Mi., 7. Juni 2023



  1. Jacques Zeyen /

    Worauf wollen wir verzichten? Die Atomkraft ist „out“. Warum? Tchernobyl! Da waren Reserve-Spezialisten am Werk die sich ein kleines Experiment geleistet haben und das ist in die Hose gegangen. Dann Fuku. Wer baut in einem Land das am pazifischen Feuergürtel liegt ein AKW am Strand(!) Tsunami ist ein japanischer Begriff. Wer mit der Atomkraft solche Scherze wagt ist selber Schuld. Die Atomkraft ist die effizienteste Energiequelle,solange die Wasserstofffusion nicht entwickelt ist. Wir verspargeln die Natur mit Windrädern und kleben Solarpanele in fußballfeldgröße an jeden Südhang. Schön und gut. Aber wird das unseren Bedarf auf Dauer decken? Nein.
    Wir werden Kohle verbrennen müssen. Und das ist genau das was wir jetzt brauchen um den Klimawandel zu fördern. (Buchtip: Gaias Rache von James Lovelock)

  2. Gerner /

    Kommt emol an de Süden, da kuckt der op Cattenom, da wësst der wéi schéin déi Wandrieder sinn.

    Wann deenen eng geschitt, dann ass eng Téitsch an der Wiss, bei Cattenom misste mer fir e puer dausend Joer an der Belsch an Zelter liewen.

    Also féiert keng op.

  3. Gudi /

    De Jacques Zeyen huet recht, wann e seet, dass och all déi „propper“ Energien am Endeffekt net wäerten duergoen, fir dee risegen Energiebedarf – een Appetit, dee mer duerch eng ëmmer méi digitaliséiert Welt och nach zousätzlech eropdreiwen – kënnen ze decken. Et ass och meng Meenung, dass bis mer nach méi effikass Stroumquellen developpéieren, mer eigentlech net ganz dierften op Atomkraaft verzichten (sorry, wann elo nees vill Leit vehement protestéieren) . Natierlech „haasse“ mer hei Cattenom etc. Et mussen definitiv ural Schrott-Reakteren zougemaach ginn – mee wann een der e puer vun der modernster Zort um Netz léisst, kann dat och hëllefen, fir net anerwäerts eis Landschafte mussen ze verschandelen. Géint e puer Wandrieder als komplementär Quell seet jo och keen eppes – mee en Haapt-Energieträger soll a kann dat net ginn.

  4. roger wohlfart /

    Do musse mir eis all un der eegener Nues huelen. Wien verschwänt sou vill Energie, wien verbraucht sou sëlleche Stroum? Nët nëmmen d’Industrie, mir alleguer, ouni Ausnahm. Ët ass jo kee méi bereet op Confort a Luxus ze verzichten. Huelt deene méischten emol den Handy ewech, da brecht hier Welt zesummen. Dat ass nëmmen ee Beispill. Wou solle mir dann d’Elektresch hierhuelen? Jo, dem Turner géif de Pinsel aus der Hand falen, wann hien dës nei Zort vu Parke géif gesinn. Eis Virfahren géife sech am Graaft emdrëhen virun dëser Verschampeléierung vun der Natur. An dann: ouni Wirtschaftswuesstem bleift jo anscheinend d’Welt stoen. Deemno fuere mer monter weider wéi bis ewell, ouni Rücksicht op d’Ëmwelt. Mir hu jo elo, mat den Onwiedere an de Schied, déi se mat sech bruecht hunn, gesinn wouhin d’Mësshandlung vun der Natur féiert. Awer dat gouf ët jo ëmmer schons. Oder och nët!

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos