Froen zur Schoulreform am Lycée technique

Froen zur Schoulreform am Lycée technique

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Säit 1983 halen ech am Lycée technique Schoul an hunn dofir och schonn etlech Reforme materlieft a versicht, se ouni gréissere Schued fir mech, meng Schüler a meng Kanner ze iwwerstoen. Et sinn nach net vill ëffentlech Äusserungen zu der neier Reform komm, an dat huet deelweis domat ze dinn, dass nach villes onkloer ass, an domat dass et jo och (wi bei deenen anere Reformen) eng ganz Parti gutt gemengten Intentiounen doranner gëtt. Wee kënnt dann dergéint sinn, fir eis Kanner kompetent ze man?

Och ech hu bis elo de Bak gehalen a mer mäint geduecht, mee et schéngt mer sou lues un der Zäit ze sinn, eng Parti Froen ze stellen, déi fir mech nach keng Äntwert fonnt hunn a mat deenen ech net eleng do stinn. Ech hunn déi Froen emol onsortéiert zesummegeschriwwen a wär frou, aus dem MEN eng Äntwert dorop ze kréien.

Ween huet dës Reform gefrot? (d’Elteren, d’Schüler, d’Proffen?) Firwat kennen ech keen, dee gemengt huet, esou eng Reform misst kommen?
Hu mir de Kanner eppes anescht wi Kompetenze bäibruecht di lescht Jorzéngten? Firwat gëtt et dann iwwerhaapt Leit, di kompetent sinn?
Firwat héieren ech vun de Leit, di an de „Groupes curriculaires“ matschaffen, datt si do dra sinn, fir dat Schlëmmst ze verhënneren an net aus Begeeschterung fir d’Reform? (Fir dass kee Mëssverständnis opkënnt: Dat si Leit, di vill schaffen, mat Begeeschterung Schoul halen, opgeschloss fir nei Iddie sinn, Leit, di ech alleguer héich respektéieren!)

Wat ass gutt drun, fir Examen ofzeschafen, sou dass den éischten Examen am Liewen d’Virstellungsgespréich beim Patron ass?

Firwat schrauwe mir an der Schoul d’Ufuerderunge vu Joer zu Joer erof, wann et dobaussen am „richtege Liewe“ grad ëmgekéiert ass?

Wat mécht d’Reform mat „lern-resistenten“ Schüler (Jo dat gëtt et!)?

Firwat gëtt ëmmer gemengt, ENG nei Method wär d’Ee vum Columbus fir all pädagogesch Problemer ze léisen? No menger Erfahrung ass eng Vielfalt vu Methoden noutwenneg, fir mat de Schüler ze schaffen.
Ass jeemools vum Ministère de l’Education nationale eng Evaluatioun vun enger Reform gemaach ginn?

Wa jo, firwat weess keen eppes dovun?

Firwat ännert een ALLES amplaz just dat, wat net gutt ass?

Firwat ginn auslännesch Experte gefrot an net di Leit an der Schoul?

Firwat sollen d’Kanner eréischt d’Fuesent eng Zensur kréien, wann et scho ganz spéit ass (ze spéit, fir géigenzesteieren, wann eppes schifleeft)? Firwat solle mir méi Zäit an Energie dorop verwenden, fir Kompetenzen ze préiwen wi op d’Vermëttele vu Wëssen a Kënnen?

Wou man all di Schüler hir Stagen? Wou sinn all di Betriber, déi si wëllen ophuelen?

Firwat kréien di Leit an de „Groupes curiculaires“, déi ähnlech Froen, wi ech hunn, keng Äntwert vum MEN dorop?

Ech hätt nach eng Iddi, wi sou munches an der Schoul sech giff verbessere loossen: Wann di Leit, di Reformen ausschaffen, regelméisseg all puer Joer missten de Schreiwdësch géint e Pult an engem Schoulsall tauschen, da giffen se aus éischter Hand matkréien, watfir Guddes oder Schlechtes se de Proffen an de Schüler agebrockt hunn. Vläicht giffen dann och e puer Detailer am Virfeld besser duerchduecht ginn.

*) J.-C. Feltes ist Prof. Ing. im LTAM (Lycée technique des Arts et Métiers) und Vater von 4 Kinder.