Rechtlech gewonn, mee finanziell verluer

Rechtlech gewonn, mee finanziell verluer

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Max Leners iwwer eng onglécklech lëtzebuergesch Realitéit

Zivilprozesser gewannen an awer op den Affekotskäschte sëtze bleiwen: Muss dat sou sinn? Mir kennen et aus de Filmer, nom gewonnene Prozess läit d’“Partie gagnante“ sech an den Äerm a kann no enger laanger, emotional ustrengender Zäit erëm zur Rou kommen!

Zu Lëtzebuerg gëtt et an der Regel awer een Ëmstand, deen d’Erliichterung no engem Zivilprozess belaascht an och dozou féiert, datt d’“Partie gagnante“ sech och ganz dacks als finanzielle Verléierer fillt. Gewënnt een zu Lëtzebuerg säin Zivilprozess, bléift een op sengen Affekotskäschte sëtzen. Beschtefalls accordéieren d’Riichter engem e partielle Remboursement, deen net méi wéi ee ridicule klenge Montant vun de Käschten deckt.

Een onglécklechen Ëmstand, deen net misst sinn a fir dee schonn zanter Joerzengten eng adequat Gesetzgebung existéiert. Den Artikel 240 vum „Nouveau code de procédure civile“ gesäit nämlech zanter 1987 fir: „Lorsqu’il paraît inéquitable de laisser à la charge d’une partie les sommes exposées par elle et non comprises dans les dépens, le juge peut condamner l’autre partie à lui payer le montant qu’il détermine.“

An der Theorie hunn d’Riichter also d’Méiglechkeet, fir d’ennerleeë Partie zum Bezuele vun den Affekotskäschte vun der „Partie gagnante“ ze veruerteelen. An der Praxis accordéieren d’Riichter awer näischt oder just lächerlech kleng Montanten, soudatt een trotz gewonnenem Zivilprozess op sengen Affekotskäschte sëtze bleift.

Restriktiv Ausleeung

Datt d’Riichter dësen Text esou restriktiv ausleeën, ass net nëmmen verwonnerlech, wann ee sengem Gerechtegkeetsgefill follegt, mee gëtt nach méi verwonnnerlech, wann een d’Motivatioun vum Législateur liest, déi zu der Aféierung vun dem haitegen Artikel 240 gefouert huet. „Cet article (…) qui constitue un pas de plus vers une véritable gratuité de la justice trouve son fondement dans l’équité.“ Et ass ee verféiert ze soen, datt dëst Zil duerch déi haiteg Ausleeung vum Text méi wéi verfeelt gouf.

Et muss een awer bedenken, datt ee Riichter a senger Interpretatioun fräi ass an an engem Rechtsstaat och muss sinn! Allerdings ass dës richterlech Interpretatioun net onerwaart komm an d’Gesetz hätt scho kéinten, missen méi konkret sinn.

De Staatsrot huet 1985 a sengem deemolegem Avis schonns ënnerstrach: „Les honoraires (d’avocats) constituent sans doute une dépense importante qui grève lourdement le budget du plaideur. Il n’en reste pas moins que le montant de la condamnation (…) est indépendant et distinct de ces honoraires; sa détermination dépend en effet du seul pouvoir d’appréciation du juge.“ Den „Avis de l’ordre des avocats à la cour supérieure de justice“ ass nach méi wäit gaang: „Le législateur doit dans la mesure du possible, donner aux juges des indications précises sur ce qu’ils ont à faire.“

De Legislateur ass dëse Remarquen awer leider net gefollegt a wollt de Riichteren net virschreiwen, wat si maache missten. D’Iddi dohannert war, fir de Riichteren d’Fräiheet ze loossen, fir datt si kennen dee Montant ginn, dee si op Basis vun hirem Gerechtegkeetsgefill fir ubruecht fannen. Eng interessant an humanistesch Approche, déi de Riichteren e grousse Spillraum gelooss huet.

D’Riichter benotzen dëse Spillraum awer virun allem, fir guer kee Montant ze ginn, an
domat d’“Partie gagnante“ mat hiren Affekotskäschten do sëtzen ze loossen. D’Ziler, déi de Legislateur sech an de 70er an 80er Joeren ausgemoolt huet ze erreechen, sinn domat leider verfeelt ginn. Parallel huet de Legislateur awer och an de leschten 31 Joer verpasst, d’Gesetz sou ze reforméieren, datt ee mol een éischte Schratt „vers une véritable gratuité de la justice“ géif maachen.

Léiwer kee Prozess

Fir déi Partie vum Prozess mat engem méi modeste Budget an déi net vun enger „Assistance judiciaire“ profitéiert, kënnen d’Affekotskäschten een Argument sinn, datt si léiwer hirt Recht net viru Gericht revendiquéiert, obwuel si de Prozess géif gewannen. Op där anerer Säit huet een déi grouss Konzerner, mat hirer héich spezialiséierter Equipe vu Juristen, déi guer keng finanziell Repercussioune vum Prozess ze fäerten hunn, well fir si dës Käschten eng einfach „Ecriture comptable“ duerstellen. Dës kann dozou féieren, datt de klenge Mann sech d’Revendiquéiere vu sengem Recht vis-à-vis vun engem Konzern, weinst den héijen Affekotskäschten, op deenen heen sëtzen bleift, net méi leeschte kann oder wëll.

Et wier awer ze einfach an och geneesou ongerecht fir ze soen: „Du hues verluer, also bezills du och nach der aner Partie hir Affekotskäschten.“ D’Käschte variéiere jee no Affekot an de Choix vun engem méi déierem Affekot dierf d’“Partie opposante perdante“ net nach weider sanctionnéieren. Duerfir wier et a mengen Aen eng gutt Iddi, den Artikel 240 ze reforméieren a sech dobäi um Article 1022 vum belge „Code judiciaire“ ze orientéieren, deen e gewësse Equiliber tëschent den Interête vun de jeeweilege Partien etabléiert. Dat belscht Gesetz gesäit fir, datt d’“Partie gagnante“ d’Recht op ee „Montant de base“ huet, deen d’Affekotskäschte soll deelweis decken.

Op Demande vun enge vun de Partien huet de Riichter d’Méiglechkeet, dëse „Montant de base“ ze adaptéieren, ouni iwwer ee festgeluechte Minimum a Maximum erauszegoen.
Duerch d’Aféiere vun esou engem System géif d’“Partie gagnante“ opmannst een Deel vu sengen Affekotskäschten zeréckkréien. An d’“Partie perdante“, misst och net iwwert ee gewësse Maximum eraus bezuelen. De „Montant de base“, de Maximum an de Minimum, missten och esou ausgeluecht ginn, datt en net symbolesch ass, mee déi reell Affekotskäschten hei ze Lëtzebuerg erëmspigelt.

Dëst wier ee grousse Schratt hinn zu enger méi gerechter a sozialer Justiz, an der finanziell Contrainten d’Revendiquéiere vun engem sengem Recht net onméiglech maachen an an der eng rechtlech Victoire kee sou grousse finanzielle Verloscht bedéite misst!