Klangwelten / Een Himmel ouni Fligeren: „Schlofzëmmerbléck“-Compilatioun
Wärend dem (éischten) Confinement huet de Radio 100,7 enger Selektioun u Lëtzebuerger Museker a Musekerinnen den Optrag ginn, een Track ze komponéieren an opzehuelen. Déi dräizéng Songs vun esou ënnerschiddleche Kënschtler wéi Maz, Ryvage, Autumn Sweater oder Pascal Schumacher erginn ee qualitativ gudden Iwwerbléck iwwert eng jonk Zeen, déi heiansdo e bëssen ze vill no den auslänneschen Inspiratioune klénge wëll.
Esou erënnert „Until Tomorrow“ vun Edsun un The Weeknd, „Let It In“ vu Francis Of Delirium un eng méi poléiert, zougänglech Versioun vu Snail Mail, den donkelen Trip-Hop vu C’est Karma hirem „Post“ un d’Beth Gibbons oder un d’Zesummenaarbecht vun Hope Sandoval mat Massive Attack. Heiranner läit vläicht ee klenge Bemol vun enger u sech staarker Sammlung: Vill vun de jonke Museker kléngen erstaunlech räif, hinne feelt awer vläicht, well se sech vun Ufank un an ee präzise Stil aschreiwen an hir Virbiller an de Lidder däitlech matkléngen, déi Grëtz Onsécherheet, déi Museker zu groussen Dote verleet: D’Sécherheetsnetz, dat aus den Inspiratiounsquellen, den impressionante Stëmmen an der musikalescher Maturitéit gewieft gouf, hënnert d’Kënschtler drun, sech aus dem Elektro-Pop oder dem Singer-Songwriter-Raster, dee beim „Schlofzëmmerbléck“ dominéiert, erauszewoen.
D’Texter gi vun der Introspektioun, dem Nodenken iwwert d’Einsamkeet am Lockdown bis hin zur Beobachtung vun der Aussewelt – Edsun séngt vun engem Himmel ouni Fligeren, d’Claudine Muno vun de Geräischer vun de Méimaschinnen an den Noperen, déi den Auto wäschen – den ultimativ absurde Reflex vum Lëtzebuerger, déi de Won poléieren zu engem Zäitpunkt, wou een eigentlech souwisou néierens hifuere konnt, wierkt hei bal wéi ee freudianeschen Acte manqué.
Verschidde Kompositiounen hunn d’Konzept vum Schlofzëmmer vläicht en Tick ze eescht geholl: Bei „Post“ ass d’Instrumentéierung e bëssen ze minimalistesch, a wärend „Subsol“ vu Sensu geschitt einfach ze wéineg. „Snow In August“ vum Claire Parsons ass leider ze vill op Radio-Ballad formatéiert, fir mat de méi experimentelle Momenter vun der Compilatioun mathalen ze kënnen. „Half Of March“ iwwerzeegt, well et wéi eng Blur-Ballad oder ee Lo-Fi-Track vum J. Mascis kléngt, am beschte sinn „Tulip“ vu Ryvage (dat mat sengem Clip och an der Vitrinn vun der Escher Konschthal ze gesi war) a „Lovesick“ vun Them Lights, dem Mutiny-Drummer Sacha Hanlet sengem Solo-Projet: Op „Lovesick“ léisst dee seng Léift fir de Michael Jackson, déi bei den éischten Them-Lights-Kompositioune vläicht ze däitlech erauskoum, op der Säit a schreift en Track, deen onheemlech catchy ass, „Tulip“ vu Ryvage ass wonnerbar intelligenten instrumentalen Elektro-Pop, deen op dem leschten Album vun de Vessels net feel um Plaz gewiescht wier. Interessant ass, dass dës zwee Tracks een haaptsächlech dozou alueden, dat eegent Schlofzëmmer zur Danzpist ëmzefunktionéieren – an een dobäi d’Weekender um éischte Stack vum „Gudde Wëllen“ vermëssen dinn. (Jeff Schinker)
Bewertung: 7/10
- BMS meldet in fünf Jahren zwölf Vorfälle der Polizei - 28. März 2024.
- Attal va limiter l’indemnisation du chômage - 28. März 2024.
- Osterpromenade durch sieben Museen: „Museumsmeile“ in der Hauptstadt - 28. März 2024.
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.
Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos