LeserforumWéi vill Déiereschutz wëlle mir?

Leserforum / Wéi vill Déiereschutz wëlle mir?
 Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Deen uewe genannten Debat gëtt scho laang gefouert a mir, genau sou wéi eis Politik, schéngen ons net sou richteg eens ze sinn, wou ufänken a wou ophale mat eisem gesetzlechen Déiereschutz. Am Zentrum vun der Diskussioun muss als éischt emol vun eis all de fundamentale Gedanke verënnerlecht ginn, datt d’Déieren, als Wiesen, déi fillen, eise Respekt a Schutz verdéngt hunn. Och de Schutz virun eisesgläichen! Dofir erkläert sech och vun eleng, datt d’Definitioun an de Vott vun engem gesetzleche Kader, deen all Déier viru Quälerei, Ausnotzung an onnéideger Péng schützt, eis moralesch Flicht ass.

Dëse Kader muss Reegele géint Déierequälerei am Beräich vun der Juegd, vum Fëschen an der sougenannter Notzdéieren- an Hausdéirenhaltung beinhalten. Mee och wa mir zanter knapps fënnef Joer en (neit) Déiereschutzgesetz virleien hunn (Loi du 27 juin 2018 sur la protection des animaux), musse mir eis d’Fro stellen, a wéi fern dat Gesetz eisen Déiere wierklech hëlleft. Leider ginn si ëmmer nach vill ze oft als Objet ugesinn, obwuel se genau esou fillen a spiere wéi mir Mënschen. Et ass kee Geheimnis, dass mir en Ënnerscheed maachen tëschent Hausdéieren a Notzdéieren, obwuel se allebéid Liewewiese sinn, déi déi selwecht Trauer a Péng verspieren.

Hausdéiere gehéieren zu der Famill, d’Notzdéieren op den Teller. Wéi d’Notzdéier um Teller lant, doriwwer maache sech déi mannst Gedanken. Wéi huet dat Déier gelieft, wéi engem Stress war et ausgesat? Dat Ganzt fënnt ganz oft hannert zouenen Diere statt a schéngt de Groussdeel vun de Politikerinnen a Politiker och net grouss ze interesséieren. Dobäi sinn et allerdéngs si, déi de Pouvoir hunn, fir eist d’Déiereschutzgesetz kënnen ze verbesseren, fir dass eis Déieren et besser hunn. 

Geet et bei deem Schutz wierklech ëm d’Wuel vum Déier oder just drëm, dass de Konsument e bessert Gewëssen däerf hunn, wärend d’Produzente weider Profitter op de Schëllere vun Déiere kënne generéieren? Dëst op eng deels brutal Aart a Weis! Anerersäits sinn och mat eisem flotten Déiereschutzgesetz nach ëmmer esou Praktike wéi d’Klappjuegd oder – wéi se elo genannt gëtt – d’Dreifjuegd erlaabt, genau esou wéi „Catch & Release“-Fëschen. 

Als éischt kann een sech d’Fro stellen, ob d’Klappjuegd iwwerhaapt nach an eis modern Zäit gehéiert oder ob et just nach en Hobby ass, wou oft net ka séchergestallt ginn, dass Déieren, wou net zur Juegd fräigi sinn, zu Schued kommen. Dobäi kënnt nach, dass déi Kleng bei sou enger Juegd oft vun den Eltere getrennt ginn an se net méi rëmfannen.

Fir eis muss do eng aner Léisung fonnt ginn, wou d’Wuel vum Déier am Virdergrond steet an net de Spaass um Schéissen. Fir eis muss d’Leed vum Déier minimiséiert ginn an net queesch duerch de Bësch a Panik versat ginn, fir duerno erschoss ze ginn. Dat ass definitiv dee falschen Usaz.

Da stellt sech zousätzlech d’Fro, wéi „Catch & Release“-Fëschen nach ka mat deem dach „esou gudden“ Déiereschutzgesetz erlaabt sinn. Eis däitsch Nopere sinn do scho vill méi wäit an toleréieren esou eng Déierequälerei net méi. Dee Verbuet sollt och hei a Kraaft trieden. Fësch ze fänken, fir sech ze profiléieren, just fir eng Foto, ass ethesch net vertrietbar! Dann och nach net fir seng eegen Alimentatioun verwäerten, mee einfach erëm fräiloossen, fir dass déi nächst Persoun se erëm qualvoll fänke kann, grenzt jo schonn u Perversioun. Och e Fësch fillt Péng.


* D’Auteure si Membere vun der Piratepartei an trieden de Sonndeg bei de Gemengewalen zu Déifferdeng a Péiteng un.