NoruffD’Bicher bleiwen: De Manuel Schortgen ass vun eis gaang

Noruff / D’Bicher bleiwen: De Manuel Schortgen ass vun eis gaang
 Foto:Editpress/AlainRischard

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

No e puer Ofsoen a laangem Waarden op Äntwerten hunn ech 2016 e puer Kopië vu mengem Manuskript ënnert den Aarm geklemmt a sinn op d’Walfer Bicherdeeg gepilgert, d’Houmass vum Lëtzebuerger Literaturbetrib. Dat ass dat net aussergewéinlecht Schicksal vu villen Auteuren a Schrëftsteller hei am Land. Iergendwann stoung ech um Stand vun den Editions Schortgen. Do hunn ech de Manuel Schortgen kenne geléiert.

Hien hat direkt en Ouer fir mäin Uleies an huet mer, trotz de ville Leit, déi de Stand belagert hunn, interesséiert nogelauschtert. Sechs Woche méi spéit krut ech en Uruff vum Manuel Schortgen mat der Zouso, dass mäin éischt Buch wäert gedréckt ginn. Esou wéi mir ass et enger ganzer Rei Auteuren zu Lëtzebuerg ergaangen. Méi wéi ee Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen ech duerno kenne geléiert hunn, huet mir eng ganz änlech Geschicht vum Manuel Schortgen erzielt.

Zesumme mat senger Ekipp huet hien e villfältege Portfolio proposéiert, vum Beau-livre iwwert d’Kannerbuch an d’Konschtbuch bis zur Belletristik. Nodeem si d’Editions Saint-Paul iwwerholl haten, sinn d’Editions Schortgen zu engem grousse Player um Lëtzebuerger Marché ginn. De Manuel Schortgen war dobäi déi dreiwend Kraaft. Obwuel hie vill verschidden Engagementer hat, huet hien sech Zäit fir seng Auteure geholl an se ëmmer nees fir Liesunge proposéiert. Hie war sech och net ze schued, fir selwer Këschten ze schleefen an de Stand opzeriichten, sief et op engem lokale Maart oder op méi grousse Manifestatiounen.

Villfälteg a passionéiert

Hie war iwwerzeegt vum Lëtzebuerger Buch. Dat weist d’Offer vum Verlag, egal, wéi en Theemegebitt ee sech ukuckt. D’Panoplie vun de verschiddenen Auteuren ass breet, d’Palett vun den Theme ganz variéiert. Nieft neien Auteuren, déi reegelméisseg hir Chance kruten, fënnt een och Klassiker mat Titele wéi „Perl oder Pica“ oder d’Kachbicher vum Ketty Thull. De Manuel Schortgen huet gär erzielt, wéi et him gelonge war, d’Rechter vum bekanntste Kachbuch vu Lëtzebuerg ze ergatteren an et drécken ze kënnen. Mee natierlech war en och e Geschäftsmann mat engem gudde Gespier fir Produkter, déi fonktionéieren. Dat bezeien nieft dem kommerziellen Erfolleg och déi sëllege Präisser, déi dës Bicher gewonnen hunn.

Wann ee mat engem neie Projet bei hie koum, huet e sech dat ugekuckt. Wann hie Jo gesot huet, huet e säi Wuert gehalen. Wann en Nee gesot huet, war et ni nëmmen en einfachen Neen. Hien huet gedëlleg a mat gudden Argumenter duergeluecht, firwat hien eng Iddi oder en Text net gutt fonnt huet oder der Meenung war, dass et net bei d’Offer vun den Editions Schortgen géing passen. Am nämmlechten Otemzuch huet en den Auteur awer och encouragéiert, et bei engem anere Verlag ze probéieren. Hien huet an deem Sënn kengem Steng an de Wee geluecht oder op vertraglech Klausele gepocht.

Säi Wiesen huet een ageholl. Hie konnt Geschichten erzielen an hätt wuel selwer d’Talent gehat, Romaner ze schreiwen. Seng professionell Approche fir en Text vum Manuskript iwwert Lektorat, Korrektorat a Layout bis zum fäerdege Buch ze bréngen, huet och anere Mënschen Aarbecht ginn. Iwwer seng Aufgab als Editeur eraus war hien ënner anerem och an der Federatioun vun den Editeuren engagéiert.

D’Famill an d’Associéen, mat un éischter Plaz dem Lena Schortgen, wäerten dem Manuel Schortgen säi Wierk weiderféieren. Am Trauerschreiwes, dat den trageschen Doud vum Manuel Schortgen am Alter vun nëmme 46 Joer matdeelt, ass ënnen op der Säit en oppent Buch gezeechent. Dat Buch, dat de Manuel Schortgen opgeschloen huet, ass deemno nach laang net zou.