/ Bullshitbingo: Wisou matlaachen net ëmmer onschëlleg ass
vum Anne Schaaf an Jeff Schinker
Sou zimlech all Land huet op d’mannst ee bekannte Komiker oder Kabarettist, dee vun engem breede Public gefeiert gëtt, well en anscheinend en Nerv trëfft, mat senger Aart a Weis, dat unzeschwätzen, wat an sengem Heemechtsland geschitt a virun allem schifleeft. Zu Lëtzebuerg fënnt notamment de Marc Schmit säit sechs Joer mat senger Show „Schmit Happens“ vill Zousproch. Mä wéi geet dëse Comedian vir, wat schwätzt en un a wat léisst en ewech? A wat seet säin Humor iwwert d’Lag/Laach vun der Natioun aus? Eng Analys.
Humor besteet ënner anerem doran, dass een iwwer Saache laacht, déi eigentlech net witzeg sinn. D’Laache soll kuerzfristeg dobäi hëllefen, besser mat deem kënnen ëmzegoen, wat ronderëm ee geschitt. Jee no Humor kann dat och bedeiten, dass ee sech u sougenannte Randgruppe vergräift. Dëst kann ee Ventil si fir sozial Onsécherheeten oder Differenzen duerzestellen an esou zu méi Akzeptanz féieren – an enger Serie ewéi „Family Guy“ gi pedophil, rassistesch, homosexuell an iwwergewiichteg Figuren uerdentlech op d’Schëpp geholl. De Message ass awer ee kriteschen: Bei „Family Guy“ gëtt trotz apparenter Geschmacklosegkeet duergestallt, wat an der amerikanescher Gesellschaft falsch leeft. Humor kann och eng Form vun demokrateschem Konsens sinn – wa jiddereen dem Laachen zum Affer fält, entsteet eng differenz-iwwergräifend Communautéit.
An deem Sënn mécht de Marc Schmit eigentlech alles richteg: Bei him gëtt (quasi) all Partei (wann och net gläichermoossen) an d’Lächerlecht gezunn, an nieft de sëlleche Schwulen-, Schwaarzen- a Portugisewitzer kritt och de gemittleche wäisse Lëtzebuerger säi Fett ewech. Glécklecherweis huet en dees jo genuch.
Mä déi grouss Fro, déi sech stellt, ass déi vun der Aart a Weis virzegoen – an och déi vum Zil, dat e versicht – nieft dem Laachen –, mat senge Witzer ze erreechen. Déi éischt 20 Minutte vu Schmit Happens sinn dofir stilprägend fir de Recht vum Owend. No knapp enger halwer Stonn kann nämlech hannert all Phobie ee Krop gemaach ginn (d’Checklëscht beinhalt e sëllege Klassiker vu Fraefeindlechkeet iwwer Xeno- bis hin zur Homophobie). Als Ausléiser fir e Witz schéngen also méi dacks Angscht an Onverständnes ewéi de Wëllen, eppes ze änneren, ze fungéieren. Sou stinn d’Eckfeiler vum Hoppen-Théid-Universum vun Ufank u fest. Duerno gëtt sech just nach op dem aremséilege Spillterrain de Ball hin- an hirgepasst.
Firwat dat problematesch ass, frot der Iech?
Ma ënner anerem, well et beim Hoppen Théid an all deenen aneren Personnagen, déi all vum Marc Schmit gespillt ginn, glat a guer keng Distanz zu den erfonnte Figure gëtt. Wou bei enger Figur wéi beispillsweis dem Stromberg stänneg eng Distanzéierung zu respektlose Statements stattfënnt – sief et duerch d’Dréibuch oder duerch d’Spill vum Schauspiller, dee säi Bescht gëtt, seng Figur onsympathesch ze gestalten –, gëtt den Hoppen Théid als eng Aart vulgären, almoudeschen, mä am Endeffekt awer éierlechen, guttmiddege Lëtzebuerger duergestallt.
De Marc Schmit huet souwuel am Interview op dëser Säit souwéi och an engem intressanten Interview vun enger 2e aus dem Lycée Aline Mayrisch zouginn, dass en net wierklech de Besoin huet, eng Distanz zu sengem Alter Ego anzehuelen: „Ich stehe voll hinter dem, was ich sage, auch wenn Hoppen Théid es anders zum Ausdruck bringt als Marc Schmit, aber der Grundgedanke bleibt der gleiche.“
Dobäi kënnt, dass dem Marc Schmit säin Humor iwwerhaapt keng Universalitéit besëtzt, mä sech ausschliisslech un eng ganz präzis Zort vu Leit wennt, déi e mat senge Witzer bedéngt. Eng Schmit-Happens-Show gehéiert zu deene wäisste Momenter, déi een op dësem Planéit ka fannen. Eng Kokain-Party op engem verschneite Bierg tëschent gro-horegen Engelen ass net méi wäiss ewéi dem Marc Schmit säin Humor. Wiem dëst Bild net gefällt, dee kann sech och d’Helene Fischer op schlechtem Crack virstellen.
„Witz kommt raus, du bist umzingelt.“
D’Witzer géint de gemittleche Lëtzebuerger, deen hei am Publikum sëtzt, si vun enger ganz anerer Natur ewéi beispillsweis dem Schmit seng fad homophob Kommentaren, well se explizit dem heterosexuellen, wäissen, zentraleuropäesche Bierger (och nach: White Luxembourgish Catholic Patriot) op d’Mooss geschneidert sinn. Hie ka jo schliisslech net dem „Vollek“ op d’Féiss trëppelen, als deem säi Sproochrouer en sech jo gesäit (Box Nr. 2). Dem Marc Schmit säin Humor schweesst eng sozial Grupp zesummen, andeems en op exklusivistesch Mechanismen zeréckgräift. An dësem Du-versus-Ech-Ënnerscheed deet sech d’Welt vun Intoleranz op, aus där de Schmit seng ruppeg Witzer wéi Onkraut aus dem Buedem erauszitt.
Eigentlech huet Humor jo d’Potenzial, ze entwaffnen: De Woody Allen (selwer Judd) huet eng laangjäreg Traditioun vun antisemitesche Witzer – well wann ee sech den Discours vum Feind appropriéiert, fir en humoristesch ëmzedréinen, da gëtt d’Beleidegung, d’Xenophobie, esou sot schonns d’Judith Butler, entschäerft. Beim Schmit ass dat net de Fall. Wie bei senger Show no engem „deuxième degré“ vum „Witz“ sicht, dee wäert en net fannen – souguer net, wann e rifft: „Witz komm raus, du bist umzingelt.“
Wat ënner anerem doru läit, dass seng Bemierkunge mol net d’Mindestkonditioune vun engem Witz erfëllen. Am Duden gëtt e Witz als „[prägnant formulierte] kurze Geschichte, die mit einer unerwarteten Wendung, einem überraschenden Effekt, einer Pointe am Ende zum Lachen reizt“. Fir dass dëst geléngt, setzt den Duden d’“Gabe, sich geistreich, witzig, in Witzen zu äußern“ esouwéi „Klugheit“ oder och „Findigkeit“ viraus. De Fait, dass mol net usazweis Spuere vun all dësen Elementer an sengen Aussoen ze fanne sinn, schwätzt fir sech, mee net fir hien.
Schlussendlech ass d’Saach, wat d’Method ubelaangt, net esou transparent, wéi ee mengt. An dem Schmit säin Humor och guer net esou harmlos, guttmiddeg, universal an demokratesch, wéi en et virgëtt. Hie mécht zwar de Geck mat allem a jidderengem, mä hannert dëser iwwerflächlecher Gläichberechtegung verstoppt sech eng Rhetorik, déi geféierlech ka sinn.
Do, wou dem Seth MacFarlane seng Figuren aus „Family Guy“ de „Refoulé“ vun der amerikanescher Gesellschaft sinn, ergo hiert schlecht Gewëssen duerstellen, do sinn den Hoppen Théid a Konsorten d’gutt Gewësse vum Lëtzebuerger: Leschtere kritt hei just confirméiert, dass hien am Clibbche vun de WLCP gutt opgehuef ass. Dass et net esou schlëmm ass, iwwert déi aner ze laache – besonnesch wa se homosexuell, weiblech (ergo domm an déck) sinn oder eng aner Hautfaarf oder Nationalitéit hunn. De Marc Schmit appelléiert un déi narzisstesch Dimensioun am Populist. Hien heemelt dem Public säin Ego, andeems en em matdeelt, dass hien net ass ewéi déi aner. Esou geet dann och de leschte WLCP mat enger Gäns heem, zefridden an eenzegaarteg an der Mass vun de Scheefercher. Dës lafen net nëmmen him no, mee hunn zu Lëtzebuerg och nach genuch aner, ähnlech verkommen an dach defteg Wisen, déi se ofgrase kënnen. Amplaz hinne just beim Friessen nozekucken, bitt et sech un, fir vläit eng Kéier e bëssche méi genee iwwert de Nährwert vu sou eppes nozedenken.
Haaptsaach eng Gäns?
vum Anne Schaaf
Scheinbar huet soit de Marc Schmit oder eventuell och déi zwee Hären, déi em bei sengen Texter hëllefen (oder vläit och si drai zesummen?) eng Virléift fir männlech Genitalien. Wou och nëmmen e puer Millimeter Plaz sinn, fir se ze platzéiren, do gi se higeprafft. Sief et fir ze verzielen, dass beim „klenge Mann“ vun der KPL ausser den Hoer soss näischt méi wiisst oder fir iwwert den angeblechen Zesummenhang tëscht groussen Autoen a klenge Begattungsorganer ze sinnéieren (an déi onmoosseg raffinéiert Pointe ze bréngen, dass de Marc Schmit selwer keen Auto huet). Dëse sougenannte „Schwanzlängenvergleich“ zitt sech iwwer bal zwou Stonne, sou dass et quasi onméiglech ass, matzezielen, wéi dacks männlech Geschlechtsmerkmaler (witztechnesch) zum Asaz koumen. Et brauch ee keng Psycho studéiert ze hunn, fir dohannert e Muster ze erkennen, dat op eng ongesond Fixéierung hiweise kéint.
Iwwerhaapt gëtt der Sexualitéit bei dëser Show ausseruerdentlech vill Plaz zougestanen. De Fokus läit dobäi ganz kloer bei der sexueller Orientéierung, déi Männer mat Männer verbënnt. Dementspriechend sinn déi zwee eenzeg Wierder, déi nach méi dacks fale wéi Begrëffer fir e Penis, d’Nimm vun eisem Premier an dem Vize-Premier. Ironescherweis iwwerhuelen déi zwee sou net nëmmen eng féierend Roll op der politescher, mee och op dëser Showbühn, well si sinn de (wann och alles anescht wéi strammen, mee éischter zerknauterten) roude Fuedem bei „Schmit happens“.
Wou de Marc Schmit um Ufank vu sengem Optrëtt zu Wolz vun de Leit aus dem Publikum wësse wollt, weem se eng Stëmm géife ginn, wann e Sonnde Wale wieren, konnt ee sech e klengt Laachen net verknäifen, wou e gefrot huet, wien da „lénks wielen“ géing, fir direkt hannendrun ze schieben, dass et „där“ zevill géif ginn. Dass hien domat net d’Wieler vun „déi Lénk“ gemengt huet, schéngt traureg evident.
Weider goung et dunn mat enger Diskussioun iwwer Walkampf-Gadgeten, wou hien Kappöttercher besonnesch ervirgehuewen huet, op deene steet: „Du bestëmms, wien erakënnt“, fir dann domat weiderzefueren, dass et weder d’Lydia Mutsch nach den Etienne Schneider kéinte sinn.
Spannend ass heibäi, dass d’Dräiergespaan hannert dësen an ähnlechen Zeile sech bei der Preparatioun scheinbar méi mat de Kierperöffnunge vu Politiker beschäftegt huet wéi mat hirer Politik, well déi fënnt guer net oder just um Rand Erwähnung. Kéint et éire sinn, dass se sech domadder besser auskenne wéi mat politischem Contenu?
Falls dat de Fall ass, da sief hinnen déi Expertise vergonnt, mee trotzdem sollt dat net driwwer ewechtäuschen, dass béid Politiker an hir jeweileg Parteien duerch hirt politesch Handelen eng ganz aner Ugrëffsfläch bidden, bei där d’humorvoll Ausernanersetzung dem Bierger wäitaus méi kéint brénge wéi topeg Kommentarer iwwer Ugeleeënheeten, déi weder de Schmit nach de Public iergendeppes uginn.
Fokus op Homosexualitéit
Op wat den Här Schmit eraus wëll, dat bleift dacks oppen. Wuel och fir hie selwer. Dofir schéngt hien, fir dat selwer erauszefannen, sou munche Witz sou laang ze rappen, bis d’Pointe sech ënner all där Folter ergëtt. Dat ass net just op der Bühn, mee och bei senge Sketcher op der RTL-Tëlé esou. Den Hoppen Théid huet beispillsweis souwuel de 16. Mäerz 2015 wéi och den 12. Mäerz 2018 viru Bretzelsonndeg hoergenee dee selweschte Schenkelklopfer presentéiert. En huet sech nämlech gefrot, op da lo de Xavier oder de Gauthier dat Joer misst d’Bretzel kafen. Domat huet en net iergendee Mëssstand an der Gesellschaft opgedeckt (ausser vläit, dass Leit esou wéineg Spannendes ze dinn hunn, dass se sech iwwer sou eppes Gedanken maache mussen), ma vill méi beweist hien domadder eigentlech just, dass em d’Denken ausserhalb vu senger klenger Këscht, an där et anscheinend just frustréiert Hetero-Koppele gëtt, immens schwéier fällt.
Kuerz nodeems en dann bei „Schmit happens“ dem Spautze Marc sain intelligenzallergesche Rosa-Police-Uniforme-Witz – dee scho bei där éischter Kéier net gezunn hat – woodlech opgekacht hat, huet de Marc Schmit misse betounen, hien hätt näischt géint „Schwuler“. Déi wiere jo „wéi du an ech“. Fir dann awer keen zevill mat enger sënnvoller Ausso ze iwwerfuerderen, huet missen hannendru gehaange ginn: „Mee léiwer du wéi ech“.
Opgrond vun der Heefegkeet vu sou Ergëss stellt sech definitiv d’Fro, firwat de Marc Schmit a seng staark Männer hannert em sech esou fanatesch un dëse rouden Fuedem klameren. E bëssen onverhofft muss een dann un eng interessant Etude denken, déi am Journal of Abnormal Psychology verëffentlecht gouf, am Kader vun där Fuerscher erausfonnt hunn, dass beim Kucke vu männleche gläichgeschlechtleche Pornosfilmer nëmmen déi Männer eng Erektioun kruten, déi sech als heterosexuell an negativ duerch homosexuell Interaktiounen tëscht Männer affektéiert fillen.
Homophobie bedeit an éischter Linn eigentlech „eine starke [krankhafte] Abneigung gegen Homosexualität habend / zeigend“, mee hei hu mer et jo offensichtlech éischter mat enger iwwerméisseg staarker Hinwendung zum Thema ze dinn. Fir e bëssen ënnerlechen Drock ofzebauen, deen, wéi et schéngt, bei deenen dräi Häre besteet, wier et vläit sënnvoll, eng vun deenen Institutionen opzesichen, déi laut dem Marc Schmit eigentlech keen hätten opféiere sollen am Kader vun der Spautzegkeet. Professionell Hëllef géif vläit net nëmmen hinnen hëllefen, mee och derart schlecht Witzer verhënneren.
Fleeschbengelersatz
vum Jeff Schinker
Nieft der Inkompetenz vun de Politiker an der méi oder wéineger latenter Xenophobie gëtt duerch d’Figur vum Hoppen Théid sengem Irmchen ee Fraebild gezeechent, dat eis direkt an ee prä-emanzipatorescht Mëttelalter zeréckgeheit. D’Fra ass déck, an och net ganz intelligent.
D’Fra ass e sozialen Dekorum: Et gehéiert zum gudden Toun, eng ze hunn, mä eigentlech ass se zimlech lästeg. Wann dem Hoppen Théid säin Irmche Sport mécht, ass et, fir bei de Bäcker ëm den Eck ze lafen an do sechs Eclairen z’iessen. Tëschent Fussball a Politik bleift awer vrun allem net immens vill Plaz fir d’Fra. Wa se dann awer erwäänt gëtt, gëllt:
Esou wéi den Auslänner ëmmer automatesch ee Fransous ass, esou ass och d’Fra ëmmer just ee Sexobjet. An engem besonnesch mësslongene Passage kommen da konsequenterweis dem Hoppen Théid seng Fantasmen iwwer Vibratore vir.
Den Hoppen Théid kann et nämlech net faassen, dass d’Frae „mëttlerweil dozou stinn, dass si dorop stinn“. An hei kënnt se elo, dem Théid seng gréisst Konzessioun zur sexueller Emanzipatioun: Nodeems hie vun erotesche Lieder-Outfits, déi en u seng Autossëtzer erënneren, schwätzt, stellt hie sech vir, wéi ee Colis, deen de Bréifdréier liwwert an an deem sech een Ersatz-Penis befënnt, ze vibréieren ufänkt. „Ëmmerhin heescht dat, dass d’Batterie matgeliwwert goufen“, spaasst den Hopp mat sengem beandrockende Sënn fir Humor(losegkeet).
Natierlech kann de Vibrator, als Zeeche vun der sexueller Autonomie vun der Fra, just e Rätsel fir e Mann wéi den Hoppen Théid sinn, dee säi Fleeschbengel als Symbol oder lescht Bastioun vun enger phallokratescher Weltvisioun gesäit.
Ëmmerhin huet de Mann no der Livraisoun vum Colis, sou den Théid, méi Plaz op dem Kanapee, fir d’WM ze kucken – wärend d’Fra sech am Schlofzëmmer mat dem „Schwaarze mat den Noppen“ Pleséier gëtt.
A sengem kuerze Passage iwwer weiblech Sexualitéit, an där uerdentlech de Geck mat Fraen, déi Loscht verspieren, gemaach gëtt, sinn d’semantesch Eckfeiler vun der Männlechkeet ni wäit vum (mëllechzege) Schoss:
Et gëtt haaptsächlech vun der WM a vun Autoe geschwat – an domat eng klischeehaft Männlechkeet an d’Liewe geruff, déi di geneesou klischeehaft Weiblechkeet direkt nees an de Schied stellt.
Entpolitiséiert, mä riets
vum Jeff Schinker
Wann een ufanks kéint mengen, de Schmit wier politesch neutral, da falen engem dach eng ganz Rei Elementer op, déi dorop hiweisen, dass deem net wierklech esou ass. D’CSV an d’ADR ginn zum Beispill éischter seelen ernimmt – an dofir och éischter manner an d’Lächerlecht gezunn. Zur ADR gëtt haaptsächlech gesot, si hätten dëse Walkampf „eppes vir“, well se sech jo mam „Holzwee 2050“ zesummegedoen hätten. Wien elo erwaart hätt, dass déi Ausso weider kommentéiert géif ginn, iert sech: De Schmit hëlt direkt d’Kéier: „Niet! Dat soen net ech, mä dat sot de Wiseler.“ A weider geet et mat engem Wiseler-Bashing – wat deen da géif ugoen, einfach emol eng Partei pauschal aus enger méiglecher Koalitioun auszegrenzen. Am Géigesaz zu den Hoppen-Théid-Folgen all Méinden op der Tëlé fënnt hei keen ADR-Bashing statt, a virun allem fält kee Kommentar iwwert de Fred Keup… De Problem läit eventuell doranner, dass de Marc Schmit sech als „d’Stëmm vum Vollek“ gesäit an de Fred Keup sech och op genee déi Rhetorik berifft, fir ze weisen, dass hien dem duerchschnëttleche Bierger seng Interesse verdeedegt. Wouwéinst en eventuellt Verwëschen tëscht Hoppen Théid a Keup kéint stattfannen.
Des Weidere wëll den Hoppen Théid säi Public net vergraulen. A well de Marc Schmit genee weess, dass deen éischter zur rietser Wielerschaft gehéiert, probéiert e wuel guer net, sech op dësem Minen-Terrain ze bewegen. An dem Kontext wierken och déi éiweg Witzwidderhuelungen an déi catchy Singalongs wéi ideologesch Indoktrinéierversich – well se ee Lueflidd op de misogynnen, xenophoben, homophobe Lëtzebuerger sangen.
Um Ufank vu senger Show ginn op Basis vun engem Appell, de Fanger auszestrecken, falls ee fir déi eng oder déi aner Partei wéilt wielen, politesch lénks Parteien direkt ausgegrenzt. Nodeems da Gambia haaptsächlech opgrond vu sengen homosexuelle Politiker parodéiert gëtt, gräift de Schmit op Cover-Versiounen vu Pophits zréck, déi mat neie Songtexter ornéiert ginn, fir een op Demagog ze maachen an ze suggeréieren, dass d’Politiker eis dach all just veraarschen. Dat Ganzt soll d’Kaart vun enger hoffnungsloser politescher Landschaft zeechnen, fir de gudde Lëtzebuerger ze entpolitiséieren. Well awer Walflicht besteet, an am Subtext gewësse riets Parteien net (oder manner) duerch de Schmit’schen Dreck gezu ginn, gëtt esou awer kloer ugedeit, a wéi enge Casen de Wieler seng Kräizercher maache kéint.
L‘étranger
vum Anne Schaaf
Ufanks zielt de Comedian op, wéi eng Journalisten op enger Wal-Lëscht stinn (de Fränk Kuffer feelt jo leider, well en op d’Ersatzbänk verfracht gouf) a mierkt un, dass d’Monica Semedo net bei deene „Schwaarze“ géif matgoen. Wärend een eigentlech hätt kënnen unhuelen, dass eng kollektiv Stëllt asetzt, well jidderee mat sengem „Face-Palm“ beschäftegt wier, huet bal de ganze Public gelaacht. Kuerz drop ginn dann op d’Melodie vun „Uptown Funk“ (dat am Original vum donkelheitege Sänger Bruno Mars gesonge gëtt) Parolen widderholl, déi ee soss éischter vun den däitsche Kollegen, déi sech mat Vulleschäiss auskennen, héiert. Och den Antiamerikanismus an der Show bedéngt sou zimlech all Klischee. Net nëmmen den Trump ass en Idiot, mee direkt déi ganz Natioun, wëll „déi“ e jo schliisslech gewielt hunn. Nach e kuerze Verweis op déi amerikanesch Revolutioun, déi näischt bruecht hätt. Déi Klengegkeet mat der Sklaverei ass effektiv bal net „der Rede wert“… A well de Putin (nach méi) homophob ass (wéi munch aneren) huet hien och méi Kritik verdéngt, sou den Schmit. An den Hoppen Théid an d’Iermche „brauchen keng Päss, well se net an d’Ausland fueren.“ Nët dass nach Witzer mat Informationshannergrond entstinn, gell diert?
E Komiker, Kabarettist oder Humorist, am Mëttelalter den Hofnarr, soll op eng witzeg Manéier op d’Mëssstänn a Politik a Gesellschaft hiweisen. Hien kann sech lëschteg iwwert eng Situatioun maachen, awer ni iwwert e Mënsch. Ët ass besonnesch aarmeséileg de Spott mat Minoritéiten ze maachen a sech op hir Käschten löschteg ze maachen. An déi, déi doriwwer laachen, solle sech emol Gedanke maachen! Wien Humor huet kann och iwwert sech selwer laachen an dann brauche nët mam Fanger op déi aner ze weisen.