LeserforumEng Noriicht, déi et just verpasst huet, an d’Press ze kommen

Leserforum / Eng Noriicht, déi et just verpasst huet, an d’Press ze kommen
 Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Emmer rëm kréien all méiglech Kritiker vun der Madamm Lenert eng Tribün, fir déi beléiftste Lëtzebuerger Politikerin unzegräifen. Hei e puer Titele vun Artikelen vun de leschte Wochen, mat alle Grausamkeeten, fir déi d’Madamm Lenert eleng responsabel ass.

Das Prestigeprojekt der Regierung scheitert am Gesundheitsministerium … Es wurden fatale politische Fehler gemacht … Vom schlampigen Umgang mit wichtigen Berufen … Nebelkerzen und blinder Aktionismus in der Gesundheitspolitik … Sozialistische Gesundheitspolitik hat Gesundheitssystem kaputt gemacht … Ambulante Strukturen: Lenert kassiert Schlappe vom Staatsrat …

En DP-Dokter vu Wolz huet schonns 1975 engem DP-Gesondheetsminister gesot, wat e soll maachen, fir méi  Dokteren an d’Land ze kréien. En Dokter vun Déifferdeng wousst et och schonn zënter de 90er-Joren an eng Journalistin aus dem LW wousst et souwéisou och. Si all haten eng Verdueblung vun der Populatioun virausgesinn, Work-Life-Balance wär hinne keen onbekannte Begrëff, datt d’Majoritéit vun de Sektiounen am Lycée op Première keng Naturwëssenschafte méi kennt an domat vun der Zouloossung zu Medizinstudien ausgeschloss ass, haten se och virausgesinn.

Si suivéieren dobäi eng Method, déi schonns de réimesche Statsmann Cato emmer erëm gebraucht huet: Im Übrigen bin ich der Meinung, dass Karthago zerstört werden muss.

D’Opreegung wor grouss, wéi am Hierscht 2022 erauskoum, datt sechs vu siwen Häerzdokteren d’Klinik zu Ettelbréck verloosse géifen an domat op hiren Agrément bei der Klinik verzichte géifen. Schold doru wor, wéi konnt et anescht sinn, erëm eng Kéierd’Madamm Ministesch Paulette Lenert. Et stoung mat décken, fette Buschtawen an all Zeitung op prominenter Platz. Elo stellt sech eraus, datt schonns am Dezember 2022 ee Kardiolog konnt rekrutéiert ginn a viru kuerzem ass den Agrément fir dräi weider Kardiologen ënnerschriwwe ginn. Jo, verschidden Dokteren, déi sech zeréckgezunn haten, wëllen elo erëm am Bereetschaftsdéngscht matmaachen. An der geschriwwener Press, sauf erreur, kee Wuert. Genau wéi wann e Sak Räis a China ëmfällt.

Am LW vum Donneschdeg, de 6. Abrëll 2023, wor en Artikel iwwert eng gefuerdert méi liberal Ofdreiwungspraxis déi d’Madamm Lenert, wie soss, ausbremse géif. Jo, si an d’LSAP kréien de Virworf gemeet, datt si d’Recht op Ofdreiwung net an d’Verfassung ophuele gelooss hätt. Eisen Noper, la Grande Nation ingouvernable, wëll (Konjunktiv) dat schlussendlech maachen a mir géifen ëmmer dat maachen, wat d’Fransouse virmaachen.

Elo seet de Léon Gloden, mat der CSV wär esou eppes net ze maachen. Wann ech weess, dat een d’CSV brauch, fir 40 Stëmmen zesummen ze kréien, misst elo net eng Rektifikatioun kommen. D’LSAP scheitert un der CSV, fir d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfaassung opzehuelen.

Léif Madamm Lenert, haalt wannechgelift duer!

P.S.: De Cato huet d’Zerstéierung vu Karthago net méi materlieft.

jung.luc.lux
9. Juni 2023 - 18.31

Madame Lenert fir aer geleeschten Arbecht grous Felicitatiounen.

jo
9. Juni 2023 - 13.30

Mat den Naturwëssenschaften op den Ofschlossklassen am Lycée as wierklech eppes drun!