Stichwort „Merde alors“

Stichwort „Merde alors“
Foto: Isabella Finzi

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Armand Back erklärt, warum Jean Asselborn auf bestem Wege ist, erneut Luxemburgs Außenminister zu werden.

Seine Partei verliert. Er schafft es trotzdem zum meistgewählten Politiker. Jean Asselborn ist auf bestem Wege, erneut Luxemburgs Außenminister zu werden. Alles andere käme einer faustdicken Überraschung gleich. Es wäre das vierte Mandat des LSAP-Politikers. Asselborn ist bereits jetzt der dienstälteste Außenminister der Europäischen Union. Im Herbst 2023, wenn die kommende Legislaturperiode ausläuft, wäre er 20 Jahre im Amt.

Asselborn konnte rund 30.000 persönliche Stimmen verbuchen (die zu den etwas mehr als 10.000 Listenstimmen für seine Partei im Süden hinzukommen); der Spitzenkandidat der CSV im selben Bezirk, Marc Spautz, kam auf insgesamt knapp 28.700 Stimmen. Auch das ist ein Grund, wieso die LSAP ihre Verluste im Süden auf einen Parlamentssitz begrenzen konnte – was eine Fortführung von Gambia erst möglich macht.

Wieso das so ist? Dafür gibt es mehrere Gründe – die aber nicht voneinander getrennt gesehen werden können. Der plakativste ist: Als Außenminister kann man eh nicht viel falsch machen. Das mag stimmen. Ein anderer: Als Außenminister ist man besonders oft in den Medien. Auch das ist nicht falsch.

Asselborn hat aber wohl, schaut man sich das Wahlergebnis an, in den Augen der Wähler nicht nur wenig falsch, sondern viel richtig gemacht. Will sagen: Die meisten Luxemburger, zum Großteil überzeugte Europäer, stehen hinter Asselborns Fundamentalopposition gegenüber Europas Populisten und extrem Rechten wie Farage, Strache,
Orban, Salvini.

Stichwort „Merde alors“.

KTG
19. Oktober 2018 - 6.23

Dat heescht de "Muller Guy" fënnt et eng Dommheet, wann de Jang e Faschist wéi de Savini op d'Schëpp hëlt fir deem mol sou richteg d'Wourecht ze soen? Ass dann dovun auszegoen, datt de "Muller Guy" sou Leit gutt fënnt?! W.e.g. gitt endlech konkret an haalt op vun Dommheeten ze schwätzen ouni Beispiller ze nennen. Ech wëll mol héiere wat déi "Dommheeten" oder "Fehltretter" (sic... Feeltrëtter) si sollen.

Muller Guy
18. Oktober 2018 - 17.26

@P. Wollscheid; Wat den JCJ ugeet gin ech iech recht an ech kritiséieren iech och net well dir hei eer Meenung iwert hien schreiwt. Dat duerft dir well mir hun eben Meenungsfreiheet. An doufir, an souguer wann dir den Här Asselborn perséinlech schon 100 Joer géift kennen duerft dir mir net virwerfen dass ech hien hei oft kritiséieren wéinst sengen Dommheeten. Op dir dat lo frech an blöd fannt interesséiert mech séierwéineg. Iwregens, sin ech awer och lang net den eenzechen den dem Här Asselborn seng ze vill Fehltretter op den Wecker geet an dat hei kritiséiert. Hien as "Aussenminister" vun Lëtzebuerg . Polen, Ungarn, Éisterreich, Grousbritannien an Italien hun hieren eegenen.

Pierre Wollscheid
18. Oktober 2018 - 16.21

Här Müller Dir waart wuel Emmer derbei dat die iwert ein Ausseminister esou frech an blöd kennt schwaitzen. Watt solle mir Letzebuerger dan vun JCJ soen. Dat ass heinsdo vill mei Penibel. Ech kann ich nemme soen ech kenne de Jang ewell sait 30 Joer perseinlesch dat watt dir, wahrscheinlesch wenn ein de blöden Kommentar liest net kennt vun Irch behapten. Ech hoffe nemmen das eis Politiker net esou blöd sin an ein efuehrenen Ausseminister dohem lossen.

KTG
18. Oktober 2018 - 0.50

Natierlech huet en dat. De Mann kennt seng Dossieren a weess fir wat e kämpft, nodeems hie selwer e laange Wee gaangen ass a sengem Liewen. Dir tippt hei këschteweis Dreck op dee Mënsch aus, ouni datt do iergendwéi eng substanziell Begrënnung mat Beweiser do wier. Ech halen et do mam "roger wohlfahrt": W.e.g Beweiser bréngen, datt de Jang Asselborn vu seriöse Politiker net seriö geholl gëtt, an do schwätze mer natierlech net vu Faschisten à la Salvini, Le Pen, etc.

Grober J-P.
18. Oktober 2018 - 0.49

Ech proposéieren den H. Muller als nächsten Aussenminister. Léiwen Xavier, bitte , bitte.

KTG
18. Oktober 2018 - 0.46

De "Muller Guy" schëtt hei ganz oft seng Roserei aus, allerdéngs feelt et leider ëmmer nees erëm gewalteg u Substanz.

KTG
18. Oktober 2018 - 0.44

De Felix "Bratz", richteg iwwergens "Braz", ass als Justizminister wuel gesat. Mat dem Jang hu mer eis iwweregens an Europa definitiv net blaméiert. Dem Jang seng Aart a Weis kënnt gutt un, a wa gewësse Leit mat him sollten e Problem hunn.. tant pis! De Mann huet Recht wou e Recht huet, a wiem et net gefällt, dee soll eis mol kënnen, an zwar kräizweis.

roger wohlfart
17. Oktober 2018 - 23.43

Dir hutt recht @ Muller Guy, ech hu vill Humor, awer äntwert mir w.e.g. op meng Fro !

Muller Guy
17. Oktober 2018 - 20.24

@ roger wohlfart; "Mat Bravour an Europa an an der Welt vertrueden" As dat eeren Eescht? Dir schengt mir awer eng witzeg Persoun ze sin. Gut sou! Et mussen jo och net all Witzegkeeten vum Här Asselborn kommen.

roger wohlfart
17. Oktober 2018 - 19.22

Muller Guy @, nennt mir een eenzeche seriöse Politiker an Europa, dee mam Här Asselborn de Geck mecht, unhand vun engem konkrete Beispill w.e.g.

Eddes
17. Oktober 2018 - 18.07

Muller Guy,der hutt de Nol op de Kapp getraff,de Salvini war bestemmt erschreckt vum Asselborn sengem ( merde alors ) einfach blöd, wat mengt hèin wèin hèe wir,de Napoleon vu Letzebuerg.

roger wohlfart
17. Oktober 2018 - 17.05

Bravo, Här Beneké, de Jean Asselborn huet eist Land méi e wéi 10 Joer mat Bravour an Europa an an der Welt vertrueden. Hien ass a bleiwt hei am Land dee beléifste Politiker an huet zu Recht vum Wieler d'Mandat kritt op sengem Posten weiderzemaachen, am Fall wou seng Partei der Regierung ugehéiert. Den Här Asselborn huet déi néideg Erfahrung a mir mussen eis senger nët schummen, loin de là !

Muller Guy
17. Oktober 2018 - 16.43

Här Beneké; Mir Lëtzebuerger hun am Ausland net emmer een einfachen Stand wat Politik ugeet. Den Moment gin mir net hun engem Politiker dobaussen vertrueden sondern vun engem Kabaretist vum Format wéi den Didi Hallervorden. Dat as fir vill Leit flott, et get mam Här Asselborn emmer eppes ze lachen. Awer och déi auslännesch Politiker lachen iwert hien. Null Autoritéit, een Clown fir d'Kaffispausen opzelackeren. Mussen mir eis dat gefallen lossen dass eis auslännesch Frenn mat ons den Geck machen wann den Numm Asselborn fällt. Ech denken NEEN! Wann hien awer an Zukunft nach weider wellt imponéieren an sech wellt wichteg machen kennt hien jo zum Beispiel an der Lëtzebuerger Revue matspillen. Bestemmt kéim hien do gut riwer ouni sech mol mussen ze verstellen. Awer Aussenpolitik as net einfach an schon guer seng Satire. Doufir NIX ASSELBORN!! w.e.g. Här Bettel, Déi Greng! Losst dat net méi zou. Bitte, Bitte!!

Paula
17. Oktober 2018 - 11.32

Nach 5 Joer? Losst dat sin, dei lescht waren peinlech genuch an am Alter get neischt besser. Sollt et dann awer esou kommen, én vu mengen (net-letzeburger) Arbechtskollegen geseit dat ganz locker: “den Här Asselborn hält sech zwar fir ganz wichteg, ass awer um Europa Parkett eng ganz kleng Nummer. Zum Artikel: “Asselborn hat aber wohl, schaut man sich das Wahlergebnis an, in den Augen der Wähler nicht nur wenig falsch, sondern viel richtig gemacht.” Dat kann én esou interpreteieren. Ech denken en huet vill Stemmen vu jonken Wieler kritt, dei hun dann weiderhin Fudder mat dém se sech iwer sozial Medien kennen amüseieren esou wei och vun der Stammdesch Clientèle à la “ei, wat huet dén him et awer elo ginn!”

Chrëscht Beneké
17. Oktober 2018 - 11.24

Et kann ee vum Här Asselborn a sénge "Béngelen" um dt. Fernseh haale wat ee wëll. Ech hunn an Daitschland studéiert a sai lëtz. Daitsch a séng "einfach" Sproch di mer am Mo wéi a wirken a priori nët sonnerlech kompetent. Mä hien ass een (deen) Ausseminister, deen sech a ganz ville Froë a quokelege Dossiere wait aus der Fenster leet. Dat hien der do nët kräfteg bei d'Panz kritt, an hei zu Lëtz. grad wéi am Ausland immens beléift ass, wéist dat hie kéen "Humpejang" ass, ma ganz genau wees wouvunner hie schwätzt. An enger Sproch, déi wéineg ob déi üblech geschlaffen Politikerfloskelen zréck graift.

Muller Guy
17. Oktober 2018 - 10.45

Nach eng kéier! Ganz schlemm wann wat sou kennt. Huet Lëtzebuerg sech mam Här Asselborn net schon lang genug dobaussen deck blaméiert an lächerlich gemach. Wahlgewenner Greng, wiert iech géint den Wahlverléirer LSAP an beansprocht den Posten fir iech. Den richtigen Mann, an och mat Format, wir den Felix Bratz. Net den Bausch! Losst den am Tram.