So., 5. Dezember 2021



  1. HeWa /

    Ier elo erëm d’Kritiker kommen déi fir d’Villercher fäerten, Dosende Studien hunn erausfonnt, dass 10 Wandenergieanlagen souvill Villercher doutmaache wéi eng Hallef Kaz oder e 6tel Glashéichhaus.

  2. Fränz /

    Wees een wei grouss d’Distanz zu den Wunnhaiser bei desem industriellen Wandpark Projet as ? Zu Wincrange gouf eng 1000m Distanz decideiert, mais den Promoteur huet vun sech äus op 1200m gebaut fir keen Risiko mam Kameidi an ze goen. Zu Deifferdeng sollen op emol 500m largement duer goen fir dei selwech Anlag wei zu Wincrange. Am Äusland gett et honnerten vun Biirgerinitiativen dei créeiert goufen well se den Kameidi net mei äushalen oder Leit krank gin well sou industriell Wandparken einfach ze no bei d’Haiser gebaut goufen. Wei gesäit et hei zu Letzebuerg an dem domaine äus?

    @HeWa et gett awer och vill Studien dei den Geigendeel behapten. Dofir leiwer verstänneg bauen an emmer den principe de précaution respecteieren. Schliesslech bräuchen mir die erneierbar Energien, mais mat verstand fir een Wildwuchs ze verhenneren. Loost eis net vergiessen datt och greisser economesch Interessien dohennert stiechen.

  3. Nomi /

    Hun mer zu Letzeburg net nach een Site wo’u mer kennten een Pumpspeicherkraaftwierk wei‘ zu Viannen obriichten.
    D’Land ass ze kleng fir 100ten vun Wandrieder, mee mir kennten deen am Ausland produzei’erten grenge Stro’um jo speicheren !

    • René Charles /

      @ Nomi : nët nëmmen 100ten. Virun Joren huet een ( Goebel?) virgerechent dass mir fir onsen E-Verbrauch ca 7600 där ‚Dynamoen mat Probeller‘ bräichten.
      Déi mussen mol 4-6 Joer dréien bis se den CO2-Tonnage eranhun deen Hierstellen, Opriichten an Ennerhalt verbraucht huet. Vun Strosse bauen an Betongfundamenter géissen mol ofgesinn.

  4. Negul Egres /

    Et ass wéi emmer, jiddereen hät et gären, JUST NET VIRUN MENGER DIR. tztztztz Ass wéi mam Flughafen, deen get et schon Joer an Dag, all Mensch huet ronderem gebaut an elo ass zevill Kaméidi. Lo muss vir vill Stéiergeld Etüden an anan gemach gin.
    Kann just den Kappreselen. ween welt wessen wéivill Kaméidi se machen deen brauch just iwert d’Musel zefueren an sech bài den Wandpark zesetzen deen do obgericht gin ass oder ob Heiderscheid ze fueren. et nach Platzen wou se stin.

  5. Fränz /

    @Negul Egres
    Ech muss och den Kapp reselen wann ech ären commentaire liesen. Datten esou industriell Anlagen nawell vill Kameidi machen gett vun kengem mei bestridden och net vun denen Promoteuren dei se bauen. Dir kennt jo gären noliesen wat den constructeur vum Wandpark Wincrange gesot huet an wisou hien d’Mindestdiszanz zum Wunngebit vun 1000m op 1200m erop gesat huet. Ech kann Iech et awer gären soen, et as nähmlech weinst dem Kameidi. Dir kennt och gären op Garnech goen an froen wisou d’Leit am Summer Nuets d’Fensteren mussen zou machen. D’Academie de medecine huet och eng ganz interessant Meenung dozou.
    Die erneierbar Energien sin d’Zukunft an sollen och gefördert gin, mais w.e.g. mat verstand an ouni d’Gesondheet vun den Bierger op d’Spill ze setzen. Schliesslech stoungen d’Haiser schon do eier des Wandparken am Süden elo installeiert sollen gin. Aeren Verglach mam Flughafen as dohir och komplett falsch.

    Et as keen geingt Wandparken, mais wann eng Gemeng engem privaten Promoteur op emol den rouden Täppech äusrullt fir datt deen een decken Profit machen kann, dann w.e.g. esou datten d’Menschen net dovun krank gin. Respekteiert dei neideg Distanz an dann as keen Problem, sou einfach as dat. Gesondheet virun Profit oder?

Kommentieren Sie den Artikel