Fr., 18. Juni 2021



  1. Muller Guy /

    „Frei laufende Hühner entscheiden sich für Käfig Haltung“ hat ech mol irgendwou mol eng Kéier geliess. Awer, d’Réalitéit as secher eng aner. D’Wourecht an Demokratie sinn uerg verbéit gin. Den Diktator huet sech also schon zum Gewenner erklärt ier d’Wahlkommissioun d’Resultater veröffentlecht hat. Hien hätt dat genau sou gut schon Freideg kennen machen. Mat freien an demokrateschen Wahlen hat dat doten neischt ze din. Trotz Manipulatioun sollen dann awer 47,5% net fir den Diktator gestemmt hun. Dat stéiert hien séier wéineg. Awer d’Resultat nach méi verschéineren konnt hien net. An dat wosst hien well en d’Réalitéit genau kennt.
    Ganz schlemm as d’Wahlresultat an Deitschland. D’Wahl-Urnen manipuléieren war jo awer do schon méi einfach. An déi déi hien dann wierklech gewielt hun, hun hieren Landsleit an der Tierkei keen Diengscht erwiesen. Sie liewen an Deitschland an enger Demokratie mat all hieren Rechter an Freiheeten an verwieren hieren Landsleit an der Tiekei dat selwecht.Virwat bleiwen sie dann weider an Deitschland wann hieren Idol doheem amgang as een Schlaraffenland opzebauen.

Kommentieren Sie den Artikel