KlangweltenDem Electro schwéier verfall: Nei EP vun Tuys an Airship81

Klangwelten / Dem Electro schwéier verfall: Nei EP vun Tuys an Airship81
Tuys – A Curtain Call For Dreamer

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Airship81 – Inertia
Airship81 – Inertia

„Inertia“ ass déi zweet EP vun Airship81. Hannert dem Numm verstoppt sech de Paul Bradshaw, deen op dësem Projet senger Léift fir sphäresch Sci-Fi-Synthies fräie Laf léisst a sou och un Ryvage erënnert. Et si kuerz Electrotracks, déi de Paul Bradshaw komponéiert huet: Mat Ausnam vun dem Häerzstéck „Alpine“ sinn déi aner Kompositiounen all ëm déi dräi Minutte kuerz – déi immersiv Atmosphär bleift awer bestoen, well d’Songs wéi aus engem Goss klengen. Am Verglach zu der éischter EP „Walkway“ (2019) wierken d’Kompositiounen dës Kéier nach en Tick méi ausgeräift an op de Punkt bruecht, d’Klangbild vun de fënnef Tracks ass homogen an d’EP kéint duerchaus de Soundtrack zu engem Sci-Fi-Film am Genre vu „Blade Runner“ sinn. Logesch ass deemno och, dass d’Tracks u Séileverwandter wéi 65daysofstatic („Starfall“, d’déif Bass-Synthies um Schluss vun „A9a9a9“), déi rezent Placke vun de Vessels („Alpine“), Vangelis (fir d’sphäresch Keyboards) oder och Vitalic („A9a9a9“) erënneren. Wien op der Sich no donkelem, awer liicht danzbarem Electro fir den nächste Lockdown ass, wäert hei op seng Käschte kommen.

Nach laang, éiert d’Gorillaz sech dozou entscheet hunn, keng klassesch Tracks méi, mee Episoden ze verëffentlechen, hat d’Lëtzebuerger Indie-Formatioun Tuys eng änlech Iddi an huet déi eenzel Tracks vun der EP „A Curtain Call for Dreams“ versat a mat Video-Releases erausbruecht. Dass dat net ëmmer no Plang verlaf ass, ass zum Deel der Pandemie geschëlt, dat ännert awer näischt dorunner, dass Tuys mat dëser EP hir bescht, ofwiesselungsräichste Musek verëffentlecht. Den Indie-Funk vu „Papaya“ an den Electro-Pop vun „More Than An Account“ (iwwert d’Virtualiséierung vun eisen Existenzen) dierften dem Lëtzebuerger Publikum scho méi laang bekannt sinn, wat duerno kënnt, vervollstännegt eng EP, déi vun der Freed um Experimentéieren an dem Eklektizismus lieft: „Ketchup On My Knees“ ass musikaleschen Dadaismus, méi substanziell sinn „Jungle“ an „Saturday Night“. „Jungle“ kléngt, wéi wann Natas Loves You mat Mew gejammt hätten, bis an der Mëtt ee Riff, dee ganz däitlech no Mutiny On The Bounty kléngt, de Song nach eemol an eng aner Richtung dréint, „Saturday Night“ kéint mat sengem prominente Bass a senge Gittaren, déi sech iwwert cleveren Dream-Pop leeën, och eng Danger-Mouse-Produktioun sinn. No der EP dierf een op alle Fall gespaant sinn, a wéi eng Richtung sech Tuys weiderentwéckelt. Vum zolitten, e bësse previsibelen Indie-Rock vun hirem Ufank si se op alle Fall wäit fort.

Aiship81 – Inertia E.P.:

Bewäertung: 7/10

Erlauschteren: Starfall, Alpine

Tuys – A Curtain Call for Dreamers:

Bewäertung: 8/10

Eralauschteren: Jungle, Saturday Night, Papaya

T. Initus
9. Juni 2021 - 16.42

Peter Green hat schönere Stücke geschrieben