LeserforumDe Vëlo, d’Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit

Leserforum / De Vëlo, d’Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit
Läuft nicht: Fahrradfahren in Luxemburg kann zum Problem werden (Symbolfoto) Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Okay, et ass dat Kand, wat – mol hei, mol do – e Bonbon kritt an och mol „schéi verwinnt gëtt“. Dat dann awer och mam Nogoût, dass et joerzéngtelaang komplett lénks leie gelooss ginn ass. Dat mécht net, dass d’Stéifkand sech méi beléift oder gewäertschätzt spiert.

Mee zur Erklärung vun der Analogie: Do wier engersäits de Vëlosummer, dee wierklech flott ass an och vill Leit op de Vëlo bréngt. Kuckt een d’Zuele vu Cyclisten, déi iwwer déi eenzel Tracéë gefuer sinn, kann ee vun engem Succès schwätzen. Dësen ass allerdéngs éischter op der touristescher Dimensioun ze veruerten: D’Groussregioun huet d’Geleeënheet, d’Villfalt vum Land op verschiddenen Tracéen an déi sëllege flott Ecker vum Land ze presentéieren. D’Flanéieren op de rouege Stroossen an idyllesche Vëlosweeër ass dobäi en exzellent Mëttel fir ofzeschalten an ze genéissen.

Dëst hëlleft sécherlech bei der Promotioun vum Vëlo als Fräizäitaktivitéit, ma bréngt direkt eng duebel verzerrte Vue op säi Stand an der Lëtzebuerger Mobilitéitsfro: Et ännert un hirer aktueller Problematik relativ wéineg. Wa Gemengen sech um Rimm rappen, fir mat vill „Ach und Krach“ déi eng oder aner Strooss am August ze spären, wou Congé collectif, Schoulvakanz an allgemeng manner Leit am Land sinn, dann ass dat am Fong keng grouss Leeschtung. Oft geschitt dëst ausserdeem just op engem eenzege Weekend.

Schwätzen d’Ministeren Delles a Bausch vum grousse Succès, hu si absolut Recht, ma et hëlleft net dem Cycliste, deen de Vëlo als Verkéiersmëttel am Alldag notze wëll. D’verzerrte Success Story gaukelt vir „si hu jo genuch Vëlospisten, wisou wëlle se op der Strooss fueren?“ an „et kënnt ee jo iwwerall hi mam Vëlo“ … dat ebe well een et ënner Laboskonditiounen am August esou verkaf kritt, kritt d’Stéifkand séier de Stempel vum éiweg Onzefriddenen, wann et an der realer Welt aner Konditioune virfënnt a sech da beschwéiert.

Da ginn et jo nach d’Prime, wou all Resident et erméiglecht, sech bei säi Vëlo vum Staat bäileeën ze loossen. Merci dofir! Wierklech! Et hëlleft beim Kaf vum Vëlo an och als Ureiz, sech z’equipéieren. Et weist och – zu engem gewësse Grad –, dass mer als Gesellschaft et derwäert fannen, d’Uschafe vu Vëloen z’ënnerstëtzen. Leider beschränkt sech den Notze vum subventionéierte Vëlo meeschtens op de rekreativen Loisirsnotzen. Säit der Aféierung vun der Prime huet de Verkaf vu Vëloen zougeholl. Ee volle Succès deemno, ma fir wie genau? Geet et hei ëm de flotte Moment am August? Oder wier et eng méi nohalteg Investitioun an d’Mobilitéit, wann dës subventionéiert Vëloen tatsächlech ons verstoppte Stroosse géingen entlaaschten, déi am Beruffstrafic un iwwerdimensionéierten SUVe kollabéieren?

Nom Vëlosummer gesäit et aktuell op de Vëlospisten éischter nom „Schlittschongwanter“ oder „Zidder-dech-awer-léiwer-durch-de-Verkéier-Wanter“ aus. Kee verlaangt gestreete Vëlospisten, wou duerch Naturschutzgebidder ginn. Ma dat bréngt d’Haaptproblematik vum Vëlosreseau op de Punkt. D’allgemeng Virstellung vum Vëlo an der Verkéierslandschaft ass déi, déi mär beim Vëlosummer als Succès verkaf kréien: wäit ewech vun den oft direkte Stroosseverbindungen tëscht A a B a wa méiglech do an dann, wou en den Auto net stéiert. Dëst bréngt onnéideg Ëmweeër mat sech an eliminéiert de Vëlo leider oft als reell Alternativ am zäitlech streng getaktenen Alldag a réckelt deen, dee sech dann awer traut, an den Eck vun de Liewensmidden.

Fir eng echt Alternativ zum Auto ze ginn, muss de Vëlo dauerhaft déi noutwendeg Plaz am Stroosseverkéier zougesprach kréien. Wann d’Leit sollen op de Goût kommen, de Gebrauch vum Vëlo zur Gewunnecht soll ginn an domat d’Subventionéierung an d’Promotioun vum Vëlo déi néideg Nohaltegkeet solle genéissen, da mussen Eltere mat hire Kanner kënne sécher hier Trajete mat der doucer Mobilitéit gemeeschtert kréien. D’Crèche, d’Schoul an de Supermarché leien eben net um Vëloswee, deen duerch d’Zone verte geet, ma an den Duerf- oder Stadkären an oft och réischt am Nopeschduerf oder an der Nopeschgemeng. Dëst och net just u sonnegen August-Deeg, wou vill Leit Congé hunn, Schoule souwisou zou sinn, ma eben och an engem Januar, wou et dobaussen donkel, naass a kal ass, a vill noutwenneg Trajeten d’Stroossennetz belaaschten.

An do wier ee beim Kärproblem: Et feelt e Gesamtkonzept hannert deenen eenzele flotten isoléierten Aktiounen. Hei ass net nëmmen d’lokal ma och d’national Politik gefrot, séier a virun allem kohärent a konsequent ze handelen. Sou kann de séchere Vëlosreseau mam Zuchreseau verglach ginn: „Feelen e puer Meter Schinnen, fiert keen Zuch“ an t’ass net mat bësse Faarf lénks a riets gedoen.

En oft genanntent Beispill vun engem schnelle Wandel ass Paräis. Hei gouf gewisen, dass a kuerzer Zäit, mat manner Budget ma mat méi Courage, eppes ëmgesat ka ginn, wat d’Verkéierstransitioun beschleunegt an de Vëlo als Verkéiersmëttel a net just als Vakanzenaktivitéit promouvéiert. Zu Paräis gouf – a puer Méint – eng effikass Vëlosinfrastruktur mat de Contraintë vun enger bestoender Stad instauréiert, well eben net d’Zäit ass, fir op e Fleckenteppech vun „neie“ verkéiersberouegte Quartieren ze setzen, fir de Vëlo an d’Mobilité douce ze denken.

D’Fro, déi sech deemno stellt, ass déi, ob sech Lëtzebuerg an Zukunft weider als touristesch Vëlosnatioun vermaarte wëll oder ugefaange gëtt, den ëffentleche Raum net primär dem Auto zouzeschwätzen? Dëst hätt de Virdeel, datt mat all Vëlo méi op der Strooss och een Auto manner am Stau géif stoen.

Bei de Gebridder Grimm war d’Stéifkand zum Schluss zumindest ëmmer de Gewënner …

Pit
31. Januar 2022 - 9.52

Den Velo ass juste eng Leisung fir en ganz klengen Deel vun der Bevölkerung, sein Problem ass dei winzeg Kapaziteit, also je no dems waat een transporteiert fellt en eweg. Dann nach eist super Wieder, waat den Velo net attraktiv mescht, mee den Haaptproblem ass en anneren, Distanzen! Esou laang mir net dofir suegen, dass d Leit kennen an der Geigend vun hierer Aarbescht wunnen an deels 50km + mussen fuhren ass den Velo keng Alternativ! Mee bon, gudd gebrellt am Artikel awer net d Problematik erkannt. Et fehlt leider net « juste » un Velosweeer. Mir hun bedeitend mei grouss Problemer ewei den Confort vun en puer Velofanatiker.

Jemp
29. Januar 2022 - 18.49

Et gett hei am Land nemmen eng verschwindend gering Unzuel vu Leit, déi mamm Velo fueren, a bei engem Wieder wéi haut firt bal guer keen, wahrscheinlech och net den Här Steffen. De Velo kann de Verkéier absolut net entlaaschten. E kann héchstens de Verkéier behenneren, an dofir sinn ech dofir datt et verbuede gett, fir mamm Velo ob dene Stroossen ze fueren, wou méi wéi 10 Autoen den Dag passéieren. Och déi vill Velosweeer sinn ewech gehäite Geld, weell dorops der méi mamm Hond spazéiere ginn, wéi der mamm Velo fueren. All Kéiers wann ech iwert e Veloswee gang oder mamm Velo gefuer sinn, (jo dat mecht Spaass bei schéinem Wieder) hunn ech méi Honn gezielt wéi Veloen. Letzebuerg gett nie e Velosland, och wann e puer Fanatiker sech drunn hale wéi de Geck un de Bengel, fir de Velo ze promoten.

DanV
28. Januar 2022 - 13.05

Ech ginn Iech absolut recht. Viru Joeren hunn ech mer e Velo kaaft. Ech hat wëlles, déi kuerz Weeer, déi zevill Zäit zu Fouss brauchen, mam Velo ze man. Mee ech wunnen am Minett op enger ländlecher Haaptstrooss. 3 mol hunn ech mech getraut - an elo steet de Velo am Keller ze vermuuschten. Et ass einfach zevill geféierlech.

G. Nesen
28. Januar 2022 - 10.08

Mein Akafszenter leit aus eiser Cite eraus 2km iwert eng Haptstross. Dir wärt dach net mengen, ech geif mech mat 72 Joer elo op de Velo setzten wann ech en Brout brauch. Weder an der Kelt nach bei scheinem Wieder. A wann der dei Stross elo spärt fir Veloen, da fueren ech eben en aneren We, 15 km an den nächste Supermarche. A wann schein Wieder as huelen ech net den Velo (hun der 2), nen dann huelen ech mein 55 Joer alen Oldtimer. An d´Velofuerer bleiwen esou guer stoen a machen Fotoen, (net weinst mir).?