„Selbstlob …“: Äntwert un d’Madame Reding

„Selbstlob …“: Äntwert un d’Madame Reding
Foto: Editpress

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Nächste Runde der Debatte: Jetzt antwortet Minister Nicolas Schmit (LSAP) auf die Anwürfe der CSV/EVP-Politikerin Viviane Reding.

Vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP)

D’Madame Reding gëtt net fäerdeg, ze widderhuelen, wat si alles kann. Dat ass suspekt. Huet si d’Gefill, datt net jiddwereen dovun iwwerzeegt ass? Och fir Politiker gëllt d’Spréchwuert: Selbstlob …

Si huet vill an Europa geléiert, seet si. Si hat jo och duerfir vill Zäit. 20 Joer, wéi si vum Jean-Claude Juncker dohin aus der Lëtzebuerger Politik verbannt ginn ass. Schued, si hätt sech jo éischter mat all deem Wëssen an d’Lëtzebuerger Politik abrénge kënnen. Fir wat elo eréischt?

Hire Bilan an Europa loosse mer mol op der Säit. Doriwwer wier jo munches ze soen. Dat iwwerloosse mer der Madame Lulling. Awer d’Lektioun, déi si net ophält, ze ginn, dës Regierung géif d’Lëtzebuerger Interessen an Europa schlecht verteidegen, dat kann een net esou stoe loossen. Géint wie musse mir dann déi Interesse vertrieden?

Géint eng Juncker-Kommissioun, déi wéineg Gehéier fir Lëtzebuerger-spezifesch Problemer huet? Hei huet ee besser, aus engem grousse Land ze kommen, da gëtt villes méiglech. E Beispill: de Chômage fir Frontalieren. Frontalierë wëllen dat net, et ass administrativ onméiglech, a wéinst der spezieller Situatioun vu Lëtzebuerg mat 190.000 Frontalierë fir eist Land net praktikabel, ausser mir kommen erëm bei eng ADEM, déi hir Missioun net méi erfëlle kann, esou wéi dat de Fall war no 30 Joer CSV-Herrschaft am Aarbechtsministère. Op déi vill Interventiounen an Argumenter bei der Kommissioun ass bis elo keng seriö Reaktioun komm. Et kann ee jo awer dovun ausgoen, datt de President vun der Kommissioun déi speziell Situatioun vu Lëtzebuerg kennt. Mee esou séier vergiesse CSV-Politiker, wa si zu europäesche Poste kommen, vu wou se hierkommen. Dat ass d’Realitéit, Madame Reding!

 


Zum Thema

DP: „Viviane Reding kann alles – außer Zeitung lesen“
„Sehr verwundert“: So kontert Reding die DP-Vorwürfe

Wahre Monster Jobvermittlung
23. Februar 2018 - 21.20

Ich sehe nur einen möglichen Job für Frau Reding: Päpstin Dies hab ich mir schon länger gedacht..

KTG
23. Februar 2018 - 20.48

Schéi wier et jo, wa se domat och nach e puer Stëmme vun hirer Partei kéint vernichten.

KTG
23. Februar 2018 - 20.47

Was ist denn daran nicht wahr? Die Dame zeigt ihre Nase überall, hat sich seit Ewigkeiten in Luxemburg nicht blicken lassen und protzt dennoch mit Besserwisserei und einer unglaublichen Arroganz. So wie übrigens auch Spautz, Wiseler, Roth und Mischi.

jang_eli
23. Februar 2018 - 16.25

Bei der CSV machen sie sech ët passend: de Frieden wollt keng Oppositiounsbänk drécken, dunn as hie gang a wëllt elo erem kommen. D'Reding wollt Kommissärin bleiwen, blouf jhust d'Europaparlament an elo wellt se an d'Regierung. Wann daat nët an d'Reih geet dann gët erem gemotzt. Wee soot schons "d'Politik ass kee Spill" ... ah jo, de Juncker. Majo dann

Serenissima
23. Februar 2018 - 15.03

Schroeder-Dir sot et, ech well mech ärer Meenung uschléissen, esou eng dichteg Fra misst de Nobel Preis kréien awer a wat fir enger Kategorie: ech gesinn do nëmmen de Friddensnobelpräis oder sollt een eng nei Kategorie aféieren z.B. Aggeblidheet dat géing bei si passen ewéi d'Fauscht op d'AA...

SamB
23. Februar 2018 - 13.50

Kee Wiseler a kee Spautz können d’Madam Reding bremsen, si deet se alleguer schaissen .Ech vergonnen der CSV déi Persoun vu Haerzen.

Laird Glenmore
23. Februar 2018 - 13.31

@Schroeder warum, gibt es einen neuen Nobelpreis für Menschen mit Minderwertigkeits Komplexen. Ich verstehe die ganze Aufregung nicht, jeder unserer Politiker hat Leichen im Keller.

Nomi
23. Februar 2018 - 13.13

So'u ass et !

Stinkt zum Himmel
23. Februar 2018 - 13.10

Viviane Reding soll schön in Brüssel bleiben. Sie macht dort gute Arbeit. Zurück nach Luxembourg wäre eher aus persönlichen Karrièregründen. Politiker sind da das Volk zu dienen.

Hexe
23. Februar 2018 - 12.57

Ech hät leiwer d'Madame Lulling op enger Lescht,well sie as eng ganz charmant Persoun an seet waat sie denkt ouni en Blaat viroun den Mond ze huelen.Obwuel sie 88Joer huet as sie mei clever ewei vill aanerer dei nach nömmen hallef esou aal sin.Vielleicht an hierem nächsten Liewen.....

Serenissima
23. Februar 2018 - 11.54

Ass den Här Schmit net e bësschen irritéiert géingt Madamm Reding well hien selwer jo och esou gären op Bréissel bei d'EU gaangen wär.....? Voulte bien mais ne pouvte pas...?.

Schroeder
23. Februar 2018 - 9.52

Madame Reding ass ze vill wertvoll fir ons Politk. Schloe si fir den Nobelpreis vir. Jos

Mephisto
23. Februar 2018 - 9.19

Auffällig ist, dass Frau Reding sich seit einigen Wochen hierzulande anbietet wie sauer Bier. Entweder langweilt sie sich als EP- Abgeordnete oder sie will in einem Anflug von Torschlusspanik unbedingt noch ein wichtiges Amt ergattern. Ihre Aussage " Ech sinn e Stater Minettsdapp " ist gänzlich unvereinbar mit unserem System der 4 Wahlbezirke. Dann könnte ja jeder dort kandidieren wo er gerade Lust hat.

Mick
23. Februar 2018 - 9.10

manchmal hat ein Minister besser sich nicht zu Wort zu melden! Diese Chance hat dieser Minister schon wieder verpasst!

Palamunitan
23. Februar 2018 - 8.33

BRAVO Haer Schmit - Dir hutt Recht ! Letzebuerg huett bis elo och ouni d'Madame Reding a leitender nationaler Positioun iwerlieft an dei Euphorie dei d'Madame Reding oem hir eegen Persoun kreieren wöll ass esou verdächteg, datt et vlaicht besser ass, esou Persounen NOETT ze wielen.

Scholnier
23. Februar 2018 - 8.31

Häer Schmit dir sot et, jidfer Land sain Trump . D'Madame huet gudd beim US Cowboy opgepasst ,hir PR Manager iwwerdroen den US Stil op dat klengt Letzebuerg, feelen nach just d'Pompon Meedercher an "Luxembourg First". Woubai ech mengen , d'Madame Reding eischter zu " Europe First" tendeiert an den Letzebuerger déi zweet Gei spillt.