LeserforumEsouvill zu eisen iwwerbezuelten, verwinnten Enseignanten … 

Leserforum / Esouvill zu eisen iwwerbezuelten, verwinnten Enseignanten … 
 Symbolbild: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

E Salarié schafft 40 Stonne pro Woch, an dat 52 Wochen am Joer. Dat sinn 2.080 Stonnen. Rechent ee 25 Deeg Congé nach of, dat sinn 2.080 minus 200 Stonne Congé, da kënnt een op 1.880 Schaffstonnen am Kalennerjoer.

Hei dann d’Beispill vun engem Enseignant mat enger Tâche vu 25 Stonnen „enseignement direct“ am Enseignement fondamental pro Woch:

Eng Stonn Schoul hale gëtt unerkannt als zwou administrativ Stonne schaffen, well et muss ee sech dokumentéieren, d’Stonn opsetzen, differenzéieren, d’Stonn halen, d’Verbesserunge maache vun den Hefter, Tester oder Aarbechtsblieder, d’Verbesserung vum Corrigé an eng Remédiatioun virgesinn, falls néideg, etc. 

Ëmgedréint gëtt eng Décharge vun enger Stonn „enseignement direct“ als zwou administrativ Schaffstonnen ugesinn, dat heescht konkret: Wann e Schoulmeeschter eng Stonn fräigestallt ass vum „enseignement direct“ vun senger Klass, well hien zum Beispill d’Tâche vum Bibliothecaire an der Schoul iwwerhëlt, heescht dat, dass hien amplaz vun enger Stonn Schoul halen zwou Stonne pro Woch fir d’Schoulbibliothéik schaffe soll.  

Dat heescht, esou gesi schafft den Enseignant mat enger Tâche vu 25 Stonnen „enseignement direct“ 50 Stonne pro Woch.  

Am Joer si 36 Woche Schoul. Dat heescht: 36×50, dat ginn 1.800 Schaffstonnen.

Da kommen awer nach 56 Stonnen „appui pédagogique“ pro Schouljoer dobäi, wou den Enseignant muss individuell mat Kanner schaffen (net am Grupp mat der Klass, an ausserhalb vu senger Tâche vu 25 Stonnen).

Et kommen och nach 60 Stonne Concertatioun pro Schouljoer dobäi, wou hie sech muss mat senger „équipe pédagogique“ concertéieren. Dës Stonne ginn a Rapporten notéiert a festgehalen.

A 40 Stonnen Elterenaarbecht pro Schouljoer, woubäi Bilansgespréicher oder Eltereversammlungen oder individuell Elteregespréicher dozou gehéieren. Oft geet et awer mat deene 40 Stonnen net duer. 

18 Stonnen „travaux administratifs“ pro Schouljoer, dozou gehéiert: „sorties pédagogiques“ organiséieren, de Schouldokter organiséieren, den Ausfluch organiséieren, „plans de prise en charges“ schreiwe fir „enfants à besoins spécifiques“, etc. (dës 18 Stonne sinn och knapp berechent).

Fir ofzeschléissen dann nach 16 Stonne „formation continue“ pro Schouljoer.

All dës Stonne si gesetzlech festgehalen a gehéieren zur „tâche initiale“ vun all Enseignant am Fondamental.

An dann hu mir nach déi fräiwëlleg Stonne vergiess, déi net zur „tâche initiale“ gehéieren, ewéi zum Beispill  d’Kolonien, Ausflich, Schoulfester, Sportsdeeg etc.

Mat den offizielle Stonne mécht dat dann en Total vun 1.800 + 60 + 40 + 18 + 16 = 1.934 Schaffstonnen am Joer.

Am Verglach zum uewe genannte Salarié mat 40 Schaffstonne pro Woch a 25 Deeg Congé am Joer: 1.934 – 1.820 = 114 méi.

Dësen Enseignant mat enger 25-Stonnen-Tâche pro Woch ass 114 Stonne pro Joer ënnerbezuelt.

(Ënnerschriwwe vun engem vu blöde Kommentaren zum Schoulmeeschterberuff midden Enseignant)

Grober J-P.
6. Juni 2023 - 11.40

(Ënnerschriwwe vun engem vu blöde Kommentaren zum Schoulmeeschterberuff midden Enseignant) Eventuell e Joer mol bei engem Privatpatron anstellen loossen. An dann Nettoverdingscht vergläichen. Wéi wär ët mat 18 € netto / Stonn. Laut Patron e gudde Verdingscht fir unzefänken, fir een mat gewësser Erfahrung.

Grober J-P.
6. Juni 2023 - 11.26

Hun elo mol aus Fuerwëtz meng aal Paiziedelen erausgekromt. Dat lescht Schaffjoer 2115 Stonnen: 181 méi!

Grober J-P.
6. Juni 2023 - 10.24

Wéi soot en aale Kolleg, Mathesprof zu Esch, wéi ech hien gefrot hun firwat hien 3 mol méi verdingt wéi ech beim Privatpatron. Du hätts missen epppes léieren, leider war ech nëmmen en mëttelméissigen Schüler, offiziell bescheinegt duerch mäin beschten Engleschprof Carier.

Jemp
5. Juni 2023 - 19.28

Et gett Grenn fir eise "Lehrermangel"! Déi vill Arbecht ass nemmen een dovunner.

JJ
5. Juni 2023 - 18.23

@Romain, während der Pandemie und noch knapp danach wurde vielen Eltern bewusst:" Ach! Lehrer ist ja ein richtiger Beruf!" Jetzt wo alles wieder im Lot scheint werden die alten Klischees wieder hervorgekramt. Und tatsächlich,wenn man die verwöhnten Gören unter die Lupe nimmt,Fragen stellt über Themen die eigentlich zur Allgemeinbildung zählen sollten,verschlägt es einem den Atem ob der Antworten die man bekommt. Nach dem Motto: " Mein Smartphone und Ich wissen alles." kann man getrost den Lehrer bloß stellen.Oft hat man die volle Unterstützung der überforderten Eltern und Elter/Innen. Dann ziehen wir los,retten die Welt und verschmieren Plakate. Aber es gibt Ausnahmen habe ich mir sagen lassen. Bauen wir also auf die Ausnahmen. Bon Courage.

jo
5. Juni 2023 - 12.50

Et eiert Iech, dat Dier et nach emol probeiert mais et huet wei ëmmer keen Zeck. Dei an hierer Jugend op all Baal hungen, duerno op all Party während aanerer hannert de Bicher soutzen, dei wärten hier Meenung net änneren.

Undine
5. Juni 2023 - 12.32

@Romain Ach was, ChatGPT breitet die Arbeiten vor und verbessert auch alle Klassenarbeiten. Bald übernimmt er auch den Klassenbetrieb.

Romain
5. Juni 2023 - 11.35

Wenn man 8Stunden am Tag arbeitet, geht man nach Hause und kann die Füsse hochlegen. Als Lehrkraft kommt man nach Hause und muss noch Verbesserungen vornehmen, nächste Lehrstunden vorbereiten, Schülerbewertungen schreiben, Elternabende abhalten, Ausflüge vorbereiten, Bastelzeug einkaufen und vorbereiten ….. Ohne zu berücksichtigen die schlecht erzogenen Kinder zu ertragen