LeserforumE Souvenir un de Jim Berchem (*24.5.1932  +2.5.2023)

Leserforum / E Souvenir un de Jim Berchem (*24.5.1932  +2.5.2023)
Bartreng, Randonnée 6 days Lull Gillen, 8. Juli 2010: De Jim Berchem (riets, mam RTL-Logo) zesumme mat Cyclotouriste-Kolleegen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech kennen de Jim Berchem vun der Polvermillen nach gutt aus menger Stater Zäit, als grousse Fan vum Lëtzebuerger Vëlossport, an och als aktive Cyclotourist vum Vëlosclub La Pédale Millebaach. 

Ganz gutt kann ech mech nach erënneren un seng ëmmer kompetent, an awer besonnesch Fachsimpeleien am Vëlosgeschäft Cycles Arnold Kontz, wat déi Zäit ëm 1995-2010 nach an der Aler Avenue op der Gare war, wou mir ons desöfteren samschdesmoies getraff hunn. 

De Jim war jo déi Zäit an sengem schonn héijen Alter nach ëmmer iwwerall dobäi, wou eng mam Vëlo lass war, an dat och nach als aktive Cyclotourist, an souguer nach op Jedermann-Zäitfuercoursen laanscht d’Musel.

Elo hot de Jim seng lescht Etappe ugetratt, an ech gleewen, dass hien do och gutt mat ukéint!

Senger Fra Anni a senger ganzer Famill, souwéi all senge villen Frënn vum Vëlo a vum Fëschen (war och en Hobby vum Jim), mein häerzlechst Bäileed. 

E leschte Grouss vun dengem Vëloskolleeg