Do., 29. Septembre 2022



  1. Jeff /

    Här Goetz – Dir hudd dach bestemmt schonn selwer bemierkt, a matkritt, dass ons Elite de Krich net wëll zu enn bréngen – se wëllen dass Russland verléiert… do sinn déi Mënscheliewen egal !!! Haaptsaach Russland verléiert. Gudd Politik!! An elo ginn mir dohinner gestallt wéi wann ons eng Schwemm méi wichteg wier .,!?!

  2. jung.luc.lux /

    Im Prinzip kann Kunst und Kultur viele Brücken schlagen. Doch auf Brücken mit Russland, Nordkorea, und Afghanistan verzichte ich gerne solange Diktatoren hier das Sagen haben.

  3. JJ /

    Wir gewöhnen uns an alles. Corona,Krieg,Klima. E-Lake,Picadilly,Stausee als Ausgleich ?! Naja.

  4. Robert Hottua /

    [gelöscht]

    ————
    Bitte kommentieren Sie zum Thema. Vielen Dank.

    – Mit freundlichen Grüßen aus der Redaktion

  5. JOHNNY /

    Kriegsmüde?

    Deen Krich ass gewollt
    vun der Säit vun den USA an der NATO.
    Wann de Biden sech op dem Putin sain Wonsch hin mat him un en Dësch gesat hätt an doriwwer diskuteiert hätt dass dUkraine neutral bleift, dann hätte mer de Problem net…

    Mee dUSA huet jo mei dovun wann et Europa schlecht geet, well dann kennen sie hiren Nr.1 Status behalen….
    Wenn 2 sich streiten freit sich der 3te

  6. DanV /

    @ Jeff

    Et sinn net d’Politiker, et sinn d’Ukrainer, déi de Krich wëlle gewannen.

    Wann Der all Dag géift d’Noriichte kucken a liesen, da wéisst Der, dass d’Ukrainer zu kengem Präis wëllen ënner russesch Dominanz falen.

    Si wiere sech verzweifelt, a glécklecherweis och verhältnesméisseg effikass (d’Russe kommen nëmmen a ganz klenge Schrëtt weider), well se wëssen, dass d’Annexioun grausam Konsquenze géif mat sech bréngen.

    Déi russesch Definitioun vun Entnazifikatioun ass „Ausmäerze vun all Fräiheetswëllen“. Dat gëtt ereecht duerch Deportatioun, Prisong, Folter – a Vergewaltegung vun Ukrainerinnen, fir russesch Kanner ze produzéieren.

    D’Duma-Politiker annoncéieren am russesche Fernseh, wat mat den Ukrainer muss geschéien, fir dass se erem „alignéiert“ ginn. Déi Annonce sinn esou irrational a béisarteg, dass engem de Mond opstoen bleiwt.

    Dat alles kéint westlech Propaganda sinn, mee ech gleewen net drun. Ech kann e bësse russesch, a wat russesch Politiker an der Telé vu sech ginn, ass Vergeltungswëllen a blanken Haass op eng Natioun, déi et wot, sech viru Russland net ze ducken.

    Dofir: jo, d’Politiker hoffen, dass d’Ukraine gewënnt. Mee wann d’Ukrainer et net selwer vill méi wéilten, wär de Krich scho laang verluer.

  7. charles.hild /

    Wann ee Familiepapp am Keller eng Raat entdeckt, da seet e sénge Kanner, dass an de nächsten Deeg manner Proviant op den Desch kent, well de Raat alles ugebass huet. Duerno bleiwen zwou Méiglechkeeten: entweder et gewinnt ee sech un dat Déier, oder et kuckt een dass een et esou séier ewéi méiglech lass gëtt.

  8. Jeff /

    @DanV – ennert anerem hunn d‘Kaya Kallas, Antony Blinken an anerer et dach kloer an däitlech zum aussrock bruecht dass keen dat wëll. Wisou liwwert de Westen dann Waffen a féiert keng Friddensgespréicher? Wisou huet de Westen dann net mat de Provokatiounen opgehaalen? Ech kucken och International Medien, och Russech an Ukrainesch, mä hannerfroen se och, a gleewen net dat wat Se wëllen dass mir gleewen sollen.

  9. DanV /

    @ Jeff

    „dass keen dat wëll“
    Wat wëlle Kaja Kallas an Antony Blinken net?

    Wisou de Westen keng Friddensgespréicher féiert?
    Well de Putin dat net wëll.

    Säin äifregste Porte-Parolle huet et jo gesot (an dono erëm séier geläscht):
    Medwedew, Zitat den 02.08. op RTL.lu publizéiert:
    … dass „all Mënschen, déi a Vergaangenheet an der groussaarteger a mächteger UdSSR gelieft hunn, geschwënn nees a Frëndschaft zesummeliewe wäerten“.

  10. Jeff /

    De Medwedew huet nix ze soen – ass jo net vir näischt ofgesäbelt ginn. Den Dimitry Peskov, Sergej Lavrov, Maria Zakharova a natiwrlech de Vova, denen kann a soll ee nolauschteren. A Wat RTL weist, do hun wch meng zweifelen drun. sorry, mä …….

  11. DanV /

    @ Jeff

    De Peskov, dee seet, dass Russland ni en Agressor war? Oder dass d’russesch Arméi net op zivil Zieler schéisst? Naja, Glafwierdegkeet ass anescht …

    De Sergej Lavrov, deen den Dag virun der Invasioun seet, dass d’Truppen un der ukrainescher Grenz just trainéieren? Mer hunn em dach bal all vertraut, mee de Lavrov ass e Verräter! E mëcht op seriö, mee en ass absolut falsch.

    D’Maria Zhakarova, dat e berüchtegte Waffenhändler fir onschëlleg deklaréiert an de Krich domat justifiéiert, dass e Genozid am Donbass am gaang wär?

    Vova kennen ech net.

    De Medwedew a senger Wäinséilegkeet (oder ass et Vodka) platzt ëmmer erëm mat Spréch eraus, déi vun Häerze kommen an de Putin léisst e gewäerden. Dat seet genuch. Anerer wäre scho laang am Prisong gelant.

    A wat RTL ubelaangt: en Zitat bleift en Zitat. Der fannt et ënner anerem och am Newsweek, Merkur, Leparisien…

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos