Bicherserie „Timba“„Weeër a Spueren“ vum Yorick Schmit – eng Geschicht mat Escher Lokalkolorit

Bicherserie „Timba“ / „Weeër a Spueren“ vum Yorick Schmit – eng Geschicht mat Escher Lokalkolorit
Am 13. Band vun der „Timba“-Rei beschreift de Yorick Schmit d’Vergaangenheet vun enger Lëtzebuerger Famill aus dem Minett Foto: Mireille Maas/Kremart Edition

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Weeër a Spueren“ heescht den aktuelle Band aus der „Timba“-Rei vu Kremart Edition – enger Serie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an engem klenge Format. Mat liewegem Toun erzielt den Auteur Yorick Schmit eng wäit zréckreechend Familljegeschicht, där hire Verlaf ëmmer erëm vun der Natur – notamment verschiddene Beem – bestëmmt gëtt.

Den neie Band aus der Rei „Timba“ vu Kremart Edition ass schmuel wéi seng Virgänger – ëmsou méi iwwerrascht den Inhalt, deen net wéineger wéi d’Geschicht vun enger Lëtzebuerger Famill iwwer sechs Generatiounen ëmfaasst. Am Bichelchen „Weeër a Spueren“, geschriwwe vum Yorick Schmit, geet et konkreet ëm e Papp a säi sechsjärege Jong Ben, déi zesummen an de Bësch ginn, fir e Bam ze planzen. Bei där Geleeënheet geet dem erwuessenen Erzieler de Saz duerch de Kapp: „Mäi Stammbam stécht voller Beem.“ Dës Ausso, déi fir d’éischt irritéiert, stellt sech als Motto vun der Erzielung eraus. Iwwert e puer Statioune verzielt de Papp sengem Bouf d’Erliefnisser vu senge Virfueren an der Escher Ëmgéigend – an zwar ëmmer a Bezuch op verschidde Beem, déi eng Schlësselroll am Liewe vun der jeeweileger Persoun ageholl hunn.

Sou fänkt et u beim Erzieler sengem Ururgrousspapp, deen, wéi en op der Flucht virun hongrege Wëllef war, op eng Bich eropgeklommen an du vun engem Blëtz getraff ginn ass. Weider geet et mat der Grousi Léini, déi als jonkt Meedchen dem Nopeschjong ënnert engem Äppelbam begéint ass – dës Begéinung huet de Grondsteen geluecht fir hiert spéidert Bestietnis. Wéi eng Kifer d’Liewe vun der Groussmamm Charlotte gerett huet, gëtt dono erzielt, genau sou wéi d’Geschicht vun der heemlecher Frëndschaft tëschent engem däitschen Zaldot an dem Josi, dem Erzieler sengem Papp. Och bei dëser Anekdot huelen de Bësch, e Bam an Holz erëm eng besonnesch Bedeitung an.

Escher Natur beschriwwen

„Weeër a Spueren“ ass eng flott Kuerzgeschicht, déi sech och dozou eegent, virgelies ze ginn. De Lokalkolorit vun Esch kënnt an de Beschreiwunge gutt eraus, wéi dës Passage däitlech mécht: „Uewen um Hiwwel ukomm hu mir eng rout Moundlandschaft virun eis gesinn – opgetippte Bierger aus brongem Fiels, Kaulen am Buedem, raschteg Schinnen am Bulli … Wou eise Bësch opgehalen huet, hunn d’Terraine vun der Arbed ugefaangen.“ Änlech anschaulech ginn d’Figure beschriwwen, virun allem d’Grousi Léini, déi als zweet Erzielerin d’Wuert kritt an d’Familljegeschicht mat grousser Emphase virdréit.

D’Bildlechkeet vun der Sprooch, déi den Yorick Schmit a sengem Text benotzt, dréit vill zu der Liewegkeet vum Buch bäi – heiansdo schéisst den Auteur domat just iwwer d’Zil eraus. Sou gëtt d’Mier als „de grousse Pull“ bezeechent an d’Bamwuerzelen „wenzele“ sech „wéi d’Äerm vun engem Tëntefësch iwwer den dréchene Buedem“. Dës Duerstellunge schéngen deelweis schwéierfälleg a stéieren de Liesfloss – se si fir d’Verständnis vun der Erzielung an de Genoss bei der Lektür iwwerflësseg. Fir de Recht ass „Weeër a Spueren“ awer e Wierk mat vill Charme, dat sech mat senge 40 Säite bannent vun engem Owend gutt liese léist.

Serie „Timba“ vu Kremart Edition

D’Bicherrei „Timba“ ass déi zweet Serie mat lëtzebuergesche Kuerzgeschichten, déi Kremart Edition lancéiert. Si ass domat den direkten Nofollger vun der Serie „Smart“, déi zréckgeet op d’Joer 2013. D’Iddi hannert béide Serien ass, eng Äntwert op véier Aussoen ze ginn, déi oft gemaach ginn, wann d’Gespréich op d’Liese vu lëtzebuergesche Wierker fält. Dës wieren: „Ech hu keng Zäit, fir ze liesen! Lëtzebuergesch ass schwéier! Bicher mathuelen ass net ëmmer einfach! Lëtzebuerger Bicher sinn ze deier!“
„Smart“- wéi och „Timba“-Bicher si gemaach, fir dem Lieser an dëse Fäll entgéintzekommen. D’Lektür vun engem Buch dauert ronn 40 Minutten, d’Erzielunge sinn an einfacher Sprooch gehalen, d’Bichelcher si kleng a kaschte just e puer Euro (de Präis vun engem „Timba“-Buch beleeft sech op 4 Euro).