/ Relatioun vun Natioun a Wahlrecht
Beim Wahlrecht geet et ëm demokratesch Participatioun, an déi kann een an enger representativer Demokratie, wou nëmmen nach d’Halschent vun der Bevëlkerung d’Wahlrecht huet, net just fir d’Staatsbierger reservéieren (besonnesch do net). Well vun Ufank un, säit et eis modern Demokratie gëtt, ass d’gesamt Populatioun geholl ginn, fir d’Zuel vun den Deputéierten ze rechnen; also vertriede si och d’auslännesch Awunner.
Dee Prinzip ass och bei eis nach ëmmer lieweg a gëtt och vum Staatsrot konsequent verteidegt (voir Avis N° 50.213 vum 8.10.2013). Am Artikel 50 vun eiser Constitutioun steet kloer, dass d’Chamber d’Land vertrëtt, d.h. d’ganz Populatioun. No der Verfassung vertrieden also d’Deputéiert zu Lëtzebuerg och di 46% auslännesch Matbierger, di awer just kee Stëmmrecht hunn.
Den ADR wollt mat engem Projet de loi iwwert d’Wahlbezierker am Joer 2013 dee Prinzip ëmstoussen an erreechen, dass d’Zuel vun den Deputéierte pro Wahlbezierk sollt en fonction vun der Zuel vun de Wahlberechtegten an net méi en fonction vun der Gesamtpopulatioun gerechent ginn. De Projet de loi N° 6558 ass am Oktober 2014 vun der Chamber verworf ginn (57 Non, 3 Oui).
(Hei kann een d’Interventioune kucken)
Den ADR wollt mat dësem Projet de loi ganz kloer den auslännesche Matbierger d’Dier fir d’Wahlrecht zoumaachen.
Well deemools d’CSV och géint den ADR-Virschlag gestëmmt huet, heescht dat jo eigentlech, dass si eisen auslännesche Matbierger déi Dier wollt ophalen, wat een aus heideger Siicht muss begréissen.
Instrumentaliséiert den ADR Nee2015?
An trotz all dëse Fakte fueren d’Géigner vum Awunnerwahlrecht weider, ze behaapten, dass d’Chamber géif d’Natioun vertrieden, d’Natioun wiere just d’Lëtzebuerger, d’Chamber géif also net d’Auslänner vertrieden. Dës Desinformatioune gi bewosst iwwert eng Facebook-Säit an en Internet-Site gestreet (Nee2015), déi vun zwee Leit an d’Liewe geruff gi sinn. Do tauche ganz vill Nimm vun ADR-Militanten op an Nimm vu Leit, déi nach vill méi riets stinn ewéi den ADR. An den ADR setzt sech och offiziell fir déi Initiativ an, wéi d’parlamentaresch Fro vum Deputéierte Kartheiser un d’Adress vum Staatsminister, datéiert op den 13. Abrëll, beweist.
D’Wahlrecht ass hei zu Lëtzebuerg an an der EU elo scho wäitgehend vun der Nationalitéit lassgeléist. D’Uniounsbierger hunn aktiivt a passiivt Wahlrecht um Gemengenniveau a fir d’Europaparlament. Bei de Gemengewahle si mir nach vill méi wäit gaangen an hunn d’aktiivt an d’passiivt Wahlrecht fir all Awunner, egal wéi eng Nationalitéit se hunn, opgemaach. Ënnert de Konditiounen, dass ee säit fënnef Joer am Land wunnt, mindestens 18 Joer al ass a sech op d’Wahllëschten aschreiwe geet.
Den nächste Schrëtt wier elo, deen enormen Demokratiedefizit, dee mir bei de Parlamentswahlen hunn, ze behiewen an den auslännesche Matbierger zu Konditiounen, déi nach ze definéiere bleiwen, d’Wahlrecht um nationale Niveau ze ginn.
An Neuseeland kann een z.B. no zwee Joer ënnert enger Rei Bedingungen „Permanent Resident“ ginn, an dann huet een d’aktiivt Wahlrecht bei alle Wahlen. Doduerch ass Neuseeland als Natioun natierlech net geschwächt ginn.
Hoffentlech bréngen d’Leit, déi vun der Vernonft geleet ginn, et nach bis de 7. Juni fäerdeg, de Leit, déi ënnert dem Afloss vun Desinformatioune stinn, hir Angscht virum Friemen ze huelen.
Eleng duerch Naturalisatioun kréie mir deen enorme Gap tëschent Awunner a Wahlberechtegten nimools zou. D’Immigratioun war nach ni esou staark ewéi an deene leschte puer Joer, netto 10.000-11.000 pro Joer. A mir kréie vläicht 3.000 Awunner pro Joer naturaliséiert. D.h. dass den Demokratiedefizit ëmmer mi grouss gëtt. Mir wëlle jo sécher net an engem Land liewen, wou eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit bestëmmt. Well da sinn iergendwann Spannungen net méi ze vermeiden.
Mil Lorang
(Dieser Beitrag erschien erstmals am 16. April 2015 im Tageblatt.)
- CDMH-Affäre: Gemeinderat will Untersuchungs-Ergebnisse abwarten - 23. März 2024.
- Reminder-Brief an Gloden: Gemeinderat fordert erneut Aufklärung über Polizeiabzug - 23. März 2024.
- Abgeordnete beschließen Budget von 362 Millionen Euro für Europaschule in Junglinster und Lyzeum in Bonneweg - 20. März 2024.