Bespriechung„Si mer nach ze retten“: Ee kabarettisteschen Owend am Escher Theater

Bespriechung / „Si mer nach ze retten“: Ee kabarettisteschen Owend am Escher Theater
„Si mir nach ze retten“ am Escher Theater

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Lëtzebuerger Cabaret ass net dout! Dat hunn d’Texter vum Claude Faber, Roll Gelhausen, Francis Kirps, Christiane Kremer, Pierre Puth an dem kierzlech verstuerwene Journalist an Auteur Jay Schiltz ënner Beweis gestallt. Si mer nach ze retten? Ass dëst net eigentlech eng rhetoresch Fro? Wien ass mat deem „mer“ iwwerhaapt gemengt? Am Escher Theater goufen den Dënschdegowend genee dës Froe kabarettistesch diskutéiert.

Wéi eng Plaz eegent sech besser fir esou eng Diskussiounsronn wéi ee klengen, gemittleche Bistro mat engem Comptoir, dräi Dëscher, Still, Zeitungen an engem Patt Wäin? Fir dës Atmosphär op der Bün vum Escher Theater suergt d’Kënschtlerin Trixi Weis. An engem Bistro trëfft bekanntlech eng Hellewull vun ënnerschiddleche Leit openeen, déi jeeweils méi oder manner vill ze zielen oder ze bekloen hunn.

A follgender Konstellatioun ënnerhält de Wiert (Claude Faber) sech liefhaft mat senge Gäscht, dem Roll Gelhausen, dem Francis Kirps, dem Clod Thommes an der Wiertsfra, dem Christiane Kremer, iwwert déi politesch a gesellschaftlech Aktualitéit weltwäit, a virun allem zu Lëtzebuerg. All eenzelen Auteur huet sech heibäi mat der Fro vum Owend, „Si mer nach ze retten?“ auserneegesat a jeeweils seng eegen Aflëss mol méi, mol manner misanthropesch erabruecht. Vum Ausstierwe vun de Lëtzebuerger, dem Mënsch als Feeler vun der Evolutioun, den „sozialen Hetzwierker“, der politescher Korrektheet, iwwert d’Auslänner, déi de Lëtzebuerger d’Aarbechtsplazen an d’Wunnméiglechkeeten ewechhuelen, d’Ongläichheet tëscht Fra a Mann, d’Jugend, déi op d’Strooss demonstréiere geet, wärend eeler Generatioune lauthals viru sech hi jäizen, d’Nohaltegkeet vun den Dinosaurier (woubäi de Mënsch als „Luxemburger unter den Tieren“ iwwerall seng knaschteg Fangerofdréck hannerléisst) oder d’Maria Teresa als „TheresaInfluenza“ op der Plattform „YouTréis“: Et bleift kee Fauxpas aus Gesellschaft a Politik onthematiséiert.

Obwuel d’Discourse plazeweis e bësse schleefend sinn, gëtt de Fanger ganz fest op Wonne geluecht a mat gekonnt iwwerspëtzt satiresche Pointe jongléiert. Et gëtt un de gesonde Mënscheverstand appelléiert, un d’Toleranz an dorunner, endlech dat klengkaréiert Provënzdenken, dat nach ëmmer déif zu Lëtzebuerg an de Käpp vun de Leit verankert ass, ofzeleeën. Eng konkreet Äntwert op d’Fro „Si mer nach ze retten?“ gëtt zum Schluss vum Owend net gebueden, allerdéngs gëtt dem Spectateur no an no bewosst, trotz oder genee wéinst der humoristescher Verpackung vun aktuelle Faiten, wéi absurd dach déi haiteg sozial a politesch Zoustänn deelweis sinn. An engem Land, an deem de Suicide-Taux iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt läit, Rassismus un der Dagesuerdnung a Gläichberechtegung ee Friemwuert ass, ass d’Fro „Si mer nach ze retten?“ duerchaus berechtegt.

Weider Virstellungen am Escher Theater: e Sonnden um 17.00 Auer, de 4. an de 5. Mai 2021 um 20.00 Auer.