LeserbriefOppene Bréif fir Lëtzebuerg

Leserbrief / Oppene Bréif fir Lëtzebuerg

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Von Jo Nousse (Heckefransous, Sproochepartisan a Sänger bei Mannijo & La Schlapp Sauvage)

Lo ass bei iech endlech e Gesetz fir Lëtzebuergesch um Instanzewee. Wann een eng Nues an d’Häerz no bei Lëtzebuerg huet, awer an engem sproochefeindleche Land wunnt (wéi z.B. Frankräich), fënnt een, datt Lëtzebuerg mat senger eegener Nationalsprooch aktéiert, wéi wann d’Ländchen* eng Insel wär!

D’Wirklechkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch ass awer net genau sou, wéi di meescht Lëtzebuerger-innen et mengen. Den éischten triviale Fakt ass scho quasi onbekannt: de Sproochraum vum Lëtzebuergeschen ass guer net un de Grenzen ugepasst.

Lëtzebuergesch gehéiert och e bësschen den Noperen: Frankräich, Däitschland an d’Belsch. Firwat gëtt dat net an de Lëtzebuerger Schoule geléiert, op den Aarbechtsplaze betruecht, an der Gesellschaft beschwat?

Lëtzebuerg huet eng Bezéiung zu senger Sprooch, déi net nëmmen als reng egozentresch, awer och als kafkaesk bezeechent ka ginn. Et gëtt kengem Mënsch a Lëtzebuerg gesot, erkläert, datt Lëtzebuergesch eng ural lieweg, iwwergrenzlech Sprooch ass, déi méi wéi dausend Joer méi al ass wéi Däitsch a Franséisch.

Näischt widder näischt wëssen d’Bierger-inne vu Lëtzebuerg iwwert d’linguistesch a sozial Geschicht vun der Sprooch, déi 1984 hir Nationalsprooch ginn ass. Méi schlëmm ass nach, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land op der Welt ass, dat eng Nationalsprooch huet OUNI Begleedungsmoossnamen derbäi, fir datt de Recht vun dëser Nationalsprooch a Praxis een Ausdrock an der Gesellschaft kritt! Alles steet an sou engem falsche fräie Bräi, wou egal wat gemaach gëtt (oder, besser geschriwwen, näischt gemaach gëtt).

D’Grenzaarbechter-innen, méi wéi 180.000 Leit am Epizenter vun Europa, wann si d’Chance hunn, eng Ausbildung op Lëtzebuergesch ze erliewen (wat net dacks de Fall ass), kréien d’Sprooch virgestallt wéi een echte lëtzebuergesche Produkt, amplaz datt den iwwergrenzleche Fong, dat heescht och d’mënschlech Verbonnenheet, hinnen och bäibruecht gëtt. No der leider verpasster Chance am eegene Land (cf. de Referendum), ass Lëtzebuerg elo och drun, seng Chance fir besser mënschlech Bezéiungen am Häerz vun Europa ze verpassen?

An da gëtt och an ärem Land gesot/gepëspert: „Souwisou sinn di faul Fransouse bal ni am Stand, eis Sprooch korrekt ze léieren.“ Dobäi ass e wichtegen Element vergiess: Iwwerall am Sproochraum ronderëm Lëtzebuerg gouf d’Lëtzebuerger Sprooch zënter Jorzéngte schwéeir ënnerdréckt. A Frankräich ass d’Lëtzebuergescht extrem mësshandelt ginn.
Offiziell huet de franséische Staat nëmmen am Joer 1987 verbueden, datt an de lottrengesche Schoulen d’Kanner bestrooft ginn, well si d’Sprooch benotzt hunn (ob Lëtzebuergesch, Muselfränkesch oder Rhäinfränkesch)!

Lëtzebuerg ass dat Land, wou de Kapp ëmmer brav gebéckt huet an d’Aen zougepëtzt huet, wéi seng eege Nationalsprooch am Ausland ënnerdréckt gouf (di eenzeg Ausnahm – am Joer 2002 – schéngt d’Madamm Erna Hennicot-Schoepges ze sinn).

Lëtzebuerg huet souguer net di Opportunitéit ergraff, wéi Lëtzebuergesch endlech a Frankräich (no e puer Jorzéngte Kampf … ) offiziell unerkannt gouf an eng kleng Plaz an de Schoule krut, mat Frankräich eng Konventioun ze wënschen an z’ënnerschreiwen. Lëtzebuerg war bis elo nach net mol am Stand, di geréngst Zesummenaarbecht dem franséische Ministère de l’Education nationale virzeschloen.

D’Schlëssele vun der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch am Häerz vun Europa befanne sech a Lëtzebuerg. Dem Staat Lëtzebuerg gehéiert et, déi Dieren opzemaachen!

* Sou gouf Lëtzebuerg nach ëmmer genannt vun de Lottrenger-innen, di Lëtzebuergesch als Ëmgaangssprooch haten. Dat Wuert ass awer ganz positiv gemengt.

NB: Dann hätt ech nach zwou wichteg Froen:
1. Firwat halen d’Progressisten a Lëtzebuerg bal all ëmmer d’Schnëss a loossen de Reaktionäre fräie Wee fir iwwert d’Sprooch ze fuerderen?
2. Firwat ass an ärem Land sou e grondsätzlechen Datum wéi den 10. Oktober, den Dag, wou 1941 e ganzt Land seng lëtzebuergesch Identitéit géint de Faschismus kloer ausgedréckt huet, keen offizielle Feierdag?

roger wohlfart
12. September 2018 - 19.12

Dat stëmmt, dass de Lëtzebuerger de Kapp gebéckt an d'Aen zougepëtzt huet, fréier an nach haut. Mir Lëtzebuerger loossen eis sprechwiertlech de Botter vum Brout huelen. Wa mir an e Supermarché oder an eng chic Boutique akafe ginn an opgefuedert ginn . " En français ( s.v.p ) ! ", follege mir schéi brav , wéi mir dat geléiert si ginn. Fir dat ze bemängelen muss ech kee Nationalist sinn, wat ech bei weitem nët sinn, awer ech ka mech wieren . Am leschte Weltkrich hunn sech eis Elteren a Grousselteren och gewiert an deemols war duefir vill Courage erfuedert, och wann een d'Zäiten nët mateneen vergläiche kann. Mir brauchen keng Mannerwertegkeetskomplexer ze hunn, well mir sou e klengt Land sinn, mir kënnen houfreg op dat sinn, wat dëst klengt Land geleescht huet.

René Charles
17. Dezember 2017 - 13.41

T'as vun all Lëtzebuerger gewosst, säit dem 5ten Schouljoer, dass Lëtzebuerg haut nach just 1/3 as vun dem ursprünglechen Territoire an deem Sproocheraum. Wien dat verpasst huet an der Geschicht (kaum méiglech) gët spéitsdens bei engem Besuch op Metz, Bitburg, St.Vith an Dinant vun eeleren Awunner beléiert bis wéi wäit deemols déi Lëtzebuergesch Grenze waren. Och an eenzelnen Museeen kann een dat op Kaarten gesinn. Wann een dann z.B. zu Attert (B) an e Restaurant geet, mol sou Freidesowes, sëtzt do och vläicht e.a. de Burgermeeschter (huet sech Lëtzebuerger maache geloos virun 4/5 Joer well déi ganz Famill och haut nach an deem fréieren L. wunnt) deen lëtzebuergesch schwetzt mat Duerfleit an natiirlech mat Feinschmecker aus L. Am Areler Ländchen grad sou wéi an der Emgéigend vu Metz gët déi lëtzebuergesch Sprooch, och mol francique genannt, gepflegt vun eenzelnen Veräiner: All sin sech eens dass de Sprochekorridor tescht dem germaneschen an franséischen Deel an Europa, vun Friesland bis an Tirol, dat interessantst ass waat dee Karel vun Oochen, resp seng 2 Bouwen, de Sproochmaatessen durch d'Splécken vun dem Räich hannerlooss hun.