Leserbrief zu EnergiepreisenD’Kris als Chance zur Entwécklung (och wann et wéi deet)

Leserbrief zu Energiepreisen / D’Kris als Chance zur Entwécklung (och wann et wéi deet)
Symbolfoto Leserbrief Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Solidaritéit ënnert de Matbierger nom Putin sengem Amarsch an d’Ukrain Enn Februar war hei am Land grouss. Ma wéi bei deene meeschte Sacrificen, hält „de Spaass“ op, wann ee säin eegent Verhalen a Fro stelle, voire ännere muss.

Iwwer 2€ de Liter Diesel entsprécht net der Virstellung, mat där de Kaf vum vill ze groussen, vill ze schwéieren a vill ze leeschtungsstaarken Auto vollzu ginn ass. All grouss Problemer wéi d‘Klimakris, d’Aartestierwe ware bis elo mat hiren Ausmoossen ni gräifbar genuch an hunn domat d’Ëmdenke vum Eenzele verhënnert. Mee ass et da berechtegt, sech elo iwwert déi Präisdeierecht opzereegen? Oder huet een einfach ze laang probéiert a gehofft, ouni Récksiicht a puncto Mobilitéit iergendwéi laanscht d’Konsequenze vum eegene Behuelen ze kommen?

Änlech ewéi bei der Energie, wäerte Präishaussen den Eenzelen um Teller bevirstoen. D’Ukrain a Russland bauen een Drëttel vum globale Weessbestand un. Des Matière première war bis elo esou ongläich verdeelt, dass an eise Breedegraden d’Béischte méi dovun haten ewéi an Drëttweltlänner d’Mënschen. Eng Reduktioun vum Fleeschkonsum an d’Bereetschaft, déi reell Valeur hannert dem Fleesch ze bezuelen, géing lokale Bauere mat den néidege Margen hëllefen, ouni mussen op Weessimporter aus Kanada ze hoffe, fir regionaalt Bio-Fleesch ze produzéieren. Ass et mëttlerweil zum Acquis a munch Stéit gi, fir dräimol am Dag Fleesch z’iessen, sou ass dëst kee Grondrecht! Méi wichteg wier et, hei ze kucken, d’Weltpopulatioun sat ze kréien, spriech: de Weess prioritär selwer z‘iessen, amplaz e fir d’éischt un d‘Béischt ze verfidderen, fir dat duerno z’iessen, well schonn op dem Punkt geet d’Rechnung net méi op.

Ma ebe grad Präishaussen a Secteure wéi der Energie an de Liewensmëttel, treffen deen Eenzelen a missten eis als Gesellschaft zum dringend noutwendegen Ëmdenken zwéngen … Sécher soll elo och de sozial Schwaache gehollef ginn, d’Enner beieneen ze kréien, statt duerch immens Präishaussen a finanziell Nout ze rutschen. Ma nawell misst kloer sinn, dass e „weider wéi bis elo“ net d’Léisung ka sinn. De generell iwwermotoriséierte Lëtzebuerger Fuerpark brauch keng pauschal finanziell Hëllef un der Zapsail. D’Gesellschaft muss sech elo froen, wéi engem Ideal et nozestriewe gëllt. Wëlle mir weiderhin „op Puff“ liewe mat engem Overshootday am Februar an op Käschte vun deene Jonken? Oder awer si mir endlech bereet, eis Responsabilitéit ze huelen, andeems mir eist Konsumverhalen op Käschte vu Mënsch, Déier an Ëmwelt iwwerdenken an upassen?

Den Interessi an d’Solidaritéit huele wéi bei all Kris wuel an den nächste Wochen a Méint an eiser Gesellschaft of, ma d’Konsequenze wärte bleiwen an do sollte mir eis net „eis Wourecht weiderhi wëlle gangbar maachen“, ma der Realitéit an d’A kucken a versiche méi nohalteg, lokal a verstänneg eis Lektioun ze léieren. Dëst, ganz am Demut, dass dem Putin säi Krich Leit an ee mënschleche Misär gehäit huet, deen eis hoffentlech erspuert bleift. Wou kënne mir eist maachen, fir geopolitesch Ofhängegkeete wéi se elo bestinn aus eisem System ze kréien? Wéi de Christian Lindner als Reaktioun op de Krich richteg sot: „Erneuerbare Energien sind Freiheitsenergien“, a Fräiheet kréie mir net duerch Ofhängegkeeten a massiivst Importer un Energie a Liewensmëttel – net als Lëtzebuerg an och net als EU.

Jemp
18. März 2022 - 19.19

Obschons ech Iech recht gi vu wege gehirlos iwwermotoriséierte Fuhrpark, dréit awer och déi z.B. an Däitschland forcéiert "Energiewende" déi natirlech wéi virausgesot iwwerhapt net funktionnéiert, elo fatzeg zur Ofhängegkeet vu russeschem Gas bäi. Bravo déi gring Ideologie. Einfach onbeléierbar, a scho guer net mat physikaleschen Tatsachen.