LeserforumWéi eng Chargen?

Leserforum / Wéi eng Chargen?
 Foto: Gerry Schmit

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Virun ee puer Woche sot de Sportminister, dass, z.B. wat de Lëtzebuerger Fussball an der BGL Ligue ubelaangt, „keng Zuschauer dierfte präsent“ sinn. ’t dierfte just Leit um Terrain sinn, déi „eppes mam Déroulement vum Match“ ze dinn hätten. De Sportminister sot, dass esouguer ee Präsident streng geholl net dierft do ze sinn, ausser heen hätt eppes mam Déroulement vum Match ze dinn: Do mengen ech perséinlech dann ee Platzwart, Speaker, Caissier, Kiné vun der Ekipp,Trainer vun der Ekipp asw. Sou wéit, sou gutt.

Wann ech mär da wéi de Mëttwochowend z.B. de Spëtzematch bei RTL ukucken, da sinn ech verwonnert, wéi vill Leit musse bäidroen zum Déroulement vun engem Match. Do stoungen op de Gradins bestëmmt eng 20-30 Leit ze kucken an op der Saït vun der Tribün awer sécherlech och eng 10-15 Leit. Dat sinn déi, déi ee gesinn huet, mee dem Gejäiz no suzen der och op der Tribün, Polizisten zu zwee an der Unzuel huet een och gesinn an déi hu sécherlech och „selon la règle de l’art“ kontrolléiert, ob jiddereen, deen an der Enceinte wuar, op der Lëscht stoung a wat deem seng jeeweileg Charge wärend dem Match wuar. Also dat Ganzt hat bestëmmt seng Richtegkeet, well soss …. hätten déi jo all net  do gestan, hir Charge auszeüben. Kucken, giff ech mengen, ass jo awer keng Charge, oder? Falls dat dann elo awer Charge sollt sinn, da kéinte jo méi Leit mat engem Abstand vun zwee Meter a mat Mask sou eng Charge iwwerhuelen! Verwonnert sinn ech awer, dass ewell esou vill Personal gebraucht gëtt fir den Déroulement vun engem Match – an enger Zaït, wou keng Spectateuren eragelooss ginn, keng Buvetten op sinn a keng Griller gebraucht ginn.

Mat Spectateuren, déi kucke komm sinn (an dat wuar dunn nach keng Charge), hu  mär zu menger aktiver Zaït op der Grenz ee Match iwwert d’Bün bruet mat vill manner Personal, an duerfir, Dan, gleewen ech och net, dass sech un d’Instruktiounen, déi s du erausginn hues, gehale gëtt.