Di., 28. September 2021



  1. Paul Moutschen /

    Gudden Moien Här Siweck,

    et kann een Iech nemmen Recht ginn. Mee well mir awer zu Lëtzebuerg sinn mist een e pur Gedanken opbrengen.

    Ass den Abonnenment – deen jo engem Verkaaf gleichgestallt ass – iwerhapt interessant firt Lieser? Ass et dat wat d’Leit wëllen? Virun allem well jo awer nach Reklamen um Site sinn. An well vill Artikelen do sinn dei een net interesseieren. Annoncen an etc.. Alles fort.

    Ass den gratis Journalismus deen sech durch Reklamen finanzeiert net den besseren Model? Also zumindest bei eis. Den Didelenger Modell funktioneiert mengen ech mol awer gutt.

    Emmerhin ginn et Subventiounen firt Press. Ech fannen dat gutt mee wat domadder gemaach gëtt ass net emmer glecklech. Et muss een nemmen den grousen mat den 3 Buchstaawen liesen fir ze wesen dass een, esougur wann een quasi een Monopol huet, vill falsch maachen kann. Mee dei hunn op manzt an grousem Stil Opmierksamkeet. Dat feelt den klengen Zeitzungen. Dat ass tragesch mee net verwonnerlech. Den Här A….r ass net fir neischt bei den R.L gangen. Do krut heen dei Platform dei heen brauch. An et geet fir beid Seiten op.

    An dann bleift nach ze erwähnen dass menger perseinlecher Meenung no den Lëtzebuerger Journalismus zevill zereckhaalend, net agressiv genuch ass. Fangeren ginn net ant Wonn geluet mee weisen op eppes hinn. Een mei agressiven Jurnalismus mat Recherchen dei ukloen ass baal net ze fannen. Den Här Bump probeiert dat ganz gutt mee op et wirklech opgeet ass net kloer, wuel eischter net.

    Zevill Artikelen ginn einfach akaaft. Leider sinn dat oft dei Bescht. Dat ass natirlech net gutt fir den gudden lëtzebuerger Journalismus.
    Den Lëtzebuerger Bierger sicht seng Informatioun nach emmer vill ander auslännescher Press. Firwat wuel? Majo well dei deitsch, franseich an deelweis och belsch Politik mei diskuteiert gëtt wei eis eegen. Well mei Details bekannt sinn an well et spannend ass. Et ass vleit net dat beschten Beispill fir hei hinn mee op Bild an RTL, dat ass oft dat selwescht. An Bild ass dei meecht geliesen Zeitung bei eisen Noperen.

    Kloer Positiounen – rout, blo, gring, schwarz – sinn bei eis net mei wirklech ginn. Jidvereen fescht a allen Gewässer. Genee wei d’Politik. Dat ass net gutt, denBierger well mei kloer wessen wei sech ween positioneiert. Et geet em mei wei dei traditionel Farw vum Logo.
    D’Layouts op den Siten sinn deelweis wirklech schlecht an Artikelen fannen sech net gutt eröm. Dat ass natirlech och immens perseinlech mee bon.

    An oft ass een och un der Diskussioun ënnert dem Artikel interesseiert an net nemmen um Artikel. Den Sozial Media Beitrag ass jo awer mitlerweil een Deel vun der Kultur dei mir liewen.
    Do mist een vleit mol hingoen an net nömmen dei Beiträg zoulosen dei deelweis ouni Form, Maneieren an just jeitzeech sinn. Een konstrukiven Kommentar – een deen zur Diskussioun beidreit – ass baal neieren ze fannen. Ech liesen vill Zeitung an am L…..l steiert et mech net wann den Grenzgänger een provokativen Kommentar ofgëtt der den Lëtzbuerger Prolet sein rechten Arm ausstreckt. Mee am Tageblatt steiert et mech schon wann den gefillten „Humpejang“ nach seier sein Pefferkär derbei gëtt. Et ginn wuel vill Trolls dei sech ameseieren esou platt wei meiglech eng Diskussioun ze genereieren mee dat zou ze losen ass falsch. Fördert den Niveau vun der Zeitung nett. Mee korrekt Kommentarer ze blockeieren oder net ze publizeieren och net. Dat höllt den Leit loscht partizipativ ze handelen.

    Fir mech ass qualitativen Journalismus haut och eng qualitativ Diskussioun ronderem een Sujet. Journalismus ass haut deelweis och eng Plattform fir Messtänn. Et mecht den Journalismus lebendeg.

    Ech wenschen Iech een schéinen Dag

    Mat leiwen Gréiss

    Paul Moutschen

  2. Ënner normalen Mënschen /

    @Här P.Moutschen
    Gratuléiren Iech fir daat exzellent lëtzëbuergesch an deem Dir ewéi mat“ Kommentieren Sie den Artikel “gefroot , är Meenung soot, déi ech ,( deen am Krich an duerno am Lycéé an spéider wärend senger Arbechtzeit am Ausland keng Gelegenheet haat seng Heemechsprooch gud schreiwen ze léieren ) komplett deelen.
    Éirer Bemierkung waat korrekt Kommentaren fun Lieser berëft déi emool veröffentlëscht , an emool nët gin hängt daat jo fun dem jeweiligen n « Oppasser « oof deen ërem fun sengem staatlëchen « Geldgeber « oofhänbt fir nët „ gehängt“ ze gin . Mengerséits ass daat mir vollkommen egal welch ech dës Rubrick , als Ersatz fir meng fréier ,firun dëm „ ZirKus Corona“ , Bistrots Gespréichpartner betruechten déi ët leider nët méi gët.
    Nach en Kéler , all Achtung fir élren Kommentar an hoffentlëch fällt deen nët an daaf Oueren

    Schéin Grélss fum Blaat‘s Gast ( aus Escher Pierre Claudestrooss, alias B.G-G.B. -Ënner Ons- Patridiot- etc.etc jeweils an Funktioun zum Sujet fum Atrikel.

  3. Wieder Mann /

    Buch und Zeitungen meinen die Digitaljunkies sollte man auf dem Scheiterhaufen der Moderne und des Fortschrittes verbrennen . Als Anhänger dieses verstaubten Medium Buch/Zeitung stelle ich fest , immer mehr Abgänger unserer Schulen einer korrekten Handschrift nicht mehr fähig , das Kuddelmuddel-Gedudel vermischt mit englischen Ausdrücken , neuerdings auch gespickt mit vermeintlich intellektueller Gendersprache ,die Abwege vom guten alten Buch, der guten alten Zeitung verdeutlichen , in einigen Jahren , außer den fixierten Blick auf den Schirm der digitalen Geräte gerichtet, die kommenden Generationen nur noch den Algorithmen der vorgekauten digitalen Bildersprache folgen können.

  4. werner /

    D’Wort ass sou gutt wéi dout.

    Weider näischt wéi Adelegen-Artikel, de Lannenhari planzt a Bam, de Rousewilly deeft eng Rous, dann nach e puer Artikel iwwert Adeleger am 2. Weltkrich, am 1. Weltkrich…
    Haut ass erëm eng net-existéierend ‚Groussherzogin‘ geéiert ginn, e puer Artikelen wou de Juncker vu virun Dekaden lallt, en Zeppelin dee virun 100 Joer verbrannt ass, Fotoe vum Poopst, eng Fotografin déi viru 50 Joer gestuerwen ass, an nach e puer Hetz-Artikelen vun deenen CSV-Maulwierf di se nach net erausgeheit hunn.

    Noriichte si rar ginn, dat do brauch kee Mënsch, a scho guer net meng Steiersuen als ‚Aide à la presse écrite‘ oder wéi et och ëmmer haut heescht.

  5. werner /

    @Wieder Mann

    „Buch und Zeitungen meinen die Digitaljunkies sollte man auf dem Scheiterhaufen der Moderne und des Fortschrittes verbrennen . “

    Die Bäume werden es uns danken.

    „Als Anhänger dieses verstaubten Medium Buch/Zeitung“

    Sie sind Anhänger von allen alten Sachen und Ansichten, das haben wir mittlerweile sattsam mitbekommen.

    “ stelle ich fest , immer mehr Abgänger unserer Schulen einer korrekten Handschrift nicht mehr fähig , “

    Ja, keiner kann mehr einen Rechenschieber bedienen und auch Logarithmentafeln lernt keiner mehr auswendig, das Abendland geht zugrunde.

    „außer den fixierten Blick auf den Schirm der digitalen Geräte gerichtet, die kommenden Generationen nur noch den Algorithmen der vorgekauten digitalen Bildersprache folgen können.“

    Ich nehme an, Sie haben diesen Beitrag auf einer Tontafel geschrieben.

  6. DanV /

    @ Paul Moutschen

    Interessant Iwwerleeungen. Der hutt Iech vill Méi ginn, de Sujet vu ville Säiten ze beliichten.

    Pabeierzeitunge si praktesch ëmmer vu Reklamme matfinanzéiert ginn. Als Abonnent stéiert dat mech net – ausser si sprangen engem online an d’Gesiicht (esou wéi déi fir d’Tageblatt-App am Moment), oder si blénken um Rand, fir vum Artikel ofzelenken. Léiwer Reklamme wéi eng komplett staatlech Zeitung.

    Zum Thema „Artikelen, déi net interesséieren“: Fréier hunn d’Leit hir Zeitung kritt an se komplett iwwerflunn. Haut siche sech vill Leit just déi Artikelen eraus, déi se interesséieren. Déi grouss Gefor dobäi ass, dass d’Allgemengwësse lues a lues méi kleng gëtt an ëmmer méi Leit en Tunnelbléck entwéckelen. Mer gesinn dat dach ëmmer méi: d’Lieser liesen oft nëmmen nach dat, wat se an hirer Meenung bestätegt.

    An ukloen ass d’Funktioun vun engem Procureur, net vun enger Zeitung. E Journalist soll informéieren, net accuséieren. Mee ech ginn Iech recht, dass eis Zeitungen oft zevill iwwerflächlech beriichten. A sachlech Froen un de Journalist, deen den Artikel geschriwwen huet, ginn net beäntwert (gell, Tageblatt). Oft bleift de Lieser frustréiert op sengem Hallefwësse sëtzen. Et ass da schwéier, sech eng eege Meenung ze bilden.

    Zum Thema Troll: et schéngt vill Leit ze ginn, déi einfach nëmme wëlle beleidegen an hire Frust lassginn, ouni eppes Konstruktives zu der Diskussioun wëlle bäizedroen. Dat gehéiert och zur Meenungsfräiheet an ass net der Zeitung hir Schold. Mee do dertëschent sinn awer ëmmer erëm déi Pärelen, déi engem eppes fir z’iwwerleeën matginn.

  7. schullerpiir /

    Den JOURNAL ass verschwonnen. Vermesst kéen. TAGEBLATT géet wuel och esou. An d’WORT huet nach eng Klientel fir Doudesannoncen. Dann bleift net mei vill vin der Dagespress.

  8. Alles nët gudd /

    D’Zeitung a Pobeierform hat an huet emmer nach ee Problem, deem se och nie waert lass ginn: sie bréngt Informatiounen déi vu gëschter oder deels nach méi al sinn.
    Ween intresséiert haut nach wéi den Dax gëschter bewert gouf, daat kann an 24 Stonnen radikal geännert hunn, den 12. September 2001 wor d’Haaptiwwerschrëft de Crash am World Trade Center, do wousst schons déi ganz Welt dovun.
    An zum digitale Deel: Aléng op dëser Säit kréien ech momentan 4 Reklammen ugewisen…….

Kommentieren Sie den Artikel