Sa., 30. Mai 2020

Premium /  


  1. Colombi /

    Mat der genereller Prämisse vum Artikel sinn ech jo averstanen. Kloer muss an der lëtzebuergescher Drogepolitik eppes geschéien. Et misst mindestens nach eng Fixerstuff am Zentrum dabeikommen, wann méiglech awer och nach eng am Norden. Weiderhi géing eng Entkriminaliséierung vum Drogekonsum, wei et Portugal virgemaach huet, et méi einfach maachen, Drogenofhängeger erëm an d’Gesellschaft ze integréieren a soumat déi sozial Cause vun der Drogeproblematik endlech méi efficace ze bekämpfen.

    Allerdéngs stéieren ech mech liicht un der zimlech pseudohistorescher Étiologie vum Artikel. Éischtens ass d’Ausso, dass Drogekonsum laang Zäit nëmmen ënnerhalb vu sozial begrenzten “religiösen oder schamanistischen” Ritualen stattfonnt huet, grondleeënd falsch. Schonn d’laténgesch a griichesch Sourcë bekloe reegelméisseg den Abus vun Alkohol a vun anere Rauschmettel. Dofir war kee reliéise Kontext néideg. An souguer wann den Drogekonsum an engem restriktive soziale Kontext stattfonnt huet, heescht dat net dass d’Participanten dowéinst net trotzdeem Affer vu Stigmatiséierung si konnten. Bescht Beispill sinn d’Bacchanalien zu Roum (183 v. Chr.); do huet de réimesche Senat sech och wéineg drëm geschäert, dass dat eng reliéis Zeremonie war, wou se dann de Gleewegen hire Wäin an hir halluzinoge Champignonen ewechgeholl hunn.

    Zweetens, froen ech mech tatsächlech wei eng wonnerbar staatlech Reguléierungen am 19. Joerhonnert ewechgefall sinn? Kloer soll all Mënsch en Recht op eng medezinesch Verfleegung hunn. Allerdéngs bezweifelen ech staark, dass mer a Saachen “Sozialstaat” eppes vum Ancien Régime léiere kéinten…

    • Luc Laboulle /

      Et ass natierlech schwéier an 3 Sätz d’Geschicht vun den Drogen ze retracéieren. D’Ausso, dass Drogekonsum laang Zäit nëmmen ënnerhalb vu sozial begrenzten “religiösen oder schamanistischen” Ritualer stattfonnt huet, ass net grondleeënd falsch, si ass just e bësse restriktiv. Op vill Kulturen trëfft se effektiv zou. Bei de Griechen a Réimer ass virun allem op Fester exzessiv gedronk gin. Et geet hei awer net ëm den Abus vun Alkohol, deen eng laang Geschicht an der “europäescher Kultur” huet an am Mëttelalter méi Liewens- wéi Rauschmëttel war. Mam Asetzen vun der industrieller Revolutioun ass den exzessiven Alkoholkonsum (och a Form vu Branntwäin) awer zu engem soziale Problem vun der Oarbechterklass gin. Och déi neizäitlech Droge wéi Heroin a Kokain si virun allem an den ënneschte Schichten e Problem ginn, well se relativ deier kaschten an dofir oft zu Oarmut, Kriminalitéit an Obdachlosegkeet féieren. Virun allem bei denen, déi keng oder wéineg Suen hunn.
      Zu ärer leschter Remark: Et ass eng Uspillung un d’Laissez-Faire-Politik vum 19. Joerhonnert, déi net nëmmen op pseudohistoreschen Hypothese berout, mee och dozou gefouert huet, dass ënnerhalb vun e puer Joerzingten dausende Leit wéinst der Industrialiséierung an d’Stied hu misse flüchten, wou se keng Liewensgrondlaag méi haaten. Esou ass de modernen Oarmutsproblem eréischt entstan.

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen