Leserforum„Dat entscheet de Wieler“ …

Leserforum / „Dat entscheet de Wieler“ …
Symbolfoto Foto: dpa/Jens Büttner

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

… wor dem Xavier Bettel seng Äntwert am RTL-Interview vum 7. Abrëll op d’Fro, ob hie sech kéint eng Koalitioun mat der CSV no de Wale virstellen.

Dobäi wësse mer, dat d’Interpretéieren vum ominéise Wielerwëllen um Walowend an déi Deeg duerno dach awer oft interessant Kéieren hëlt. Souwuel national wéi och kommunal.

Wie gëtt eis d’Garantie, datt no de Walen

– déi stäerkste Fraktioun an der Regierung/am Schäfferot vertrueden ass? (eng absolutt Majoritéit mol ausgeschloss)

– aus enger Zweeër- oder Dräierkoalitioun, déi hir Majoritéit verluer huet, keng Dräier- oder Véiererkoalitioun gëtt?

– all d’Ministeren aus de Reie vun de neigewielten a gutt placéierten Deputéierte kommen?

– déi Gewielten net schonns no engem Joer am Europaparlament, am Privatsecteur sinn, oder … verschwannen oder op eemol einfach hiert „Liewe wëllen zréck hunn“?

– d’Membere vum Schäfferot net am ënneschten Drëttel vun de Walresultater ze fanne sinn

– hei an do „gesplitt“ gëtt

– déi mat de meeschte Stëmmen sech och hirer Verantwortung stellen a net ofwénken, well se sech dat net zoutrauen, ob eemol net méi genuch Zäit hunn oder awer léiwer engem alen erfuerenen Hues de Virtrëtt wëlle loossen, obschonns de Wieler deem Hues kloer ze verstoe ginn huet, datt hien en Anere gären an der Verantwortung gesi wëll?

– deen oder déi Meeschtgewielte Buergermeeschter gëtt?

D’Äntwert op all déi Froen ass ëmmer déi selwecht: keen Eenzegen!

Firwat och? Eis Gesetzestexter gesinn dat alles net vir.

Mir wielen nun mol kee Buergermeeschter, kee Schäffen an och kee Minister. Mir wiele Gemengeréit an Deputéiert. A wat déi no de Walen decidéieren … dorops huet de Wieler keen Afloss méi.

Wär dat awer esou, hätt den ageschriwwene Wieler och méi Loscht, wielen ze goen. E géing also net nëmme, well e muss. Theoretesch (!) kinnt e bestrooft ginn, wann e senger Walflicht net nokënnt.

Trotzdeem huet bal all 5. (+- 17%) bei de leschten Nationalwalen entweder een ongültege/wäisse Walziedel an d’Urn gehäit oder ass direkt doheem bliwwen. Bei de Gemengewalen war et dann esouguer all 5. (+- 21%). Duerchaus bedenklech.

Kuckt ee sech déi zum Deel dach éischter bont zesummegewierfelt Partei- a sougenannte Biergerlëschten a munche Gemengen un, mierkt ee séier, datt d’Medie richteg leien, wa se umierken, datt sech d’Begeeschterung fir ze kandidéieren a Grenzen hält an all Partei a Biergerlëscht frou ass, wa se genuch Leit zesummen huet. Bei nach ëmmer 100 (!) Gemengen och kee Wonner.

Ob dem Wieler seng Begeeschterung klëmmt, wann e mol grad de Choix tëscht zwou Partei- oder Biergerlëschten huet, sief dohigestallt. Wann en dann iwwerhaapt mol ee Choix huet a sech der net nëmme 7, 9 oder … fir grad esou vill Gemengerotsplaze mellen.

Ob een esou déi auslännesch Matbierger (ëmmerhi gutt 47 Prozent vun der Bevëlkerung) dozou beweegt kritt, sech fir d’Walen anzeschreiwen, och.

Zumindest hu si awer ee Choix, deen déi ageschriwwe Wieler net hunn: Se verstousse kéint kee Gesetz, wa se net ginn.

lupus-canis
16. April 2023 - 14.09

@ josi da geet Keen.. esou, wann ee gesäit, wéi Gambia, ouni effektif gewielt ze gin, 2x d'Land regéieren können.. d.h. 1Sötz méi!? a se maachen wat se wöllen wéivill mols ass Eppes gestömmt gin mat 31 Sötz da stelle ech mer keng Frô méi zu deem Thema "wiele goen" well jo dat wat mer gewielt hun, get einfach ignoréiert a wann et da nach méi knapps get dann houlen se sech nach d'Pirate mat an d'Boot..

josi trotinetti
15. April 2023 - 19.52

Davon ausgehend, dass die Person, die zu den Urnen geht, ihren gesunden Menschenverstand beim Wählen einsetzt, müsste es in vielen Gemeinden und auf Landesebene politisch wesentlich besser aussehen. Wahlpflicht abschaffen, damit nur die wirklich politisch Interessierten wählen gehen!

Jempi
13. April 2023 - 13.46

"Daat entscheet de Wieler", lauter iwerhiéfléch politësch Nullekackers Gesabbels, duerno maachen se alleguer waat a wéi se wöllen, bis ëlo wor ëtt nëmmen Lug an Bedrug uu Wieler. Wou a wéi kann nach een séch dobausse ësou opféieren.

Phil
13. April 2023 - 9.59

Et ass jo och kee Wonner, dass d'Leit net grad héich motivéiert sin... bei deem Politzirkus vun deenen leschten 10 Joer!

JJ
13. April 2023 - 9.10

Wenn Wahlen etwas ändern würden wären sie verboten. Aber Gambia war gut.Der Vorteil bei Koalitionen ist wohl,dass jede Partei etwas von ihrem Programm einfließen lassen kann.

ZiLa
12. April 2023 - 20.47

Gambia 3 ka kommen. Alles mä keng Pafen.