/ D’ CSV an de Referendum
D’CSV wäert di Campagne notzen, fir hir Positioun ëmmer nees ze widderhuelen. Déi ass 3 X NEE! Eng prinzipiell Oppositiounshaltung géint d’Regierung. An awer och fundamental Divergenze mat hir, notamment: – fir d’CSV kënnt et net a Fro, d’Wahlrecht vun der Nationalitéit lasszeléisen – an d’Wahlrecht aus der Groussjäregkeet erauszehuelen.
D’CSV wäert net mathëllefen, Stëmmung an iergendeng Richtung ze maachen. Et kann ee vläicht soen, dass fir d’CSV dee Referendum do e lästegen „Non-Sujet“ ass. D’CSV wäert just erklären, firwat si oprifft, fir mat Neen ze stëmmen. An do huet ee beim Michel Wolter eraushéieren, dass hien awer muss e bësse rudderen, fir di kategoresch Oppositioun op deenen dräi Froen iwwerzeegend eriwwerzebréngen.
Wat kann een z.B. géint e fakultatiivt Wahlrecht ab 16 Joer hunn? Do gëtt et keen iwwerzeegend Argument dergéint. Di Theorie do vun der Groussjäregkeet ass onhaltbar. Béier a Wäin kann een ab 16 Joer à volonté drénken, do brauch een net groussjäreg ze sinn; mä wiele goen, dat geet net.
Ech huelen un, dass de Wee op d’Tankstell als harmlos ugesi gëtt, mä de Wee an d’Wahlkabinn eng Gefor fir de Jugendlechen duerstellt.
Nom Här Wolter sengen Aussoen wäert sech d’CSV och net op eng profund Diskussioun iwwert den Demokratiedefizit aloossen, also doriwwer, wéi dee Gap zwëschent der Zuel vun de Residenten an der Zuel vun de Wahlberechtegten, deen ëmmer méi grouss gëtt, signifikativ ka reduzéiert ginn. Firwat sollt een an eiser Situatioun net de Suffrage universel op di Jonk ab 16 Joer an op d’auslännesch Residenten (ënner Bedingungen) fakultativ ausdehnen?
„Homeopathesch“ Wierkung
De Suffrage universel huet sech jo nach ëmmer weiderentwéckelt. Fir d’éischt war den „âge de voter“ 25 Joer (1848), dunn ass en erofgaangen op 21 (1919) an duerno op 18 (1972). Wat sprécht dann elo dergéint, de Krees vun de Wieler ze erweideren? Si mir haut méi konservativ ewéi eis Virfahren? Och d’Wahlrecht fir di Jonk géif hëllefen, de Gap méi kleng ze maachen. D’CSV wäert sech also och net op eng Diskussioun driwwer aloossen, dass an eisem Land Nationalitéit a Wahlrecht scho wäitgehend lassgekoppelt sinn (Gemengewahlen, Europawahlen) an dass mer op Grond vun de Populatiounszuelen elo den nächste Schrëtt an Ugrëff huele mussen, soss gi mir zu enger dauerhaft minoritärer Demokratie. Den Här Wolter seet, dass d’Gemengen den „Nucleus“ vun der Politik sinn.
Do konnt d’Nationalitéit vum Wahlrecht lassgekoppelt ginn, awer fir d’Chamberwahlen geet dat net. An et ass grad do, wou d’Auslänner matgezielt gi sinn, fir d’Zuel vun den Deputéierten insgesamt ze bestëmmen (säit 1988 läit se bei 60) a pro Wahlbezierk. An et ass grad d’Chamber, déi der Verfassung no d’ganz Land (= d’ganz Bevëlkerung) soll vertrieden. Do hunn awer gläich 50% vun de Vertruedene kee Stëmmrecht. D’accord, d’Formulatioun vun der Fro N° 2 ass net ganz glécklech an d’Konditiounen esou aschränkend, dass, ewéi de Serge Kollwelter geschriwwen huet, ënnert deene Konditiounen d’Wahlrecht fir auslännesch Residenten nëmmen eng „homeopathesch“ Wierkung wäert op den Demokratiedefizit hunn. An och d’Oplockerung vun der Nationalitéit, wéi vun der CSV proposéiert gëtt, hätt nëmmen eng minimal Wierkung.
Nëmme wann di dräi Mesurë géifen ëmgesat ginn, also och déi vum fakultative Wahlrecht ab 16 Joer, kéime mer e richtegt Stéck weider, fir den demokrateschen Defizit ze reduzéieren.
An trotzdem ass de Referendum en éischte Schrëtt, egal wéi en zustane komm ass an egal wéieng Mängel en opweist. Wann ee fir Demokratie ass, fir demokratesch Gerechtegkeet a Representativitéit, da kann een bei deenen zwou Froen, déi hei viséiert sinn, nëmme mat Jo stëmmen.
- CDMH-Affäre: Gemeinderat will Untersuchungs-Ergebnisse abwarten - 23. März 2024.
- Reminder-Brief an Gloden: Gemeinderat fordert erneut Aufklärung über Polizeiabzug - 23. März 2024.
- Abgeordnete beschließen Budget von 362 Millionen Euro für Europaschule in Junglinster und Lyzeum in Bonneweg - 20. März 2024.