Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

 

HC Bierchem – HB Péiteng 32:30

D’Equipe vu Bierchem huet sech um Samschdeg ganz schwéier gedoen doheem géint den HB Péiteng. Dobäi hat ee geduecht et géing eng relativ kloer Affär ginn. Déi Bierchemer haten ëmmer nees een eigentlech komfortabele Virsprong erausgespillt, ma se hunn et de Péitenger ëmmer nees erlaabt erunzekommen. An der Schlussphas hu si dunn awer nach eng Kéier hir Qualitéit ënner Beweis gestallt fir d’Partie um Enn dann awer ze gewannen, och wa knapp mat 32 op 30.

HBC Schëffleng – Red Boys 34:40

D’Red Boys si kloer favoriséiert an d’Partie géint Schëffleng gaangen. No ronn 26 Minutten haten d’Red Boys schonns ee Virsprong vu 5 Goaler, ma d’Equipe vu Schëffleng huet sech net opginn an huet den Déifferdenger d’Liewe ganz laang ganz schwéier gemaach. 10 Minutte viru Schluss konnt Schëffleng de Réckstand op 1 Goal verkierzen, ma um Enn ass der Lokalequipe dunn awer d’Loft ausgaangen, well um Enn verléiere si mat 34 op 40 géint d’Red Boys.

HB Käerjeng – HB Esch 30:30

Am Spëtzematch tëscht Käerjeng an Esch war et och eng ganz enk Affär. No 25 Minutte stoung et 11:11, ma kuerz virun der Paus war dem HB Käerjeng e bëssen d’Loft ausgaangen an esou konnt Esch profitéieren fir zur Paus mat 3 Goaler am Avantage ze leien. Dëse Virsprong konnte si laang halen, nach 8 Minutte viru Schluss hate si dee Virsprong vun dräi Goaler, dat beim Stand vun 28 op 25. Ma do hunn déi Escher d’Spill e bëssen aus der Hand ginn a Käerjeng konnt kuerz viru Schluss op 30:30 stellen an esou geet d’Partie mat engem Remis op en Enn.