ForumDen neie Projet Stäreplaz – weider wéi bis elo

Forum / Den neie Projet Stäreplaz – weider wéi bis elo
 Foto: Editpress/Claude Lenert

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et ass natierlech gutt, dass no 40 Joer Vernoléissegung de Quartier Stäreplaz, deen zum Spillball vu Promoteure ginn ass, no engem éischte PAP am Joer 1992 an engem zweeten am Joer 2010 elo soll endlech bebaut ginn.

Mee wien sech erwaart huet, et géing domat op d’Wunnengsproblematik reagéiert ginn, dee gëtt enttäuscht. Vu deem intressanten urbanistesche Konzept ofgesinn läit dee Projet nämlech total an der Linn vun deem, wat zanter Joren an der Stad schifleeft: et ginn alt erëm Luxuswunnenge fir déi Räich a Büroe gebaut! Et brauch ee sech nëmmen d’Slides vun der Powerpoint-Presentatioun unzekucken, déi bei der Pressekonferenz an der Stater Gemeng gewise goufen, da gesäit een, dass een et hei mat enger Schicki-micki-Architektur à la Royal-Hamilius ze dinn huet an dass alt erëm 45% Büroe virgesi sinn.

Wat mer haut awer an der Stad brauchen, dat si Wunnengen a virun allem abordabel Wunnengen! D’Zuel vun de Pendler an d’Stad ass elo schonn iwwerdriwwen héich a mir wëllen déi net nach vergréisseren, mee am Géigendeel méi Leit e bezuelbaren Ënnerdaach an der Stad erméiglechen. Doriwwer eraus huet mat der Corona-Kris den „Travail à distance“ zougeholl an et ass och wirtschaftlech net logesch, nach weider Bürosflächen ze bauen. Et drängt sech also op, dass nieft de „Commerces de proximité“ Restauranten a Bistroen an anere Fräizäitservicer op der Stäreplaz nëmmen nach Wunnengen dierften entstoen. A wann trotzdeem do eng minimal Zuel u Büroe lokaliséiert sollte ginn, dann nëmme fir ëffentlech Déngschter (déi een an dësem Projet iwwregens ganz vermësst), vu dass hei e „Pôle d’échange“ entsteet, dee mam ëffentlechen Transport super-accessibel ass.

Wat de Bau vun abordabele Wunnengen ugeet, ass d’Situatioun op der Stäreplaz total blockéiert. D’Stäreplaz ass kee sougenannte „nouveau quartier“ an do sinn och am „Pacte logement“-Gesetzprojet 2.0 just 10% sougenannt „logements à coût modéré“ virgesinn, Dat geet natierlech nach laang net duer, wann een emol dovun ofgesäit, dass mat 80% vum Maartpräis sougenannt „logements à coût modéré“ scho laang net méi abordabel sinn.

Firwat kënnen op der Stäreplaz, déi elo zanter 40 Joer broochläit, net méi abordabel Wunnenge gebaut ginn? Dat hänkt mat de Besëtzverhältnisser zesummen. Et erkennt een hei dat selwecht Muster wéi am Rescht vun der Bau- a Wunnengspolitik vun deene leschte Joerzéngten an der Stad, nämlech d’Fokusséierung op privat Promoteuren a privat Profitter, op deene quasi keng Steiere bezuelt ginn.

Dat ass keen Zoufall, mee et ass ideologesch kloer esou gewollt! Bis an d’1990er Joren era war nämlech de Staat Proprietär vu bal 50% vun de Stäreplaz-Terrainen, mee deen huet kategoresch refuséiert, selwer d’Roll vum Promoteur ze iwwerhuelen (dixit den deemolege Minister Robert Goebbels) an huet dofir seng Terrainë mat Hëllef vun der Spuerkeess un de Willy Hein verkaaft. Deen huet e puer Mol deklaréiert, als offizielle Mandataire vum deemolege Premierminister Jacques Santer ze handelen.

Dee ganze Schlamassel hu mer also enger wëllentlecher Privatiséierungspolitik vun CSV an LSAP ze verdanken, mat aktiver Ënnerstëtzung vun der DP. D’DP huet nämlech, egal, ob se mat der CSV oder deene Gréngen an der Stad um Rudder war, d’Situatioun op der Stäreplaz faule gelooss an net agegraff, trotz zwee successive PAP-en, déi, well se net ausgefouert goufen, et der Stad erlaabt hätten, dem „Pacte logement“-Gesetz 1.0 vun 2008 no ze expropriéieren oder héich ze taxéieren. Am Géigendeel gouf esouguer drop verzicht, déi Terrainen als bebaubar anzestufen, wouduerch d’Proprietären och nach eng lächerlech niddreg Grondsteier bezuelt hunn.

Déi ganz Terrainen op der Stäreplaz gehéieren haut dem Staatsfong vun Abu Dhabi, deen hofft, esou vill Profit wéi méiglech erauszeschloen an dann héchstwarscheinlech iwwert e FIS („Fonds d’investissement spécialisé“) quasi keng Steieren ze bezuelen. D’ADIA (Abu Dhabi Investment Authority) ass souwuel Besëtzer vun der Terrainen ewéi och Investisseur. D’Haapt-Boîte vun ADIA hei zu Lëtzebuerg ass d’Soparfi „Silver Holdings SA“. Déi huet och de Royal-Hamilius. Et kann een unhuelen, dass d’Stäreplaz-Terrainen an e Fong placéiert sinn, dee vun der Soparfi gehale gëtt. Ob dee Fong als FIS strukturéiert ass oder ënnert enger anerer Form (FCP partie II, FIAR, Sicar), ass eigentlech niewesächlech, well all Alternative Investment Fund (AIF) nëmmen eng „Taxe d’abonnement“ vun 0,01% bezilt.

Mir hunn et bei der Stäreplaz mat der selwechter Politik ze dinn wéi a Saachen „Hôtel des postes“: Ëffentleche Patrimoine, ob Terrainen oder Gebaier, gëtt privatiséiert an den allgemengen Intressi gëtt mat Féiss getrëppelt! Dass d’Biergerinnen an d’Bierger carrément vun der Planung vun der Stad ausgeschloss sinn, ass eng logesch Konsequenz vun där Politik: Si sinn net erwënscht! Si kënnen héchstens bei der Faarf vun de Blummendëppe matschwätzen – wann iwwerhaapt!

* Den Auteur ass Politiker vun „déi Lénk“ a Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

Max
8. Oktober 2020 - 21.58

Wat mer haut awer an der Stad brauchen, dat si Wunnengen a virun allem abordabel Wunnengen! Ech kann esou eppës guer nët méi héieren. Mir liewen hei Gott sei Dank nach nët an enger Planwirtschaft. Wann een Lëtzebuerg mam Ausland verglaicht dann sin d’Wunnengen nach ëmmer erschwinglech. Mir fir eng Wunneng ze hun muss een Sacrificer a kaaf huelen esou wéi eis Elteren a Generatiounen virun eis ët och gemaach hun an nët ëmmer alles direkt wëllen hun an daat och nach op d’Käschten vun deenen aaneren Leit

Moritz
8. Oktober 2020 - 16.05

Wann Der gär Wunnenge baut fir Leit déi sech keng leeschte kënnen, loosst Iech vun eis net ophalen. Dat hei si privat Promoteuren an déi musse Geld verdénge fir hir Leit ze bezuelen, déi sinn net bei der Caritas.