grouss anzekaafen, well eng bestemmten Unzuel vun Wunnenegen an Heiser ennert engem Miet/ ODER Preis Niveau bleiwen MUSSEN. Domat sin Spekulanten eraus. well dat ass net mei renatbel. En aneren groussen Deel vun Wunnengen an Heiser bleiwen an der Hand vom Staat fir ze verlounen, an zwar ausschliesslech fir ze verlounen. An dann kann et net sin, dass Leit dei net hei wunnen zej Wunnengen hei kaafen kennen. Fier Net-Awunner därfen Immobilien nemmen begrenzt zur Verfüjung stoen, an nemmen zu ganz restriktiven Konditiounen. Et as eijentlech einfach - stellt sech d Fro virwat Politik naischt mecht.... AN ZWAR GUER NAISCHT!

KM
7. November 2019 - 9.52

Privatbesitz ist per Verfassung geschützt vor staatlicher Enteignung. Jedoch sollte diese nur im Fall des Baus von staatlicher Infrastruktur (Straßen, öffentliche Gebäude) zulässig sein! Auf keinen Fall um das enteignete Land später gewinnbringend zu verkaufen!

Jean
7. November 2019 - 9.09

Also wollen sie jeden im Namen der Allgemeinheit enteignet? Aber wer verwaltet das Bauland welches der Allgemeinheit gehört? Korrupte Politiker die in die eigene Tasche wirtschaften! So wird das Problem auch nicht gelöst.

Jugel
6. November 2019 - 23.40

"Das ist salonfähiger, elitärer Staatsterrorismus, und unsere FREIE PRESSE schweigt." Man liest ihre Beiträge hier und anderswo jeden Tag, schweigen kann man das nicht nennen.

de Ben
6. November 2019 - 16.47

Da besteet eist Land gläich nëmme méi aus Héichhäiser! Nët schlecht. Besser ass anescht.

Bender
6. November 2019 - 10.10

Wann sou een massiven Wunnengsmangel do as, hëlleft dat alles och net méi vill. Wat net duerf sin, sin eidel Wunnengen. Et kritt een einfach baal keng Wunneng, d'Offer as winzeg. Natierlech, explodéiren d'Präisser dann. Déi eenzeg Chance as meeschtens en neie Projet, deen nach guer net gebaut as. Steet d'Gebai bis, as schon alles verkaaf. D'Gemengepolitiker mussen hir Phobie von Héichhaiser lassginn. Déi bedeiten net emmer direkt Ghetto, schon guer net bei deene Präissdimensiounen. Monaco as dicht bebaut an komescherweis trotzdem keen Ghetto (zwar vill aner Saachen mee dat net).

en ale Sozi
6. November 2019 - 9.48

Ganz richteg, dass d'Wunnen e Grondrecht ass. Awer wéivill Grondrechter gi regelrecht mat Féiss gestouss? Wien vertrëtt haut nach d'Rechter vum Mann vun der Strooss? Mir liewen an engem Dschungel vun Ongerechtegkeet an Ongläichheet!

Gast Suennen
6. November 2019 - 7.50

Sehr gute und zutreffende Analyse der Situation.Aber nun heisst es HANDELN.WEM gehört Land,also auch Bauland?Der Allgemeinheit! Also soll das Bauland auch zurück in den Besitz der Allgemeinheit.Dann wird Bauen wieder erschwinglich,wenn man Eigentümer eines Hauses oder einer Wohnung werden kann,ohne,ohne ein eigenes Baugrundstück besitzen zu müssen.

Wester Gust
6. November 2019 - 6.32

Es wird wohl keiner so realitätsfremd sein um zu glauben, dass man die reichen Spekulanten, mit immer guten Beziehungen zu den politischen Entscheidungsträgern, enteignen wird. Man wird nur jene enteignen die einen Notgroschen für ihre Kinder behalten wollen. Und dann übergibt man das geraubte Areal an Spekulanten. Beispiel Bettemburg: Unter den Vorwand URILITE PUBLIQUE enteignete man Bauern. Dann nach weniger Zeit verkaufte die Politik jene Ländereien 80 Male teurer als sie diese erbeutet hatten. Das ist salonfähiger, elitärer Staatsterrorismus, und unsere FREIE PRESSE schweigt.