Theater„Ech zielen iech mäi Liewen an dir nennt dat eng Fouer“

Theater / „Ech zielen iech mäi Liewen an dir nennt dat eng Fouer“
D’Esther Conter an de Claude Faber spillen déi verschidde Figuren aus de véier Eenaktere vun der „gëllener Kou“ Foto: Kaleidoskop-Theater

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Kulturjoer sinn et 65 Joer hier, dass zu Roum de Grondstee fir d’EU geluecht gouf – Grond genuch, eng Zort Bilan ze zéien: Wat huet d’Unioun erreecht? Wien huet dovu profitéiert? Wiem huet se geschuet? Wéi ee Stellewäert huet si haut, wou Europa nees an engem Krich implizéiert ass? An der „Gëlle Kou” gëtt et keng Äntwerten, mä véier Visiounen, Bilanen an Analysen, déi an der Fiktioun vu véier Auteur*innen erfuerscht ginn – mat méi oder wéineger Succès.

Wärend deem éischten Text, dem Ian De Toffoli senger „One Man Show“, erzielt ee Mann vu senger polygamer, oppener Bezéiung, déi e mat senger Fra hat, éiert se sech fir ee méi klassesche Modell entscheet hunn: Um Ufank gouf et „just“ sechs Amanten, spéider waren et der 22, esou dass hien deelweis dobaussen huet misse waarden, wärend seng Partnerin sech bannen mat aneren ameséiert huet – gestéiert hätt hien dat net. Wat sech um Ufank wéi eng fiicht Männerphantasie unhéiert, ass näischt anescht wéi eng Allegorie op d’Europäesch Unioun: E bësse wéi beim Guy Helminger sengem Europa-Stéck „Guten Morgen Ihr Völker“ gëtt den Déclin vun der EU mathëllef vun enger Bezéihungsanalogie duergestallt – a gläichzäiteg mat verschiddene Relatiounsmodeller ofgerechent. Dat ass net ëmmer subtil, dofir awer intelligent geschriwwen – a stellt déi richteg Froen iwwert d’Zukunft vun der EU.

Beim Jean-Paul Maes sengem Eenakter ënnerhält sech ee mockelegen Typ mat senger gëllener Kou, vun där hien esou gemäscht gouf, dass e paralyséiert um Dësch sëtzt. Dës Revanche vun der gëllener Kou, där de Mann jorelaang blann vertraut huet an dank där en op d’Käschte vun anere konnt een opulent Liewe féieren, gëtt op engem klamaukeschen Toun inzenéiert. Hei ass d’Allegorie méi elliptesch, wat dozou féiert, dass den Text zimmlech abstrakt an e bëssen diffus wierkt – déi sëlleche Klischeeën an de Ping-Pong-Dialogen an d’Iwwerlängt vum Stéck droen net wierklech dozou bäi, dësen „Dialog mat der gëllener Kou“ opzewäerten, deen e bësse wierkt wéi ee Cabaretstext ouni Pointe.

Wärend engem Interlude huet een Zäit, den neie Sall z’evaluéieren – et ass dëst nämlech déi éischt Produktioun vum Kaleidoskop-Theater, déi net méi am Beetebuerger Schlass, mä am neie KulTourhaus am benoperten Hunchereng opgefouert gëtt. De Sall ass definitiv méi modern wéi dat alt Schlass an huet och eng besser Akustik, nawell wierkt en e bësse steril.

No der Paus geet et weider mat engem TED Talk, wärend deem eng Entrepreneuse, déi an der Déierefudderindustrie schafft, sech Gedanke mécht iwwert Wiertschaft, de Kommunismus, Ëmwelt an Déieren-Exploitatioun. Si zielt, wéi si sech aus engem schwierege Milieu héich geschafft huet a wéi si vum Affer zum Täter gouf: Der Claudia Lucas Chéu hire „Groussen Empfang“ ass eng kuerz Geschicht vum Kapitalismus a senge ruppegen Trapen an Hierarchien, um Enn vun deene bëlleg mënschlech Ressourcen an aarme Béischter stinn. Tëschent hirem Talk drénkt d’Figur mat Gloscht aus engem Glas Mëllech – obschonns se Laktose-intolerant ass. Och hei rächt sech d’gëlle Kou, vläicht esouguer posthum, andeem se Mokrämp an Iwwelzegkeet verursaacht.

Heiansdo ass manner einfach manner

Dem Joao Santo Lopes säi „Jalous“ spillt op engem Schantjen: Eng jonk Aarbechterin trëfft bei hirem éischte Schaffdag zu Berlin op een um Ufank ongemittleche Viraarbechter. D’Stéck huet spannend Iddien, den Auteur peekt awer e bëssen ze vill a säi kuerzen Text – et geet ëm fréier Anarchisten, déi elo ee biergerlecht Liewe féieren, ëm sexuell Iwwergrëff, ëm Immigratioun, ëm Klassen an Ausbeutung, ëm Konscht an d’Pandemie – soudass oft just un der Iwwerfläch gekraazt gëtt.

Di véier Texter si vun ënnerschiddlecher Längt a Qualitéit, woubäi ee muss umierken, dass d’Stécker vun den zwee jonken Auteure méi séier op de Punkt kommen, well se sech net an Digressiounen oder an der Abstraktioun verléieren an dowéinst méi präzis, méi effikass sinn.

Leider feelt et der Regie oft un Afäll – alles verleeft relativ glat, an déi verschidde Bréch sinn ze evident, huet een schonn ze dacks gesinn. Do hëlleft de Minimalismus vum Bünebild och net vill – heiansdo ass manner méi, heiansdo ass manner awer och just manner. Deenen zwee Schauspiller – dem Esther Conter an dem Claude Faber – geléngt et nawell, trotz de Regie- an den Text-Schwächen, eng iwwerzeegend Performance op der Bün ofzeginn, och wann deen een oder deen anere Passage liicht iwwerspillt ass.

Et freet ee sech schlussendlech, wéisou een déi lëtzebuergesch an déi portugisesch Texter getrennt huet – eng Trennung, déi duerch d’Paus nach méi staark wierkt. Aus Grënn vun der Symmetrie an dem Opbau mécht dat duerchaus Sënn, nawell wierkt et esou, wéi wann een déi zwou Sproochen a Kulturen hätt wéilten an hire jeeweilegen Ecker loossen, amplaz eng Kontaminatioun, een Zesummesinn ze woen.

(Weider Virstellungen den 1., 2., 3., 10. an 11. Juni zu Hunchereng um 20.00 Auer)