LHCE-Direkter Jean Theis„D’Äntwert op negativ Entwécklunge läit bei der Jugend“

LHCE-Direkter Jean Theis / „D’Äntwert op negativ Entwécklunge läit bei der Jugend“
Jean Theis, Direkter vum Lycée Hubert Clément Photo: LHCE

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Jean Theis, Direkter vum Lycée Hubert Clément, empfängt dës Woch am ganzen 18 europäesch Schoule fir eng Projetswoch an de Lycée op Esch. De Projet heescht „European Youth: Values – Identity – Culture“, bei deem sechs Partnerschoulen aus Dänemark, Eisträich, Griichenland, der Slowakei, Holland a Lëtzebuerg iwwert zwee Joer zesummen u verschidden Theme geschafft hunn.

Am Mëttelpunkt stinn zu Esch déi fundamental europäesch Valeuren, déi a Form vu Workshoppen vun de Schüler opgeschafft solle ginn. Aner Themen, déi am Projet behandelt ginn, sinn z.B., wéi Europa an eise Schoulbicher an de verschiddene Memberslänner behandelt gëtt. Et gëtt no Ennerscheeder gekuckt, d’Meenunge vun de Jonke gi berücksichtegt an et gëtt am Grupp gekuckt, wéi europäesch déi Jonk sech spieren, wat hinnen d’EU als Bierger bréngt a wéi eng Virdeeler d’EU am Allgemengen huet.

D’Erwaardungen un déi Woch si grouss, ënnert anerem, datt d’Schüler virun allem Spaass hunn, sech awer och bewosst ginn, datt mir all duerch Europa zesumme verbonne sinn. An deem Zesummenhang sollen d‘Schüler och méi iwwert Europa bäiléieren, andeems si och zu Lëtzebuerg déi fréier an aktuell europäesch Institutioune besichen.

Gefrot nom Opwand vun esou enger Projetswoch, äntwert de Jean Theis, datt et ganz vill Aarbecht ass, esou eppes op d’Been ze stellen an datt et ouni Hëllef vu villen Akteuren net klappe géif: „Mir musse Famillje sichen, déi di auslännesch Schüler ophuelen, mir mussen Hoteller a Restauranten organiséieren, mir mussen Transport organiséieren, mir mussen Atelieren organiséieren, mir mussen e flotten touristesche Programm ronderëm organiséieren, mir mussen eng ‚Cérémonie d’ouverture’ an eng ‚Clôture’ organiséieren, a villes méi“, esou den LHCE-Direkter.

Finanzéiert gëtt de „VIC Projet“ vun „ERASMUS+“-Gelder, mä och Sponsoren wéi d’Spuerkeess, d’Gemengen Esch, Kayl, Déifferdeng an Diddeleng oder awer och e Subside vun der Amicale vun den Anciens vum LHCE feieren dozou, dat eis Ausgaben gedeckt kënne ginn.

Fir den Jean Theis ass grad elo déi wichteg Zäit, fir déi Jonk iwwert Europa z’informéieren an opzeklären: „Wa mir kucken, wat iwwert déi lescht Joeren an Europa gelaf oder besser schifgelaf ass, wéi ëmmer méi Länner politesch no riets rutschen, da musse mir elo bei de Jonken intervenéieren. Just wann ee selwer weess, wat leeft a wéi et leeft, da gleeft een net iergendwelche Leit, déi iergendeppes erzielen“, esou den Direkter ofschléissend.

jo
25. Oktober 2022 - 12.52

"dat Schüler virun allem Spaass hun" besser wier wann d'Schoulprogrammen seriö ofgearbecht geifen! the dawning of Europe... keng Dokteren, keng Ingenieuren, keng kapabel Handwierker, keen ausgebilten Leierpersonal..... Direkteren lafen falschen Illusiounen no! si wëllen och an d'Press. an Dier dot hinnen kritiklos de Gefaalen!