LeserforumEise Gesondheetssystem: Kliniken – Dokteren – IRM – Reanimatioun – Mammographie

Leserforum / Eise Gesondheetssystem: Kliniken – Dokteren – IRM – Reanimatioun – Mammographie
 Symbolfoto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Gleeft een eise Politiker, dann hu mir eng ganz gutt Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg.

Abee jo! Net genuch Dokteren, net genuch Better an de Kliniken, net genuch IRM-Apparater, net genuch Reanimatiounsapparater, Problemer an den Urgencen, Zoumaache vun der Gebuerte-Statioun zu Ettelbréck, „anerer a Gefor oder iwwerlaascht“ an elo och nach net genuch Mammographie-Apparater! Wat kënnt als nächst? Laang Waardezäite sinn d’Folgen dovun. Bravo u Regierung an Deputéiert. Alles am Grëff?

Sinn net schonn ënnert der CSV-LSAP-Regierung 2004, ënnert dem fréiere Premier Jean-Claude Juncker an dem fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo Better an de Kliniken ofgebaut ginn, fir lues a lues d’Urgencen an der Stad nach just op den CHL Stroossen an d’Hôpitaux Schunan um Kierchbierg ze ënnerstëtzen an esou Fusioune provozéiert ginn, oder soll ech soe motivéiert ginn? Ass Esch nët och esou ee Beispill zesumme mat Nidderkuer an Ettelbréck mat Wolz?

Huet de fréiere Premier Juncker 2004 an déi Joren duerno net ëmmer gesot, dass Lëtzebuerg weider géing wuessen? Kann een dann esou een Ofbau als Wäitsiicht gesinn? War ënnert esou Konditiounen, ënnert där Wäitsiicht, een Ofbau iwwerhaapt verantwortlech an ze toleréiere gewiescht?

A wéi wäit huet d’Europaparlament hei d’Fangeren mat am Spill? Hunn z.B. Frankräich an Däitschland an aner europäesch Länner net déi selwecht Problemer ewéi Lëtzebuerg? Sollt effektiv hei d’Europaparlament blockéieren a blockéiert hunn, muss da net d’Europaparlament, Deputéiert a Beamten heifir responsabel gemaach ginn, kënne mir, Lëtzebuerg, eis esou Décisioune leeschten an déi sechs Europadeputéiert hei ganz roueg nokucke loossen?

Wou ass a war d’Formatioun vun Dokteren an Infirmerie fir Lëtzebuerg, d’Grouss Regioun an déi Europäesch Länner no 2004?

Wann ech dat richteg verstan hunn, da soll méi ambulant gemaach ginn. Wou ass dann déi Hëllef, déi deem Betraffene soll 24 Stonnen zur Säit stoen? Kann de Mënsch z.B. op Kommando op d’Toilette goen oder huet de Mënsch just Duscht, wann eng vun deene Hëllefsorganisatioune bei him doheem ass? Komme mir oder si mir hei schonn an enger Zwou-Klasse-Behandlung, -Versuergung? Wéi ass et nuets? Hunn oder kréien hei Politiker, d’Patronat, déi héich Gewerkschaftler an hier Familljememberen déi selwecht Fleeg a Behandlung ewéi d’Foussvollek oder sinn dat d’Ausnamen, fir déi ëmmer ee Bett an der Klinik fräi ass, wann déi ee Fuerz kromm hunn, oder kënnt do een op Kommando heem?

Hu mir net schonn zanter Jorzéngten net genuch IRM-Apparater an eise Kliniken? Ass dat kee Skandal? Waardezäite vu 4 bis 6 Méint a méi si keng Ausnam! Alles am Botter?

Hu mir net grad während dem Covid 2020-2021 festgestallt, wat hei zu Lëtzebuerg alles am Gesondheetssystem feelt? Wat ass verbessert ginn, wat ass kuerzfristeg virgesinn? Wat gëtt laangfristeg verbessert? Ech fäerten näischt oder net ganz vill!

Wie blockéiert ënnert anerem weider IRM-Apparater an de Kliniken, Reanimatiounsapparater, Mammographie-Apparater an zousätzlecht Personal asw? Ass et ee Budgetsprobleem oder ee Probleem, wien, wat fir ee Ministère wat akkordéiere soll oder wat fir ee Ministère bezuele misst?

Jo, d’Gesondheetsministesch an de Sozialversécherungsminister schénge mir hei d’Responsabilitéit missten ze iwwerhuelen! Sollen déi Ministeren dann elo demissionéieren, esou wéi am Sport, wann d’Ekipp Matcher verléiert, muss den Trainer goen? Sinn d’Ministesch an de Minister hei net och zum Deel Opfer, déi ofhängeg si vun de Rotschléi, Virschléi, a virun allem dem Ëmsetze vun Décisioune vun hiren héije Bekannten, déi se berode „sollen“ a virun allem verantwortlech fir d’Ëmsetze vun Décisiounen a Gesetzer sinn? Wär et net besser, dës Leit, déi héich Beamten ze ersetzen? Hei duerf ee keng Angscht virun der CGFP-Gewerkschaft hunn, déi jo sécherlech hannert hiren héich bezuelte Membere steet, selwer misst feststellen, dass hei net alles leeft, wéi et soll, a wou d’Vollek, d’Gesellschaft, feststellt, dass näischt geschitt, et net besser gëtt, vill Problemer do sinn. Ass d‘CGFP ee Staat am Staat?

Ass et net och un der Chamber, ze soen, wou et higeet? Wär et net héich Zäit, dass ënnert anerem honorabel Deputéiert, déi nach haut an der Chamber setzen, déi schold un dëse Feeldecisiounen, dëse Problemer sinn, zur Verantwortung géinge gezu ginn a fir dëse Manktem, dës Problemer, Problemer, déi duerch hir falsch Décisioune geholl gi sinn, zum Récktrëtt an der Chamber motivéiert géingen?

Brauche mir net méi jonk Politiker a Politikerinnen an der Chamber, an der Regierung? Nei Iddien, nei Methoden, eng nei jugendlech Wäitsiicht mat hire Problemer vun haut, der Zukunft an de Léisungen an hire Virschléi fir a vun der Jugend vu muer? Ech perséinlech gleewen an hu ganz vill Vertrauen an Zouversiicht an eis Jugend!

Gehéiert een am Privatsecteur mat 55 Joer net zum alen Eisen, erlieft een an der Politik mat 55 Joer net säin zweet Fréijoer? Majo dann! Hunn dës Jugend-Politiker vun der Amiperas-Sectioun an der Politik net laang genuch, Jorzéngten, do vegetéiert an hiert Polver scho laang verschoss, a wat ass d’Resultat? Wat soll dann do nach vill Neies kommen? Ass et net Zäit fir e Wiessel, neit jonkt Blutt an der Politik?

Gehéiert d’Gesondheet net an d’Hand vum Staat an net a privat kapitalistesch Hänn? Ënnersichungen, Analysen, IRM, Mammographie, Fleeg asw. mussen dem Staat ënnerstoen, reglementéiert sinn a rembourséiert ginn no Tariffer, déi de Staat festleet, an net deen eenzelnen Dokter eleng. Hu mir net elo scho genuch Agrëff, wou de Patient vill Geld muss bäileeën?

An der Hoffnung op eng schnell a gutt Léisung.