Den däischtere Prënz a seng Akolyten

Den däischtere Prënz a seng Akolyten

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et hat ee jo schonn oft d’Méiglechkeet, den Nick Cave a seng Bad Seeds live op enger Bühn ze gesinn, an et gouf där Momenter och schonn e puer memorabler, wéi zum Beispill, wéi hien dem Blixa Bargeld 1998 um Festival zu Werchter eng Rous tëscht d’Zänn gestach huet bei „Where the Wild Roses Grow“; oder wéi de Concert am Zénith zu Paräis, 2003, wou hien um Ufank alleng „Wonderful Life“ (dat éischt Lidd vum Album „Nocturama“) op engem wäisse Fligel gespillt huet, oder souguer 2004, wéi op engem Concert vun der „Abattoir Blues Tour“ him beim éischte Lidd zweemol de Stroum ëm d’Ouere geflunn ass an de Concert huet missten eng hallef Stonn ënnerbrach ginn.

Et gouf deen Owend am Théâtre Marigny, 2010, wou hie méi aus sengem Roman „The Death of Bunny Monroe“ virgelies wéi Musek gespillt huet, a wann, dann och nëmmen akkustesch. Mee de Concert vun en Dënschden an der Rockhal wäert engem definitiv, wéinst senger rarer Intensitéit, och laang an Erënnerung bleiwen.

Dausende vu Leit roueg gestallt

Ugefaangen huet alles mat engem Aspillen, vum Band, vum Lidd „Three Seasons in Wyoming“, dat den Nick Cave zesumme mam Warren Ellis (dat ass dee Bäertegen an Horege vun de Bad Seeds, deen ëmmer all méiglech Instrumenter spillt, notamment och Gei) fir de Film „Wind River“ komponéiert hunn, an deem ee schonn e Chouer jéimeren héiert wéi e kale Wand (et ass och e Thriller, deen an engem schnéibedeckten a vu Stierm gepeitschte Wyoming spillt).

D’Stëmmung war ugekënnegt an direkt duerno koumen och dräi Lidder vum leschten Album „Skeleton Tree“: eng ganz epuréiert Versioun vun „Anthrocene“, „Jesus Alone“, wou de Refrain – „With my Voice, I am calling you“ –, deen ee scho bal gefaart huet, sou no geet engem dat Lidd, engem laanggezunnen Haule gläicht, wéi dat vun engem blesséierte Wollef, a schliisslech „Magneto“, wat um Album schonn eent vun de méi luese Lidder ass, a wat hei, vu puer minimalen Téin um Piano an op der Gitar begleet, an där riseger Hal op eemol Dausende vu Leit ganz roueg gestallt huet (souguer déi zwee gackernd Fransousen nieft mer kruten op eemol hire Bec clouéiert).

Seele schéine Concert

All Mensch hat d’Häerz am Hals stiechen an eng Siicht, déi ëmmer méi verschwommen ass, während vir op der Bühn deen dënnen ale Mann mat der héijer Stir gesongen (besser nach: gehaucht) huet „In love, in love, I love, you love, I laugh, you laugh/I move, you move/And one more time with feeling/I love, you love, I laugh, you laugh/ I’m sawn in half/And all the stars are splashed across the ceiling“, wéi wann hie sech déi ganz Péng aus de schwaarzen Oderen erauszéien a se zu engem knätschege Knuet zesummendrécken an de Leit dohinnerhale géif. Seele war e Concert sou wonnerschéin an esou schwéier auszehalen anengems.

Ee Gléck kennt een den Nick Cave awer och fir deen euphoreschen, brachialen a kakophonesche Kaméidi, deen hie live opféiere kann, an du koumen och Lidder wéi „Higgs Boson Blues“, „From Her to Eternity“, „Tupelo“ (wou de Mikro och sou oft duerch d’Géigend geflunn ass, datt ee sech gewonnert huet, firwat deen nach net vreckt wier) a spéider och nach „The Mercy Seat“, „Red Right Hand“ an dat wonnerbaart „Stagger Lee“. Puer vun de méi ale Liebeslidder goufen och gespillt, wéi „Into My Arms“, wou den Nick Cave d’Leit souguer zum Matsange krut, a wat engem, no der rauer, geballter Verzweiflung vum neien Album, bal kitscheg virkënnt, „The Ship Song“ an „The Weeping Song“ (allen zwee vum „The Good Son“-Album vun 1990).

No um Publikum

Et war och interessant ze gesinn, wéi no den Nick Cave um Publikum war a wéi vill en dat genoss a gebraucht huet. Net nëmmen huet hien déi meeschten Zäit éierens eng Persoun aus den éischte Reien ugesongen (oder vernannt, wann déi hien erëm just mam iPhone knipse wollt), mee hien ass och duerch d’Leit gaang an huet, bei „Stagger Lee“, och eng gutt 50 Leit op d’Bühn geholl, fir mat hinnen ze danzen (dir hutt bestëmmt all e Kolleg, deen uewe war an et schonn op Facebook gepost huet, kuckt emol no).

Well, jo, dat Rabbelgestell kann nach ëmmer danzen a sprangen a blären an op d’Knéie falen an eng Sekonn drop, wéi beim leschte Lidd, „Push the Sky Away“, vum eponymen Album, ass seng Stëmm erëm duuss an däischter. Et war wéi wann den Nick Cave géif aus der Energie vun de Leit ronderëm hie seng eege Liewenskraaft zéien. Et war ee fuerchtbar gudde Concert. D’Intensitéit ass kee Moment gefall.

Ian De Toffoli

John
12. Oktober 2017 - 16.51

den ganzen daag get een mat Bieber ,Swift an Sheeran schrott bombardeiert ,das een ganz vergesst dat et nach gaaaaanz grous Kenschtler mat Talent an Charisma dobaussen get.