La Maison Berbère“ gëtt ofgerappt

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

... wäre Schönheit doch bloß so ansteckend wie Hässlichkeit (Rob Krier) Pol Stanzeleit*

LUXEMBURG – Och een Architekt kritt Honger. Duerfir geet och hien heiansdo gären iessen.
Ee vu menge Lieblingsrestaurante läit an der Glesener Strooss. Well de Mënsch jo virwëtzeg ass, soen ech hei och gären den Numm vu mengem Restaurant.
Et ass d’„Mère Nature“. DKichen ass exzellent, well hei ee Meeschter um Wierk ass (Grazie Mille, Signor Franco!), an de Service ass frëndlich an zevirkommend (Grazie Signor Paulo, Grazie Signor Yves!).
Kuerz, hei ass et ëmmer „buonissimo“! Nom Iesse geet een als zefriddene Klient erëm heem.
Déi leschte Kéier sinn ech dunn, gutt gelaunt, d’Glesener Strooss eropgaangen, Richtung Duchscher Strooss (André Duchscher, dramateschen Auteur, 1840-1911).
Op der Nummer 26 ass de Restaurant „La Maison Berbère“ mat marokkanescher Kichen. Ech sollt mengen Aen net trauen, meng Laun war wéi ewechgeblosen, wéi ech de Panneau gesinn hunn, datt dëst Haus ofgerappt gëtt.
Krenondikass, dat kann dach net sinn! „La Maison Berbère“ ass ee schéint Eckhaus mat villen interessanten Detailer an enger dach relativ traureger Strooss.
Mee d’Glesener Strooss läit mir besonnesch um Häerz. Hei hunn ech meng berufflech Carrière ugefaangen, an zwar beim schonns laang verstuerwenen Architekt Robert F. Heintz-Sturm (Merci Robert!), dat ass och schonns laang hir, et war 1973.
Maache mir mol zesummen, wann der wëllt, eng kleng Architekturanalys vun dëser Stroossesäit, ugefaange bei der Adolphe-Fischer-Strooss (Buergermeeschter vun Hollerech, 1828-1892).
D’Gebaier Nummer 60 (Parkhaus a Police-Büro) an Nummer 58 sinn oninteressant, fir net ze soe gräisslech.
De 56 dergéint ass ee schéint Haus.
54 an 52: Dat sinn immens schéin Haiser, déi super restauréiert gi sinn (bis op d’Garagëpaarten, mee dat ass jo och net sou einfach), meng Félicitatiounen!
Iwwert déi nächst Gebaier verléieren ech kee Wuert. E bësse besser ass d’Gebai Nummer 46. DHaiser mat den Nummeren 38, 36, 34 sinn erëm vill besser, missten awer renovéiert ginn. Iwwert d’Nummeren 32, 30 (Betonréibau) soen ech erëm näischt.
DHaus Nummer 28 ass erëm o.k. An da kënnt „La Maison Berbère“, Nopeschhaus mat der Nummer 24, et ass ee schéint Haus, uerdentlech an dRei gesat, nach eng Kéier mäi Kompliment!
D’Nummer 22 ass och o.k., an da kënnt nëmme méi Mëscht bis op den Eck.
… also wierklech keng formidabel Stroossesäit.
A wat kënnt dann elo a Plaz vun der „La Maison Berbère“? Ee „Making-Money“-Gebai mat Rez-de-Chaussée, véier Stäck an engem Retrait, wou Wunnengen erëm méi wéi sécher zu horrenden a skandaléise Präisser verkaf ginn (op dat Thema wär och mol zréckzekommen).

„Money-Making“ fir Spekulanten

Fir wat ze hunn? Liewensqualitéit, Schéinheet, … Poesie, „mon œil“! Loosst dach d’Spekulanten einfach op hire sougenannte „Wierker“ (sic) sëtzen, a gitt bei de „Signor“ Franco iessen.
Beim Urbanismus an der Architektur ass keng Plaz méi fir „Making-Money“-Spekulanten a Jongleuren (dat huet ee jo elo bei de Banke gesinn … Bah!), deenen et just ëm de Fric geet, an ëm soss guer näischt. Hei zu Lëtzebuerg ass jo jidderee Kach an … Architekt, oder? A wann s de net geess. „Ciao“!
Nach eng kleng Bemierkung: Beim ale Kino Marivaux op der Gare hu se alles ofgerappt, an elo wëlle se dEntréesportal erëm „nei“ opbauen, … wat fir ee Blödsinn! Do dernieft läit och ee vu menge … Lieblingsrestauranten, mee keng Angscht, fir haut geet et déck duer.
An nach eppes: Ech hunn den Artikel „Im Namen des Städtebaus“ (DWort vum 11. Oktober 2008) vum President vum „Fonds du logement“ iwwert d’„Cité judiciaire“ vum Rob Krier gelies. Ech hunn näischt verstanen, guer näischt. Wat wëll deen? … Basta!
* Den Autor ass Architekt ze Lëtzebuerg