„Net schonn nees Sport!“

„Net schonn nees Sport!“

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Zënter dem 1. Mee woar d’Gëlle Fra zu Schanghai op der Weltausstellung. Gëschter koum déi symbolträchteg Figur zeréck op Lëtzebuerg. Si huet sech, nach an der Këscht leiend, bereet erklärt, dem Tageblatt, als eenzegem Lëtzebuerger Presseorgan, en Interview ze ginn, fir iwwert hir aktuell Rees, iwwert hir Vergaangenheet an hir Zukunft ze poteren.

François Besch

Tageblatt: Madame – pardon wann ech e bësse meng Stëmm hiewe muss, mee soss géingt Der vläit näischt héieren: Wéi woar Är Rees, an ass et Iech net ze vill onbequem an där grousser Këscht do?

Gëlle Fra: „Melci fil Äl Noflo …, entschëllegt, ech war lo ze vill laang a China. Ech wollt natierlech soen: Merci fir Är Nofro. Wësst Dir, am Vergläich zu deem, wat ech a mengem laange Liewe schonns alles hu misse matmaachen, woaren déi lescht sechs Méint fir mech e wierkleche Pläséier. Ech gouf geheegt a gefleegt, zëchdausend Mol fotograféiert, a vill Millioune Leit aus der ganzer Welt hu mech bewonnert. An dat souzesoen op Aenhéicht. Dat huet mir gutt gefall.
Esouguer eise Grand-Duc ass extra erbäigeflu komm, fir mech ze kucken. Obwuel e mech jo bestëmmt schonns dacks genuch gesinn huet. Wann een esou e schéint Erliewnis hat, da muss een d’Strapazen, déi d’Rees mat sech bréngt, och kënnen akzeptéieren.“

Schanghai woar also fir Iech en Erliewnis. Huet schonns een Iech verroden, wou déi nächst Rees dann hiféiert?

G.F.: „Ma ech hunn héieren, ech géif op Käerjeng bruet ginn, wou mir a mengem Papp zu Éieren e Musée gebaut gouf.
Ech sinn dorop ganz houfreg, well ech muss Iech verroden, ech sinn es sat, ëmmer am Fräie stoen ze mussen, Wand a Wieder ausgesat, a ganz héich iwwert dem Péitrussdall, wou et mir oft dronke gëtt. Wéini, et ass schonns eng Zäitchen hier, hat ech mech souguer jo net glat selwer niewt mir stoe gesinn, mat engem décke Bauch … Wësst Dir, ech ginn net méi jonk, a verdroen dat net méi esou gutt.“

Pardon, wann ech Iech ënnerbriechen. Do musst Der eppes falsch verstanen hunn. Dir gitt zwar op Käerjeng, ma vun engem Musée Cito woar nie Rieds: Dir gitt an der Sportshal ausgestallt!

G.F.: „Wat gelift?“

Jo, an der Hall75!

G.F.: „Nëmmen dat net! Ech hu mat Sport nun iewer guer a glat näischt um Hutt, pardon Kranz. Wësst Dir, deen eenzege Grond, firwat ech iwerhaapt bereet woar, dem Tageblatt – a just dem Tageblatt – en Interview ze ginn, ass deen, dass et ee vun Iech woar, dee mech deemols befreit hat: de Josy Braun! Ouni hien léing ech bestëmmt ëmmer nach a menger däischterer Stopp! Ënnert der Tribün vun engem Sport-Stadion. Stellt Iech dat emol vir! Mat gebrachene Schanken an ouni déck Zéiw … 40 Joer laang hate se mech do vergiess.
An elo sot Dir mir, ech kéim an eng Sportshal stoen. Ma wéi e Komiker hat dann déi droleg Iddi?“

De Käerjenger Buergermeeschter Wolter huet gemengt, dat wir déi richteg Plaz, fir dass och d’Lëtzebuerger Iech mol eng Kéier vu méi no kucke kéinten. Et ass jo net fir ëmmer. Dir kommt e puer Woche méi spéit erëm op Är gewinnte Plaz an der Stad!

G.F.: „Krëtjëft! Wann ech dat do gewosst hätt, da wir ech zu Schanghai bliwwen! A wien ass dee Wolter iwwerhaapt? Dat muss jo e richtege Mischi sinn, e Konschtbanaus … Mech an eng Sportshal ze stellen. Grad mech!“