Luxembourg/Wat fir eng „Miss-Wal“!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech, Stéphanie Janssen, Finalistin vu Miss Luxembourg 2009, Miss 12, wëll dem Publikum och meng Siicht an déi vu mengen Inviteeë vun deem ganzen Oflaf bei der Miss-Wal duerleeën.


Mir Finalistinnen hu missen ee Kontrakt ënnerschreiwen, deen ee mat engem Staatsgeheimnis kéint vergläichen. Mir hu missen zéng Ticketen à 245 Euro (Total: 2.450 Euro) verkafen. Bei deenen horrible Präisser war dat allerdéngs net einfach.
Etlech Misse krute se net verkaf, dofir hu se spéiderhin ee Parrainage gegrënnt, fir deene Kandidatinne bäizestoen, déi keng verkaf hunn oder net genuch. Dorops hi gouf ech opgefuerdert, enger anerer Miss hir Ticketen och nach ze verkafen, fir esou zu zwee zesummen op d’mannst 18 Ticketen ze hunn.
Ech fir mäin Deel hunn der eleng 17 verkaf. Si hu gewësse Misse stänneg ënner Drock gesat, si misste se verkafen, soss wire se eliminéiert, well si keen Asaz géife weisen. Ech si skandaléiert doriwwer, dass do ëmmer erëm d’Geld zielt.
Ausserdeem 1.000 Euro Strofgeld, wann een eng Kéier feelt, wat och e puer Mol virkoum bei gewësse Missen.
Een SMS-Voting, deen zu 40 Prozent dem Publikum zousteet à 1 Euro/Vote, ufanks nëmmen a Lëtzebuerg. No zwou Woche goufen dunn d’Belge a Frankräich bäigepléischtert. Firwat? En plus, no der Final – laut engem Jury-Member – hunn déi 40 Prozent just nach bei de leschte sechs Finalistinne gegëllt, wat angeblech sollt am Kontrakt gestanen hunn, wat awer net wouer ass.
Op hirem Site selwer ënner „news“ sollt all Samschde bekannt ginn, ween an der Top 5 ass. Ufanks war dat och esou… De President aus dem Comité huet mer felicitéiert fir déi éischte Plaz am Voting a fir Sponsoring, dee si herno an d’Hand geholl hunn.
Ëmsou méi war ech erstaunt, dass d’Presidentin, d’Mme Muriel Gilbert, mech wollt disqualifizéiere wéinst dem Artikel an der „Promi Lëtzebuerg“ (Homestory vu mir), dee si virum Erschéngen accordéiert huet, mee zum Schluss näischt méi dovu wollt wëssen.
Säit deem Moment krut déi Zeitung Hausverbuet an ech gouf just nach zur S… gemaach an hu mech misse schrëftlech rechtfertegen, woumat ech och guer kee Problem hat, well de Feeler loung net bei mir.
Den Dag vun der Final, de 6. Dezember, sollten op Wonsch vum Muriel Gilbert d’Inviteeë sech géint 18.30 Auer um Glacis versammelen, wou si da vu Limousinen ofgeholl sollte ginn. Allerdéngs stoungen etlech Dose Leit um Glacis an der Keelt ze waarden an ze waarden (30 Minutten). Wourops hi vill Leit sech zu Fouss an de Royal op de Wee gemaach hunn, wat awer fir Dammen eng Zoumuddung ass, am Owendkleed.
No Telefonater koumen dunn awer endlech nach zwee Gefierer, een Auto an ee Van, déi déi aner Leit siche koumen.
Endlech ukomm, no laangem Stoen a Gedränge, hu Leit sech am Keller ëremfonnt an duerften hire sougenannte „Cocktail dinatoire“ am Stoen zou sech huelen, eng Zoumuddung speziell fir eeler Leit. Duerno hu Leit sech an de Sall beginn, wou den Defilee stattfonnt huet, a si sech endlech sëtze konnten.
Den Entertainment war u sech ganz flott, vläicht witzeg (?) de Laufsteg … Mme Thorunn, Här Xavier Bettel, bal gefall, mat Humor gemengt huet, do wier wuel eng Descente …
Ech um Defilee hunn esouguer genee op där Plaz d’Schong verluer … ze grouss – beim Uprobéiere war et kee Problem (dat selwescht Kleed a Schung…). Komesch … ?
Nom éischten Defilee, wou d’Jury der zwielef erausgewielt huet, ass d’Stëmmung op der Plaz gekippt. De gréissten Deel vum Public huet aus Protest de Sall verlooss, well vill Leit der Jury hir Decisioun net akzeptéire konnten a wollten.
Et koum zu heftegen Diskussiounen, vill Leit hu sech un d’RTL-Team gewannt, hunn hir Statements ofginn an hunn ëm Objektivitéit gefrot, wat si och zougeséchert kruten. Nodeems Medieleit vun der Mme Muriel Gilbert an een zouene Raum zesummegeruff goufen, ware se wéi ausgewiesselt. Mat verstengerter Minn hu se de Sall verlooss, kee Bléck, keen Toun, näischt méi. D’Show gouf weider „duerchforcéiert“ an d’Miss Luxembourg 2009 gouf gewielt.
Ee groussen Deel vum Publikum war nullement d’accord mat deem Ganzen a gouf opgefuerdert vum President aus dem Comité, d’Police ze ruffen, wat dunn och geschitt ass.
Wéi net anescht ze erwaarden, gouf e Sonndenowend e wonnerschéine Film iwwert d’Miss-Wal 2009 zu Lëtzebuerg um RTL gewisen. Am „Luxemburger Wort“ stoung och ee schéine positiven Artikel iwwert d’Miss-Wal, iwwert déi vill Diamanten (2.116) vum Sir Elton John senger Kroun am Wäert vun 147.300 Euro, déi der Miss 24, Diana Nilles, vun ArcelorMittal, deem gréisste Stolproduzent vun der Welt, opgesat ginn ass.
Stéphanie Janssen